Arcelor Mittal verhandelt mat der Regierung iwwert en Transfert vu sengem Sëtz op de Kierchbierg. Déi Informatioun vum Lëtzebuerger Wort hu méi Sourcë confirméiert.
An der Diskussioun ass de Bau vun engem Héichhaus nieft dem Konferenzzenter, op engem Terrain vum Fonds du Kirchberg. 100,7-Informatiounen no gëtt iwwert e Bail emphytéotique vu 75 Joer verhandelt. Während där Zäit misst Arcelor Mittal e Loyer bezuelen, deen dem Maartpräis entsprécht.
D'Regierung ass averstan, datt Arcelor Mittal dat net mat Sue bezilt, mä mat Terraine vum Stolkonzern, déi déi selwecht finanziell Valeur hunn. Donieft wëll d'Regierung eisen Informatiounen no sécher stellen, datt Arcelor Mittal dat neit Gebai selwer notzt an et sech also net just ëm Immobiliespekulatioun handelt.
D'Zil vun de Verhandlungen ass et, méi Dossieren ze deblockéieren. Aner Elementer sinn d'staatlech Participatioun bei der geplangter Kapitalerhéijung vum staark verschëlte Konzern an d'Ofséchere vum Standuert Lëtzebuerg.