Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Weibëschof: Bannent der Kierch de Moment keen Thema"

Riicht Eraus

"Weibëschof: Bannent der Kierch de Moment keen Thema"

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich weess näischt vun engem Weibëschof, dat sot hien an der Emissioun Riicht Eraus. Bannent der kathoulescher Kierch wier dat de Moment keen Thema. Tëscht Bistum a Syfel ginn et wéinst der neier Conventioun mam Staat Tensiounen, sou eng weider Ausso. Méi wichteg wéi d’Kierchegebaier wier et eng lieweg Kierch ze behalen, esou den Äerzbëschof.

auto_stories

5 min

Äerzbëschof : Déi Leit, déi vum Räichtum vun der Kierch géife schwätze, missten him "soe wou déi Mouke leien"

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich weess näischt vun engem Weibëschof, dat sot hien an der Emissioun Riicht Eraus. Hie kéint mat senge ville Chargen zwar ee Weibëschof gebrauchen, mee ob ee géif kommen oder net, déi Fro misst een dem Radiossender RTL stellen, deen dovunner geschwat hätt. Hie selwer hätt ni gesot, datt hien ee Weibëschof géif kréien an den Ament wier dat bannent der kathoulescher Kierch och keen Thema, esou de Jean-Claude Hollerich. De Lëtzebuerger Äerzbëschof ass President vu Justice et Paix Europa a vun der Kommissioun iwwert Auslandspolitik vun de Bëscheef an der EU, do géif vill Aaarbecht ufalen.

Tensiounen tëscht Bistum a Syfel an Inneminister

Ee weidere Sujet a Riicht Eraus waren d’Tensiounen déi et bannent der Kierch ginn. Esou Tensiounen géifen et virun allem mam Syfel, dem Daachverband vun de Kierchefabriken ginn. Den Äerzbëschof betount an deem Kontext, datt een eng Kierch géif brauchen déi an d’Zukunft kuckt. Et kéint een och net just op d’Strukture vun der Vergaangenheet kucken. "Méi wichteg wéi d’Kierchegebaier ass et, eng lieweg Kierch ze behalen", sou den Äerzbëschof.

Desweideren géif et awer och Tensiounen mam Inneminister iwwert d’Verhandlungen ëm d’Kierchegebaier ginn, sou eng weider Ausso. An de Verhandlungen iwwert d’Kierchegebaier ass den Äerzbëschof net averstanen domadder, datt Gebaier déi der Gemeng offiziell gehéieren direkt un d’Gemenge ginn. Dat wier an de Verhandlungen net esou festgeluecht ginn. Vill Leit hätte fir d’Kierchegebaier gespent, an déi géifen der Kierch gehéieren, esou de Jean-Claude Hollerich. Dowéinst wier nach Konfliktpotential mam Minister Dan Kersch do.

D’Iddi fir de Gemengen d’Kierchen z’iwwerloossen a laangfristeg Locatiounskontrakter mat der Kierch ofzeschléissen, leent den Äerzbëschof of, wëll een net kéint am Viraus gesinn ob déi Kontrakter agehale ginn.

"Wou déi Mouke leien"

A punkto Finanzen, géif hien sech Suerge maachen, datt dee Spezialfong dee vun nächstem Joer un soll funktionéieren, net genuch Mëttel hätt fir d’Kierchen z’ënnerhalen. D'Bild vun der räicher Kierch wier definitiv "ee Mythos", sou de Jean-Claude Hollerich. Déi Léit déi vum Räichtum vun der Kierch géife schwätzen, déi missten him soe "wou déi Mouke leien, d’Kierch kéint déi gebrauchen".

Wat de sozialen Engagement vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ugeet, sou huet den Äerzbëschof d’Aktioun “Reech eng Hand” fir d’Begleedung an d’Integratioun vu Flüchtlingen als ee grousse Succès ervirgestrach. 200 Benevoler wieren an der spezieller Formatioun ageschriwwen, déi de Bistum an d’Liewe geruff huet.

Pädophilie: An engem Fall gëtt op de Prozess gewaart

"Et dierf näischt ënnert dem Teppech gekiert ginn", dat sot de Jean-Claude Hollerich zum Kampf géint d’Pädophilie. All Fall deen dem Äerzbëschof bekannt ass, gëtt dem Procureur gemellt oder den Täter gëtt gefrot, dat selwer ze mellen. An engem Fall géif de Moment op de Prozess gewaart ginn.

Déi kathoulesch Kierch wier allerdéngs keen Tummelplatz vu Pädophilen. Si wiere vläit déi éischt déi domat géifen opraumen. De Jean-Claude Hollerich hofft, eegenen Aussoe no, datt dat och op Schoulen, Sportsveräiner a Jugendorganisatiounen ee gudden Afloss huet.