Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR an Déi Lénk si sech bei Sprooch net eens

Nationalitéitegesetz

ADR an Déi Lénk si sech bei Sprooch net eens

D’ADR akzeptéiert keng "Verwässerung" vun der Sproochekonditioun, sou wéi se an der geplangter Reform vum Nationalitéitegesetz virgesi wier. Déi Lénk fäert, datt den “droit du sol”, deen agefouert soll ginn, an der politescher Debatt nees ofgeschwächt gëtt. D’Deputéiert Roy Reding (ADR) a Serge Urbany (Déi Lénk) hunn am 100,7-Studio iwwert dem Justizminister Felix Braz säin Avant-projet de loi diskutéiert.

auto_stories

3 min

Serge Urbany (Déi Lénk), Roy Reding (ADR)

Den Text vum grénge Minister Braz gesäit vir, d'Konditiounen, fir Lëtzebuerger ze ginn, ze vereinfachen. A graffen Zich: D’Residenzdauer soll vu bis elo siwen op fënnef Joer erof gesat, den “droit du sol” agefouert an den Niveau vun den néidege Sproochekenntnisser gelackert ginn.

Reding: Lëtzebuergesch muss ee verstoen a schwätze kënnen 

D’Alternativ Demokratesch Reformpartei seet sech kompromëssbereet wat d'Residenzklausel betrëfft - d'ADR kéint souguer mat 3 Joer liewen. Als “net akzeptabel” bewäert d’Oppositiounspartei dogéint déi nei Bestëmmungen a Punkto Sprooch. “Een, deen net Lëtzebuergesch verstoe kann an net Lëtzebuergesch schwätze kann, kann net Lëtzebuerger ginn”, sot de Roy Reding.

Datt en Auslänner, fir d’Nationalitéit ze kréien, a bestëmmte Fäll nëmmen eng vun dräi offizielle Sprooche muss kennen, geet dem ADR-Deputéierten net duer. Lëtzebuergesch als Nationalsprooch ass fir hien zentral. De Niveau, sou wéi e bis elo nach beim Sproochentest verlaangt gëtt, wier “ee Minimum”. Fir de Roy Reding mussen d’Kandidate fir d’Nationalitéit eng normal Konversatioun verstoen a féiere kënnen, oder och verstoen, wat an der Chamber geschwat gëtt. Dat selwescht misst fir déijéineg gëllen, déi d’Nationalitéit kréien, doduerch datt se Lëtzebuerger Virfahren hunn, präziséiert den ADR-Politiker op Nofro vu sengem Diskussiounspartner vun Déi Lénk.

Urbany: Zesummeliewe wëlle méi wichteg wéi Sproochekenntnisser

Fir de Serge Urbany geet dem Felix Braz säin Avant-projet de loi “absolut an déi richteg Richtung”, e wier eng “gutt Basis fir déi Diskussioun ze féieren”. Den Deputéierte vun Déi Lénk begréisst, datt den Text besonnesch deene Leit entgéint kënnt, déi sech aus sozio-kulturellen Ursaache schwéier dinn, Lëtzebuergesch ze léieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch, als Viraussetzung fir d’Nationalitéit ze kréien, géif seng Partei net a Fro stellen. D’Sprooch wier awer net dee wichtegsten Aspekt. D’Nationalitéit, an doriwwer eraus d’Natioun, wier “virun allem och geprägt vu Leit, déi zesumme liewen a wëllen zesummeliewen”, sou de Serge Urbany.

Am Géigesaz zur CSV hu weder d’ADR nach Déi Lénk genuch Gewiicht, fir an der Fro vun der Nationalitéit d’Majoritéit an der Chamber kënnen ze beaflossen. Obwuel d’Regierung annoncéiert huet, ee Kompromëss mat all de Parteie wëllen ze fannen, géif fir d’ADR den eegene Parteiprogramm zielen, sou de Roy Reding. D’Regierung misst virun allem “ee Kompromëss mam Lëtzebuerger Vollek fannen”. Hirersäits géif Déi Lénk fäerten, datt “wiesentlech Elementer vum ‘droit du sol’ erëm erausgeholl ginn, déi eis awer wichteg sinn”, sot de Serge Urbany.

De Rick Mertens huet den Debat tëschent dem Roy Reding an dem Serge Urbany vum 9. Oktober moderéiert.