Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtsminister Nicolas Schmit verléisst d'Regierung

LSAP

Aarbechtsminister Nicolas Schmit verléisst d'Regierung

Et gëtt e weidere Regierungsremaniement: den LSAP-Politiker Nicolas Schmit hält 100,7-Informatiounen no als Aarbechtsminister op. D'Ost-Deputéiert Tess Burton kéint noréckelen.

auto_stories

2 min

Den Nicolas Schmit verléisst d'Regierung (© Représentation de la Commission Européenne au Luxembourg)

Den Nicolas Schmit wëll als Aarbechtsminister demissionéiere fir kënne Member vum Europäesche Rechnungshaff ze ginn. Dat krut de radio 100,7 a gutt informéierte Kreesser confirméiert. Den Henri Grethen gëtt säi Mandat um Europäesche Rechnungshaff, dat bis Enn 2019 leeft, fräizäiteg op. Dat huet RTL Radio gemellt. D'Regierung géif den Henri Grethen dofir als President vun der Spuerkees proposéieren.

De fréieren DP-Politiker Henri Grethen huet dem Lëtzebuerger Wort confirméiert, datt hie gefrot gouf fir BCEE-President ze ginn an datt hien un deem Posten interesséiert wier. Um Freideg Moien hat den CSV-President Marc Spautz an engem oppene Bréif e Wiessel an der sozialistescher Regierungsequipe an d'Diskussioun bruecht.

Zäitplang hänkt vu verschiddenen Etappen of

Wéi een LSAP-Politiker den Nicolas Schmit an der Regierung ersetzt, ass eisen Informatiounen no nach net definitiv gekläert. En héijen LSAP-Mandataire erkläert, datt nach keng "zilführend" Diskussioune gefouert goufe, well den Zäitplang nach vu verschiddenen Etappen ofhänkt:

  1. Den Henri Grethen muss vun der Europäescher Zentralbank gréng Lut kréie fir BCEE-President ze ginn
  2. Den Henri Grethen muss als Member vum Europäesche Rechnungshaff demissionéieren
  3. Den Nicolas Schmit muss duerch Prozedur goe fir kënne Member vum Europäesche Rechnungshaff ze ginn

Closener Ministesch, Burton Staatssekretärin?

Ee vun den Zeenarien ass, datt déi aktuell Staatssekretärin Francine Closener ee Ministeschposten iwwerhëlt, an datt d'Tess Burton Staatssekretärin gëtt. D'Tess Burton ass bei de Chamberwahle vun 2013 am Wahlbezierk Osten op der LSAP-Lëscht op déi zweet Plaz komm, hannert dem Nicolas Schmit. Dorop ugeschwat, seet d'Tess Burton: "Et gëtt nach näischt, wat ee ka soen".

Den Nicolas Schmit ass zënter 2004 an der Regierung. An de leschte fënnef Joer wollt hien d'Regierung schonn e puer mol verloossen. 2011 war hien an der Course fir Vizegeneralsekretär vun der OECD ze ginn. Dono huet hie mam Gedanke gespillt fir Ambassadeur zu Paräis ze ginn.