Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Asgeir - King And The Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ab 2030 ass den Equiliber a Gefor"

Pensiounen

"Ab 2030 ass den Equiliber a Gefor"

Bis Enn 2017 soll een Aarbechtsgrupp Recommandatiounen ausschaffe fir de Pensiounssystem erëm ze reforméieren. Aktuell géing de System gutt do stoen, seet den Tom Dominique, den Direkter vun der "Inspection generale de la sécurité sociale". Dës Legislatur soll de System net méi reajustéiert ginn. A fënnef Joer géingen d’Cotisatiounen awer net méi duer goe fir d’Depensen se decken, seet den IGSS-Direkter.

auto_stories

3 min

Tom Dominique, Direkter vun der IGSS

D'Rentereserve kéinte bis 2043 opgebraucht sinn. Dat geet ervir aus der rezenter Bestandsopnam vun der IGSS, der "Inspection générale de la sécurité sociale". Aktuell leien d'Reserven nach bei 16,5 Milliarden Euro, heescht et am 65 Säite laangen Dokument. Mëttelfristeg misst de Pensiounssystem awer erëm ugepasst ginn. Fir hir Berechnungen ass d'IGSS vun engem sougenannte Basiszeenario aus gaangen.

Aktuell steet de Pensiounssystem gutt do

D'Gesetz gesäit fir, datt d'IGSS all fënnef Joer eng Bestandsopnam mécht vu den Hypotheese wou de Pensiounssystem drun ass. D'Regierung hat decidéiert fir deen Exercice ee Joer vir ze zéien, fir méi Spillraum ze hu bei der Evaluatioun, seet den Tom Dominique. D'IGSS ass vum Zeenario ausgaangen, deen Eurostat 2013 fir Lëtzebuerg ausgeschafft hat. Deem Entwécklunsgzenario no - virum Horizont vun engem 1,1 Milliounen Awunnerstaat - missten am Joer 2060 100 Versécherter fir 61 Pensiounen opkommen, an d'Rentereserve wieren am Joer 2043 eidel.

A fënnef Joer wäert d'IGSS eng nei Bestandopnam maachen, wou erëm gekuckt gëtt op den Taux de Cotisatioun (vu 24 Prozent verdeelt op d'Assuréen, d'Patronen an de Staat) duer geet fir eng Period vun zéng Joer of ze decken (2013-2022). Der IGSS-Analys no geet deen Taux aktuell duer. Och de legale Kritär, datt d'Rentereserven 1,5 mol iwwert den Depense leien, wär bis 2022 garantéiert.

"Net ënnert Drock" eng nei Pensiounsreform

Et wier awer gewosst, datt wéinst dem Ausbau vum Finanzsecteur an den 80er Joren, d'Zuel vun de Pensionären an de nächste Joren an d'Luucht wäert goen. "Et besteet e Risiko, datt ab 2022 d'Cotisatiounen net méi duer gi fir d'Depensen ze decken." Duerch de System vun de Rentereserve wär dat awer bis 2043 kee Problem, seet den Tom Dominique. Spéitstens dann awer wären déi eidel.

Bis Enn 2017 soll en Aarbechtsgrupp Recommandatiounen ausschaffe fir de Pensiounssystem erëm ze reforméieren. Dës Legislatur soll de System net méi ajustéiert ginn.

Am Rapport vun der IGSS heescht et elo schonn, datt eng Modifikatioun vun de Pensiounsparametere misst envisagéiert ginn - dat bedeit eng nei Pensiounsreform. D'IGSS nennt 3 Punkten:

  1. De Cotisatiounstaux vun aktuell 24 Prozent wäert an d'Lucht goen - dat heescht et muss méi abezuelt ginn.
  2. Soll d'Formel mat där d'Pensioune berechent ginn, nei opgestallt ginn.
  3. De Pensiounsalter soll no hanne geréckelt ginn - de legale Pensiounsalter leit aktuell bei 65 Joer.

Net mat Zifferen Angscht maachen

Engem aneren alternative Krisemodell no, wann de Wuesstem vum Emploi manner klëmmt (a wann et net Richtung 1,1 Milliounen Awunner geet), da kéinten d'Rentereserve schonn am Joer 2035 eidel sinn. Där Entwécklungshypothes no, kéimen am Joer 2060 net méi 100 Versécherter fir 61 Pensiounen op, mee fir 86 Pensiounen. Een Zeenario, deen de Sozialminister net an de Virdergrond gestallt hat bei senger Presentatioun. Et soll een d'Leit elo net mat Zifferen beonrouegen, mengt dozou den IGSS-Direkter.

D'Rentereserven erlaben et, Decisiounen an enger gewësser Serenitéit ze huelen, an net an enger Drock Situatioun.

Aktuell fléisse 46 Prozent vun de Pensiounen un Net-Residenten, ee Prozentsaz deen an de nächste Jore klamme wäert. Dat hätt een Impakt op d'Steierrecettë vun deene Pensiounen. Dem Pensiounsregimm awer wär et egal op Residenten oder Net-Residenten an d'Pensiounskeess cotiséieren an dorausser bezuelt ginn, seet den Tom Dominique. Fir de Pensiounssystem wär de Rapport wichteg tëscht Aktiven a Pensionéierter. Datt an Zukunft d'Halschent vun de Pensiounen an d'Ausland ginn, wär just de Reflet dovun, datt d'Halschent vun de Leit um Aarbechtsmarché Frontaliere sinn.

Zousazpensiounen: keng Alternativ

Den Ausbau vun Zousazpensiounen ass fir den IGSS-Direkter keng strukturell Alternativ zum ëffentleche Pensiounssystem. Zu Lëtzebuerg wier de Sozialsystem gutt opgestallt. Et géing eng Pensioun ausbezuelt ginn, déi un de Revenu gekoppelt wier, deen een a senger Carrière hat. Lëtzebuerg hätt eng Pensioun déi sozial gerecht wär. Déi Parameteren dierft e net an Zukunft a Fro stellen, esou den IGSS-Direkter. Zousazpensioune mat ze berécksiichtege wier net d'Missioun vun enger Sozialversécherung.