Nationalitéitegesetz Accord zwëschent CSV a Regierungskoalitioun

identite.jpg

D’Regierungsparteien an d’CSV si sech eens ginn iwwert eng Reform vum Nationalitéitegesetz, déi den Accès zur Lëtzebuerger Nationalitéit méi breet mécht. Dat ass de radio 100,7 a politesche Kreesser gewuer ginn.

D'Residenzklausel soll vu siwen op fënnef Joer limitéiert ginn. Nodeems e fënnef Joer hei am Land gewunnt huet, kéint en Net-Lëtzebuerger also d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien nodeems en d'Prozedur vun ënnert anerem Sproochecourse mat Sproochentest absolvéiert huet. 

Vereinfacht Konditioune gëllen e.a. an dëse Fäll: 

  • Wien an Zukunft hei am Land gebuer gëtt, soll vun 12 Joer un d’Nationalitéit ufroe kënnen, wann e fënnef Joer virun der Demande hei am Land gelieft huet.
  • Wien zu Lëtzebuerg gebuer gouf a viru sengem 18. Liewensjoer fënnef Joer laang am Land gelieft huet, soll d'Lëtzebuerger Nationalitéit automatesch kréien. 
  • En Net-Lëtzebuerger, deen 20 Joer hei gelieft huet, soll an Zukunft just e Civiques-Cours maache musse fir d'Nationalitéit unzefroen.

Den Accord orientéiert sech gutt informéierte Sourcen no gréisstendeels un der Gesetzespropositioun vum Claude Wiseler. Den CSV-Fraktiounschef huet virun engem Joer, am Virfeld vum Referendum iwwer d’Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger, eng Reform vum Nationalitéitegesetz proposéiert. De Justizminister Felix Braz huet viru fënnef Méint en Avant-Projet de loi deposéiert, dee méi wäit gaang ass wéi der CSV hiren Text.

Mam Accord, deen elo fonnt gouf, huet de Justizminister Felix Braz der CSV hir Virschléi gréisstendeels iwwerholl. Dem Felix Braz säi Virschlag, fir d’Nationalitéit no enger Residenz vun aacht Joer opzemaachen, mat engem Sproochecours, mä ouni Test, ass zum Beispill vum Dësch.

Den Text soll dëse Freideg dem Regierungsrot virgeluecht ginn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen