Radioen

On air

Tockcity  |  Paul Wetz - Ode An Den Bass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An Europa gouf trotz Verdacht net enquêtéiert

Dieselgate

An Europa gouf trotz Verdacht net enquêtéiert

Zanter dem September 2015 ass gewosst, datt VW bei Emissiounstester gefuddelt huet. Och Autoe vun anere Marken depasséieren d'Limitte vun bei wäitem. Lassgetrëppelt gouf dee sougenannten Dieselgate duerch Investigatiounen an den USA. An Europa hunn d'Autoritéite keng entspriechend Enquêtë lancéiert. Intern Dokumenter weisen elo, datt et awer duerchaus de Verdacht gouf, datt net alles an der Rei wär.

auto_stories

4 min

© Bigstock/dolgachov

Tester op der Strooss sinn eng Saach, Tester am Labo eng aner. Spéitstens zanter dem VW-Skandal ass ee sech op ville Niveaue bewosst, datt eppes muss geschéien.

Wéi den däitschen Transportminister am Juni proposéiert huet, d'Regele vun den Tester méi streng ze maachen, war d'Majoritéit vun sengen europäesche Kollegen dogéint. "Mir sinn do komplett enger anerer Meenung", sou de Lëtzebuerger Transportminister François Bausch. Et wier een der Iwwerzeegung, datt d'Reglementatioun kloer wier. Et wier verbueden, fir Cheat-Devices anzesetzen.

Wie fënnt, datt d'Regelen ze flexibel sinn, wäscht d'Automobilindustrie wäiss, sou och d'Kritik vun Ëmwelt-ONGen. Et besteet keen Zweiwel, datt sougenannten Ofschalt-Dispositiver, déi d'Emissiounswäerter kënstlech no ënnen drécken, verbuede sinn, seet d'Dorothee Saar vun der Deutschen Umwelthilfe. D'Organisatioun huet eng Etude zum Sujet realiséiere gelooss.

Just a ganz spezifesche Fäll dierften d'Ofschalt-Dispositiver aktivéiert ginn, erkläert d'Dorothee Saar. Et géif drëm goen, fir Schied an Accidenter ze verhënneren. "Mat deem, wat d'Constructeuren elo maachen, ass dat awer net méi kompatibel. D'Regelung verlaangt nämlech och, datt d'Ofgasen déi ganz Lafzäit vum Gefier iwwer wierksam gebotzt ginn."

Keng Reaktioun op fréie Verdacht

D'Deutsche Umwelthilfe hat schonn 2011 eng Entrevue am däitschen Transportministère. D'Organisatioun huet do drop opmierksam gemaach datt de VW Passat net en règle wär. De Ministère gouf opgefuerdert eng Enquête ze maachen. Vun offizieller Säit wier et awer keng Suite ginn, seet D'Dorothee Saar.

Aus internen Dokumenter, déi dem radio 100,7 virleien, geet ervir, datt et och an der Europäescher Kommissioun scho ganz fréi de Verdacht gouf, datt net alles an der Rei wier. Am September 2008 huet ee Mataarbechter vun der Kommissioun e Kolleg vum Recherche-Zenter an enger Email gefrot, ob een net kéint hei an Europa déi nei "propper" Diesel-Ween testen, déi VW an den USA verkeeft.

Dat war ëmmerhin siwe Joer ier déi amerikanesch Autoritéiten d'Resultater vun hirer Investigatioun iwwer VW publizéiert hunn. De Mataarbechter huet och suggeréiert, datt ee kéint mat de concernéierten US-Autoritéiten zesummeschaffen. Hätt d'Kommissioun déi Tester gemaach, wär si et villäicht gewiescht, déi de Ball un d'Rulle bruecht hätt.

Huet d'Komissioun d'Attitude vun der Industrie ënnerstëtzt?

An enger Note, déi am Oktober 2010 un den Direkter vun der "Direction Generale" fir d’Ëmwelt an der Kommissioun goung, heescht et, datt ee sech bewosst wier, datt d'Emissioune vu Stickoxider an Europa an de leschte Joren an d'Luucht gaange wieren, well d'Autosconstructeure bestëmmten Technike géifen uwennen, déi d'Wäerter an den Tester géifen erofdrécken.

D'Europäesch Ëmweltagence warnt effektiv zanter 2004, datt et eng grouss Diskrepanz tëscht Tester am Laboratoire an deenen op der Strooss gëtt. An der Enquête-Kommissioun vum Parlament schwätzt de Vertrieder vun der Agence vun 28 Rapporten, an deene bannent zwielef Joer op de Problem opmierksam gemaach gouf.

D'Automobilindustrie huet sech queesch gestallt, fir systematesch Tester op der Strooss anzeféieren. Och dat weisen intern Kommissiouns-Dokumenter. An et gouf intern Kritik, datt d'Kommissioun dës Attitude géif ënnerstëtzen.

Keng Neel mat Käpp gemaach

Den Direkter vun der Direction générale Ëmwelt fuerdert säin Homolog vun der Direction générale Entreprise 2014 op, endlech bei de sougenannte "Real Drive Emission Tests" Neel mat Käpp ze maachen. Hie weist och drop hin, datt et an der Tëschenzäit dokumentéiert ass, datt verschidden Autosconstructeuren Ofschalt-Technike benotzen, fir Emissiounen um Préifstand am Labo ze reduzéieren.

Och dat war nach virum VW-Skandal. Déi zoustänneg Direction générale an der Kommissioun ass der Opfuerderung, eng Enquête ze maachen, net no komm. Et wier d'Prioritéit gewiescht, nei Testmethoden ze entwéckelen, sou de Vertrieder vun der Kommissioun am Europaparlament. Eng richteg Erklärung, firwat dat awer iwwer zéng Joer gedauert huet, hu si net.

Problem net bei Juncker-, mee Barroso-Komissioun?

De Jean-Claude Juncker géif de Mismanagement vu sengem Virgänger José Manuel Barroso verteidegen an hie géif de Mismanagement vun de Länner decken, sou de Claude Turmes. "Wou ass d'politesch Strategie vum Här Juncker fir selwer der stänneg op de de Kapp ze kréien? Dee gréisste Problem läit eventuell net bei der Juncker-Komissioun, mee bei der fréierer Barroso-Komissioun", sou de Lëtzebuerger Europa-Deputéierte vun déi Gréng.

Net d'Kommissioun, mee d'Memberlänner si gefrot, wann et drëm geet opzedecken an ze verhënneren, datt gefuddelt gëtt. Zu Lëtzebuerg soll dat geschéien, seet de François Bausch. De Minister fuerdert eng onofhängeg Kontroll no der Homologatioun. Eventuell kéint den Institut luxembourgeois de la normalisation, de l'accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services déi Roll iwwerhuelen. "Déi kann herno periodesch Tester maachen. A Carrément soen: deen do Auto kontrolléiere mir elo gär onofhängeg."

Enn August kënnt de fréieren Industriekommissär Günter Verheugen an d'Europaparlament. Hien hat fir d'éischt d'Invitatioun refuséiert, a wëll elo awer aussoen. D'Enquête am Parlament geet virun.