Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - Cousin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerdriwwen

Affaire Bettel-Kemmer

Iwwerdriwwen

De Xavier Bettel huet Feeler gemaach. Als Member vun enger Enquêtekommissioun Zeien doheem ze empfänken an déiselwecht Kommissioun net ze informéieren war esou ee Feeler. Mä dat ännert näischt um Fong vun der SREL-Affaire, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar zu der Affaire Bettel-Kemmer.

auto_stories

5 min

"D'CSV huet wéi et schéngt d'Decisioun geholl, dovun ze profitéieren, datt de Xavier Bettel méi generell geschwächt wierkt"

"Wann alles stëmmt, dann...", sou huet den CSV-Fraktiounschef gëscht vill vu sengen Aussoen ugefaang. Dobäi ass bal alles gewosst: de Xavier Bettel huet zouginn, den André Kemmer am Dezember 2012 getraff ze hunn; de Xavier Bettel huet e puer Méint gebraucht fir ze realiséieren, datt dat kéint e Problem ginn, an hien huet am Abrëll 2013 aus der Enquêtekommissioun demissionéiert, ouni den Deputéiert vun den anere Parteien an der Enquêtekommissioun ze soen, firwat.

Dat Eenzegt, wat zum Zäitpunkt vun der CSV-Pressekonferenz gëscht nach net gewosst war, ass, ob de Xavier Bettel am Dezember 2012 wierklech zum André Kemmer sot, sou wéi d'Lëtzebuerger Wort dat gemellt huet: "Et geet net méi mam Juncker" a "Lee däi Kapp a Rou, Dir geschitt schonn näischt". An Tëschenzäit huet de Xavier Bettel net ausgeschloss, datt hien d'Ausso "Et geet net méi mam Juncker" wierklech kéint gemaach hunn. 

Net ubruecht, Zeien doheem ze empfänken

Wann dat also alles stëmmt, dann... jo, dann huet de Xavier Bettel e Feeler gemaach. Hien hätt den André Kemmer deemools direkt sollen heem schécke, wéi dee mat engem gemeinsame Bekannte bei him ugeklappt huet. Als Member vun der Enquêtekommissioun ass et net ubruecht, d'Zeie bei sech doheem z'empfänken, a scho guer net, wann de Rescht vun der Kommissioun näischt dovu weess. A wann een et den Ament selwer falsch aschätzt, da misst een op d'mannst séier dono jiddereen an d'Bild setzen a seng Konsequenzen zéien. De Xavier Bettel huet dat alles net gemaach, an dat muss een him haut virwerfen.

Dës Regierung wollt d'Fënsteren oprappen, méi helleg si wéi de Poopst, mä mir mierken dacks, datt si hir eegen Annoncë selwer net besonnesch eescht hëlt. Mä dowéinst eng Demissioun vun engem Premier ze verlaange, wann ee selwer als Partei méintelaang, no risegen Dysfunktionnementer am SREL, dat Wuert "Demissioun" net an de Mond huele wollt, ass iwwerdriwwen.

SREL an aner Affairen net just politesch Spillereien

D'CSV weess dat méiglecherweis, mä si huet wéi et schéngt d'Decisioun geholl, dovun ze profitéieren, datt de Xavier Bettel méi generell geschwächt wierkt. Dat ass e politescht Spill, grad sou wéi gewosst ass, datt och d'SREL-Affaire fir verschidden Oppositiounsdeputéiert e politescht Spill war. Dem Xavier Bettel haut e Stréck doraus ze dréien, datt hien Enn 2012 soll gesot hunn: "Et geet net méi mam Juncker", ass Hypocrisie. Jidderee weess, datt et net all Oppositiounsdeputéiert ëm d'Saach gaang ass, an datt Verschiddener dovu gedreemt hunn, d'CSV-LSAP-Regierung kéint iwwer dës oder aner Affairë falen. 

Mä opgepasst : dat heescht net, datt d'SREL-Affaire oder Wickreng-Léiwéng oder d'Bommeleeër-Affär just politesch Spillereie gewiescht wieren, déi dozou gedéngt hätten, d'Regierung Juncker ze stierzen. Dat ass genau déi Impressioun, déi och a verschiddene Medien an de leschten Deeg ënnerschwälleg opkomm ass, mä déi nu wierklech näischt mat der Realitéit ze dinn huet.

Net just de Xavier Bettel ass dorop era gefall

Et goufen eescht Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht, virun allem duerch d'Medie si vill Fakten op d'Tapéit komm, an d'Enquêtekommissioun ass deenen Informatiounen dacks just hannendru gerannt amplaz selwer Acteur ze sinn.

Leit wéi de Xavier Bettel hunn eigentlech net vill dozou bäigedroen, d'SREL-Affaire opzedecken, an dofir sollt een haut net sou maache, wéi wann hie mam André Kemmer ënnert enger Decke gestach hätt. Souwisou hunn déi fréier SREL-Missetäter net just probéiert de Xavier Bettel an hire Bann ze zéien, mä och Journalisten an aner Politiker. An net just de Xavier Bettel ass dorop era gefall.