Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus der Geschicht léieren

Europa

Aus der Geschicht léieren

D’EU wier e multinationale Staatekonstrukt, genee wéi déi fréier éisträichesch-ungaresch Monarchie, seet den éisträischesche Schrëftsteller an Historiker Andreas Pittler. Senger Meenung no kéinten déi europäesch Politiker aus de Feeler vu fréier léieren.

auto_stories

2 min

Den Andreas Pittler ass Historiker a Krimi-Auteur.

D'Habsburger Monarchie wier - anescht wéi d'USA, dat osmanescht Räich oder d'Réimerräich - den eenzege Staatekonstrukt gewiescht, dee sech un enger Gläichberechtegung vun de Vëlker orientéiert hätt, seet den Andreas Pittler. Dat wier ganz ähnlech wéi d'EU haut. An der Habsburger Monarchie wier deem awer net ganz Rechnung gedroe ginn: Déi slawesch Vëlker hätten an der éisträichesch-ungarescher Doppelmonarchie net déi selwecht Unerkennung kritt, wéi déi Däitsch an d’Ungaren. Domat hätt d'Monarchie um Enn vun hirer Existenz ze kämpfe gehat.

Och nom éischte Weltkrich wieren an der éischter éisträichescher Republik vill Feeler gemaach ginn, mengt den Historiker. Politesch, kulturell a wirtschaftlech wier d’Auserneefalen vun der éisträichescher Monarchie een enorme Réckschrëtt gewiescht. Wueren déi virdru fräi bannent der Doppelmonarchie zirkuléiert wieren, wiere mat Taxe beluecht ginn. Dat hätt e negative wirtschaftlechen Impakt op déi concernéiert Länner gehat, déi schonns ënnert der Wirtschaftskris nom éischte Weltkrich ze kämpfen haten.

Nationalisteschem Populismus entgéint wierken

An der Europäescher Unioun sollen déi grouss Länner Récksiicht op déi méi kleng Länner huelen. An déi kléng Länner sollten hirersäits net ze héich Uspréch stellen, fënnt den Andreas Pittler. Deemno sollen Däitschland a Frankräich deenen aneren EU-Memberstaaten net d’Gefill ginn, datt si si dominéieren.

"Mir sinn an enger kritescher Situatioun an Europa. Politesch an ekonomesch", seet den éisträichesche Schrëftsteller. Dofir wieren einfach Äntwerten op komplex Problemer bei de Leit beléift. Den Andreas Pittler fënnt, datt den EU-Bierger besser misst nogelauschtert ginn fir datt nationalistesch Riets-Tendenzen kéinte gebremst ginn. Et dierft een ni ophalen Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten a mat de Leit ze schwätzen.


Den Andreas Pittler ass Schrëftsteller an Historiker. Hien huet d’Krimifigur "David Bronstein" geschaaft: E jiddesche Polizist zu Wien an der Zäit vum Enn vun der Monarchie an de Joren tëscht de Weltkricher.