Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ambulanz oder Helikopter?

Rettungswiesen

Ambulanz oder Helikopter?

Bei engem Accident muss séier decidéiert ginn, ob eng Ambulanz oder ee Rettungshelikopter op d'Onglécksplaz kënnt. Den 112 kritt en neie Computer-System, dee bei där Decisioun soll hëllefen.

Pierre Reyland / ys

auto_stories

4 min

©Luxembourg Air Rescue

De 6. Dezember 2015 war op der N12 am Eisléck e schwéieren Accident geschitt. En Auto war an e Bam gerannt an zréck op d’Strooss geschleidert ginn, wou en um Daach leie blouf. De Chauffeur gouf schwéier blesséiert an am Auto ageklemmt. Den 112 huet de SAMU-Dokter vum Centre Hospitalier du Nord CHDN zu Ettelbréck mobiliséiert. Deen Dokter huet dunn déi kontrovers Decisioun geholl, net mam Rettungshelikopter vun der Air Rescue, mä mam SAMU terrestre, also iwwert d’Strooss, op d’Onglécksplaz ze fueren. Dat war 43.5 Kilometer vum CHDN ewech. Dës Decisioun huet déi fir vill Diskussioune gesuergt.

D’Elizabeth Heisbourg, Directrice-Adjointe vun der Santé seet, et géife glécklecherweis just an Eenzelfäll falsch Decisioune geholl ginn. "Och déi Eenzelfäll wëlle mir evitéieren. Mir sinn och confient datt d'SAMU-Dokteren an d'SAMU-Coordinateure mat un engem Strang zéien. Well si hunn d'Responsabilitéit, wa si net déi gutt Decisioun huelen."

Einsatzleitsystem

Fir ze verhënneren, datt falsch Decisiounen iwwert d’Asazmëttel geholl ginn, gëtt beim 112 e komplett neie System implementéiert. Mat engem sougenannten "Einsatzleitsystem" (ELS) kann den Operateur d’Onglécksplaz geographesch vill méi präzis lokaliséieren. De System determinéiert, wéi ee Rettungsmëttel am séiersten op der Plaz kann intervenéieren.

Den Direkter vun der Administration des Services de Secours, Paul Schroeder, erkläert, datt déi endgülteg Decisioun awer, bis op weideres, beim Operateur, respektiv beim Dokter vum SAMU bleift. De Computer géif d'Zäit berechnen, déi déi verschidden Transportmëtel bis op d'Plaz brauchen. D'Decisioun misst awer ee Mënsch huelen.

De President vun der Luxembourg Air Rescue seet, et géif héich Zäit ginn, datt Lëtzebuerg esou ee System géif kréien. De René Coster hofft: "Datt deelweis d'Iwwerliewe vun deem engen oder aneren Noutfallpatient net méi vum gudden oder schlechte Wëlle vun engem Dokter ofhänkt." D'Luxembourg Air Rescue, bedreift d’Rettungshelikopteren.

Problematesch Dokteren

Och wann den neie System den Dokteren et vereinfache soll, déi richteg objektiv Decisioun iwwert d’Asazmëttel ze huelen, bleiwe Bedenken. De René Closter ënnersträicht, datt 99 Prozent vun den Dokteren eng exzellent Aarbecht um Terrain géife leeschten. Et géif dräi Problemfäll ginn: "Zwee an der Stad an een zu Ettelbréck notamment, déi systematesch refuséieren dee schnellste Moyen de Transport ze huelen."

No där ëmstriddener Decisioun vum Dokter am Centre Hospitalier zu Ettelbréck wär sech och d'Santé dem Problem bewosst. D’Elizabeth Heisbourg betount, datt de Rettungshelikopter eng integral Komponent vum SAMU-System wär. Dofir kéint an deem System keen Dokter sinn, dee prinzipiell net mam Helikopter wéilt fléien. D'Gesondheetsministesch hätt d'Dokteren un hir Responsabilitéiten erënnert.

Iwwerganksphase

Mee domatt ass d’Diskussioun net um Enn. D’Prioritéit ass fir d'éischt deen neien Einsatzleitsystem. Dee gouf schonn um Back-Up System vum 112 installéiert. D’Operateuren ginn den Ament do ausgebilt. Den Direkter vun der Administration des Services de Secours rechent domat, datt de System Enn 2016 kann a Betrib geholl ginn.

Am Gesondheetsministère schwätzt d’Directrice Adjointe vun enger Iwwergangsphas. Ob d’Decisioun iwwert den Asaz vun der Ambulanz oder dem Rettungshelikopter och no der Aféierung um neien ELS laangfristeg nach beim Dokter bleift, ass nach net decidéiert. Doriwwer wéilt een a Rou decidéieren, wann de System bis operationell wär. Zu deem Zweck organiséieren d’Ministère vum Intérieur an der Santé zesummen eng Table Ronde fir matt alle concernéierte Servicer iwwert de Fonctionnement an d’Responsabilitéiten am System vun den Urgencen ze schwätzen an eventuell weider Ännerungen ze decidéieren.