Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Participatioun vu Russland déi richteg Entscheedung?

Dopping

Ass d'Participatioun vu Russland déi richteg Entscheedung?

Russesch Sportler gi bei den olympesche Spiller net prinzipiell ausgeschloss. Zu Lëtzebuerg ginn et ënnerschiddelech Meenungen iwwer d'Decisioun vum IOC. De COSL-President André Hoffmaann seet hien hätt Verständnis dofir, datt den internationalen olympesche Comité et den internationalen Sportsverbänn d'Entscheedung iwwerléisst. Dat geet op Käschte vum Sport an der internationaler Doppingbekämpfung, fënnt ee bei der ALAD.

auto_stories

3 min

© Bigstock / sportpoin74

"De Sport ass Verléierer an d'Doppingbekämpfung huet net u Kredibilitéit gewonnen, seet de President vun der Lëtzebuerger Anti-Dopping Agence, Guy Colas. Den internationalen olympesche Comité (IOC) huet e Sonndeg decidéiert fir déi russesch Sportler net prinzipiell vun den olympesche Spiller aus ze schléissen. Den IOC iwwerléisst d'Entscheedung ob russesch Sportler op Rio däerfen, deene jeeweilege Sportfederatiounen.

E Rapport vun der Weltdopping-Agence hat systematesche staatlechen Dopping vu russesche Sportler nogewisen. "De President vum IOC, den Thomas Bach schläicht sech aus senger Verwantwortung fir eng Decisioun ze huelen eraus, an deem en déi Verantwortung op déi international Sportsverbänn iwwerdréit", seet de Guy Colas. Hie vergläicht den IOC-President, den Thomas Bach, mam Pontius Pilatus.

Anik Sax a Guy Colas vun der ALAD

Keng Harmoniséierung am Anti-Dopping

No der Decisioun vum IOC mussen déi international Sportsverbänn Fall fir Fall préiwen op russesch Sportler fir déi olympesch Spiller zougelooss kënne ginn. Der Dokter Anik Sax vun der ALAD no hätten déi international Sportsverbänn d'Kompetenz fir ze iwwerpréiwen ob e Sportler d'Konditiounen erfëllt. Ob déi Federatiounen allerdéngs onofhängeg wieren, wier schwéier ze iwwerpréiwen. Et wier problematesch fir eng Harmoniséierung ze fannen. Grad dat wollt een no Joren am Kampf géint den Dopping erreechen, seet d'Anik Sax. Well elo all Verband fir sech decidéiere muss, wärt déi Harmoniséierung op der Streck bleiwen.

Och tëscht de Sportler géing mat der IOC-Decisioun eng Ongläichheet geschaaft ginn, fënnt d'Doktesch vun der ALAD. Anescht wéi am Fall vu Russland däerfen Sportler aus anere Länner un den olympesche Spiller deel huelen, och wann si an der Vergaangenheet schonn eng Kéier eng Strof wéinst Dopping haten, an déi ofgesat hunn. "Dat ass problematesch fir mech", seet d'Anik Sax.

E gudde Kompromëss?

"Ech hu Verständnis fir d'Decisioun vum IOC, seet sengersäits de President vum COSL, dem Lëtzebuerger olympesche Comité. Et wären déi international Federatiounen, déi d'Kritäre géife festleeën, grad wéi och d'Eligibilitéiten fir an hirem Sport deel ze huelen, an net den IOC, ënnersträicht de Jurist. Dofir ass et dem André Hoffmann no normal, datt et och net den IOC ass, deen decidéiert op Sportler mat op déi olympesch Spiller geholl ginn. Et wär un de Sportfederatiounen fir hir Verantwortung ze iwwer huelen.

André Hoffmann vum COSL

Dem COSL-President no wär et ee Problem, datt de McLaren Rapport iwwert systematesch staatlechen Dopping a Russland ganz kuerzfristeg zu stane koum. Just annerhallwe Mount hätt zur Verfügung gestanen, an de Rapport wär och nach net fäerdeg. Esou géingen Nimm vu Sportler feelen, déi vum russesche Doppingsystem profitéiert hätten. Et wär zwar och allgemeng bekannt, datt den IOC-President Thomas Bach no um russesche Pouvoir géing stoen. Den André Hoffmann zweiwelt awer drun, datt dat d'Entscheedung vum IOC beaflosst hätt.

Déi Entscheedung wär e gudde Kompromëss. Déi Athleten, déi sech näischt virzewerfen hätten, géinge geschützt ginn, a si géingen net an enger Aart Sippenhaft mat bestrooft ginn, esou den André Hoffmann.

D'Dopping-Bekämpfung géing doduerch gewannen, wann ee net aus dem Bauch eraus eng grouss Aktioun géif starten, just fir en Zeechen ze setzen.

André Hoffmannplay_arrow


D'Gespréich mam Anik Sax a Guy Colas kënnt dir ënner dësem Artikel lauschteren.