Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kasabian - Heroes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord zwëschent EU a Groussbritannien

Brexit-Deal

Accord zwëschent EU a Groussbritannien

"Deal!" Zu Bréissel gouf et um EU-Conseil een Accord tëscht der EU a Groussbritannien. No intensiven Diskussioune si sech d'Staats- a Regierungscheffen iwwert een Text eens ginn. Deen Accord soll dem britesche Premier David Cameron déi Garantie ginn, déi hie gefuerdert hat fir seng Landsleit z'iwwerzeegen. Den 23. Juni stëmmen d'Briten of, ob si an der EU wëlle bleiwen.

Carole Schimmer / ys

auto_stories

3 min

©Bigstock / badboo

Um Treffe vun den EU-Staats- a Regierungscheffe war et kloer: Si géifen mat engem Accord ausernee goen. Dowéinst ward’Treffen nach verlängert ginn.

De britesche Premier David Cameron war ganz zefridden iwwert de Kompromëss: "Menger Meenung no ass dat hei genuch, fir datt ech ka recommandéieren, datt Groussbritannien an der Europäescher Unioun bleift."

Sträitpunkt Sozialleeschtungen

Een ëmstriddenen Dossier betrëfft d’Sozialleeschtunge fir Migranten, déi a Groussbritannie schaffen. Am Accord vu Bréissel ass eng Zort Noutbrems virgesinn, fir de Fall wou vill EU-Bierger beieneen a Groussbritannien ukommen. 

Sozialleeschtungen, wéi Sozialwunnengen a Loun-Subventioune kënne véier laang Joer reduzéiert oder gestrach ginn. Dës Reegelung däerf nëmme bannent siwe Joer applizéiert ginn. Den David Cameron hat 13 Joer gefuerdert. A fir Migranten, déi schonn an Groussbritannie schaffen, gëllt dee Prinzip eréicht vun 2020 un.

Kee Vetorecht bei Gouvernance economique

En anere Punkt am Accord concernéiert d’Eurozon an d’Gouvernance economique. Do krut den David Cameron net d'Vetorecht, wat hie gefuerdert hat. Den Europaparlamentspresident Martin Schultz ënnersträicht, datt een net op ee kohärenten, europäesche Bannemaart kéint insistéieren, a gläichzäiteg bei der Iwwerwaachung vun de Banke verschidde Systemer hunn.

Och fir Lëtzebuerg wär de Punkt vun der Gouvernance economique extrem wichteg. D'Conditioune misste fir jiddereen déi selwecht sinn, esou de Premier Xavier Bettel.

Oppositioun an eegene Reien

Den David Cameron huet zu Bréissel een Accord kritt. Elo geet et a Groussbritannien ëm d'Fro: Stay in or leave...? An der EU bleiwen oder austrieden?

Den David Cameron huet a senger Heemecht d'Charge z'iwwerzeegen. Do kritt hie Géigewand aus den eegenen Reien. De Buergermeeschter vun London, de Boris Johnson, huet sech laang net geäussert iwwert seng Positioun zum Brexit. Schlussendlech huet hien e Sonndeg den Owend  annoncéiert, datt hie fir ee Brexit wëllt plädéieren. De Boris Johnson ass bei de Brite ganz beléift. Seng Positioun wärt een determinanten Afloss op déi ganz Campagne hunn. Fënnef Regierungsmember hu sech fir de Brexit ausgeschwat, dorënner de Justizminister Michael Glove, een enke Frënd vum David Cameron.

Och bannent der Labourpartei, ginn et divergent Positiounen. Ee Grupp "Vote leave" gouf forméiert, zesummen mam Millionnaire John Mills. Hien ass ee vun de gréisste Geldgeber vun der Labourpartei.

Fir de Brexit ass och déi euroskeptesch a rietspopulistesch UKIP-Partei, déi  bei de leschten Europa-Wahle 27 Prozent vun de Stëmme krut.

Dat britescht Parlament kennt um Méindeg zesumme fir iwwert den Accord an de Referendum ze diskutéierten. Den 23. Juni stëmmen d’Briten doriwwer of, ob si wëllen an der EU bleiwen.