Prostitutioun “De prostitutionelle System ass Gewalt géint Fraen”

Datt am neie Gesetzprojet iwwert d’Prostitutioun d’Responsabilitéit vum Client iwwerhaapt emol unerkannt gëtt, wier een éischte Schratt, fënnt d’Anik Raskin vum Nationale Fraerot. Dem CNFL no misst allerdéngs d’Prostitutioun prinzipiell a Fro gestallt ginn.

Michel Delage

Anik Raskin.JPG
Anik Raskin

Nëmmen eng “extrem Minoritéit” vu Prostituéierte géif dee Beruff fräiwëlleg maachen, sou d’Anik Raskin am Interview mam Maxi Pesch. Fir d’Vertriederin vum Nationale Fraerot wier ee Gesetz awer net do, fir individuell Fäll ze regelen. ““Mir sinn der Meenung, datt de prostitutionelle System Gewalt géint Fraen ass”. Et wier eng “extrem traumatisant” a “geféierlech” Praktik, déi u sech misst a Fro gestallt ginn.

Am Gesetzprojet, deen d’Regierung viru kuerzem virgeluecht huet, wier “net alles schlecht”. D’Unerkennung vun der Responsabilitéit vum Client wier en “éischte Schratt an déi richteg Richtung”. Anescht wéi dat a Schweden de Fall ass, ginn d’Cliente vu Prostituéierten awer net grondsätzlech bestrooft. D’Anik Raskin mengt, datt wann de Client “Geld hiergëtt, fir e sexuelle Service ze kréien, datt en sech domat an eng Dominatiounssituatioun setzt par rapport zu där Fra, an datt en se ausnotzt”.

“Wéi definéieren ech, wéini eng Persoun vulnerabel ass?”

Positiv wier an der neier Gesetzvirlag, datt d’Confiscatioun vun de Pabeiere vu Prostituéierten ënner Strof gestallt soll ginn. Allerdéngs bléif de Raccolage ëmmer nach strofbar, hei géif d’Gesetz weiderhi géint d’Affer virgoen.

Während bis elo de Client nëmme bestrooft gëtt wann hie Sex mat mannerjärege Prostituéierten huet, soll an Zukunft och keefleche Geschlechtsverkéier mat vulnerabele Persounen illegal ginn. “Wéi definéieren ech, wéini eng Persoun vulnerabel ass?”, gëtt d’Vertriederin vum Nationale Fraerot ze bedenken. De Klient misst sech, dem Projet no, och bewoosst sinn, mat wiem hien et ze dinn huet. Dovun ofgesi wier, an hiren Aen, déi “absolut Majoritéit” vu Prostituéierten an enger vulnerabeler Situatioun.

Schaaft de “schwedesche Modell” dann de Phenomen vun der Prostitutioun of? “Dat wësse mer net”, gëtt d’Anik Raskin zou. Mee “wa mer no där Logik fueren, dann abrogéiere mer eise ganze Code penal”. D’Gesellschaft misst iwwer Gesetz een Zeeche setzen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen