Aarbechtsrecht Nach net prett fir déi digital Revolutioun

D'Regierung wëll een digitaalt Lëtzebuerg an eng "drëtt industriell Revolutioun". Mee iwwer déi sozial Komponent vun der neier Economie gëtt nach net verhandelt. Dat soll sech elo änneren, seet den Aarbechtsminister. Fir d'Debatten déi ustinn, war de Sträit tëscht Salariat a Patronat iwwer d'Aarbechtszäit wuel just ee Virgeschmaach.

Pia Oppel

Henckes Schmit Reding.JPG
Foto (v.l.n.r.): Nicolas Henckes, Nicolas Schmit, Jean-Claude Reding

Am Alldag suergt de Smartphone derfir, dass ëmmer méi Leit och no Feierowend E-Mailen beäntwerten a fir hire Patron disponibel sinn. Déi geplangte Reform vum sougenannte PAN-Gesetz iwwer d'Aarbechtszäite liwwert hei nach keng Äntwerten. D'"Recht op Deconnectioun" ass fir den Aarbechtsminister Nicolas Schmit eng Iddi, déi nach misst studéiert ginn.

D'Aarbechtszäit-Modeller iwwert déi am Kader vun der PAN-Reform diskutéiert gouf, wieren déi aus dem 19. an 20. Joerhonnert, seet den Nicolas Henckes. De Generalsekretär vum Patronatsdaachverband UEL mengt awer, dass "dat net d'Zukunft ass, déi op eis duerkënnt". D'Leit géife gär méi flexibel schaffen.

Neit Aarbechtsrecht néideg

De President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding fuerdert, dass d'Beruffschamberen ee Mandat kréien, fir am Detail z'analyséieren, wéi d'Aarbechtswelt sech verännert. Firwat dat nach net geschitt ass, obwuel Lëtzebuerg am Gaangen ass, sech eng digital Strategie ze ginn, konnt den Aarbechtsminister net erklären. Mee déi Analys misst elo gemaach ginn, sou den Nicolas Schmit. En neit Aarbechtsrecht fir dat digitaalt Zäitalter wier néideg.

Digitaliséierung an Automatiséierung bedeiten och eng méi héich Produktivitéit. Déi misst duerch Aarbechtszäitverkierzungen ausgeglach ginn, doranner si sech den LSAP-Minister an de fréieren OGBL-President Jean-Claude Reding eens. Fir den Nicolas Henckes ass dat just laangfristeg eng Optioun.

​An engem Punkt waren déi dräi Invitée sech eens: Datt 40 Prozent vun den haitegen Aarbechtsplazen an der digitaliséierter Economie verschwannen, wéi d'EU-Kommissioun dat seet, wier net ze fäerten. Educatioun a Weiderbildung wieren de Schlëssel fir déi Entwécklung ze meeschteren.

​Sharing Economy: Chance oder Bluff?

Guernet averstan sinn d'Vertrieder vu Salariat a Patronat wann et ëm nei Reegelen fir déi sougenannt "Sharing Economy" geet. D'EU misst ophalen all Innovatiounen direkt z'erwiergen, warnt den Nicolas Henckes. Hie gesäit am Outsourcen vun Tâchen iwwer den Internet ee grousse Virdeel fir d’Betriber. Lëtzebuerg sollt esou Aktivitéiten ënnerstëtzen, well et selwer wéi eng Plattform funktionéiert – an dovunner profitéiert.

"Sharing Economy", dat wier ee Moudewuert an näischt aneres ewéi ee Bluff fir eng Dereguléierung vun den Aarbechtsverhältnisser duerchzesetzen, mengt séngersäits de Jean-Claude Reding. Och an den USA géif een dowéinst elo no Regelen fir Online-Plattformen sichen, déi Freelance-Aarbecht vermëttelen. An och d’Aarbechter selwer géifen ufänke sech géint den internationale Präissdumping ze wieren, deen esou Plattformen erméiglechen.

Den Aarbechtsminister ass iwwerdeems net mat de Proposen vun der EU-Kommissioun averstan, fir déi sougenannt "Sharing Economy" bis op Weideres sou wéineg wéi méiglech ze reguléieren. Online-Plattformen, iwwer déi Noperen hir Haushaltsgéigestänn kënne matenaner deelen, wieren net de Problem. Mee Plattformen, déi professionaliséiert Déngschtleeschtunge vermëttelen, missten encadréiert gi fir eng allgemeng Prekariséierung ze verhënneren.

Rifkin: Ze radikal

Dat steet am Widdersproch zu den These vum Jeremy Rifkin, deen d'Regierung aktuell beim Ausschaffe vun enger Zukunftsstrategie beréit. Den amerikaneschen Economist seet ënnert anerem, datt klassesch Aarbechtsverhältnisser am digitalen Zäitalter verschwannen an dass d'Micro-Entrepreunariat - net d'Salariat - de Modell vun der Zukunft ass.​ Fir den Nicolas Schmit sinn dat "interessant Usätz", mee: "Sou radikal wäert dat net geschéien".

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Dury-2.JPG
Patrick Dury

Als Kompensatioun fir méi laang Referenzperioden, solle Salariéen net just méi Congé kënne kréien, mee eventuell méi Pei, seet de President vum LCGB, de Patrick Dury.

Sharing-Economy
Wirtschaft

Wa sech d'Fournisseurë vun Objeten a Déngschtleeschtungen op Online-Plattformen professionaliséieren, kann dat op Dumping a Schwaarzaarbecht eraus lafen.

Jeremy Rifkin.jpg
Jeremy Rifkin

De Jeremy Rifkin soll eng Strategie fir déi "drëtt industriell Revolutioun" zu Lëtzebuerg ausschaffen. Mee wat bedeit dem US-Economist seng Visioun vun enger nohalteger a komplett digitaliséierter Welt genau? Do ginn d'Erwaardunge wäit ausenaner.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen