Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auslagerung oder Kooperatioun?

Kontroll vum nationale Loftraum

Auslagerung oder Kooperatioun?

Den 9. Juni presentéiert den Infrastrukturminister François Bausch der zoustänneger Chamberkommissioun eng Analys iwwert eng Restrukturéierung vun de Servicer vun der Lëtzebuerger Loftfaart. Et geet ëm den Transfert vum nationale Radar-Service, dee verschidden Acteuren no ganz gutt funktionéiert huet. Als Grënn nennt de John Santurbano, den Direkter vun der "Administration de la navigation aérienne" d’Sécherheet, eng Käschtereduzéierung an, datt een zu Lëtzebuerg net genuch Fluchlotse fënnt, fir en neie Buedemradar opzebauen.

auto_stories

6 min

Kontroll vum Loftraum (© Bigstock)

"Et gëtt keng Auslagerung, mee eng Kooperatioun, a bis ewell huet nach keen den Zouschlag kritt", seet den ANA-Direkter. Fir d'éischt géingen d’Deputéiert informéiert ginn, dann d’Personal, an et géing een d’Avisen ofwaarden, éier eng Decisioun geholl géif. Eréischt Enn vum Summer soll bekannt ginn, wien den Zouschlag wäert kréien. Am Gespréich si Belgacontrol an d’DFS "Deutsche Flugsicherung".

En onnéideg komplizéierte Loftraum

Hannergrond vun der Kooperatioun wär d'europäescht FABEC-Ofkommes vun 2010. Mat der Iddi, en europäesche "Ciel Unique" ze schafen, sou de John Santurbano. Et wär d’Zil, de Loftraum nei ze strukturéieren, fir der staarker Augmentatioun vum Trafic gerecht ze ginn.

De Lëtzebuerger Loftraum ass dem ANA-Direkter no wéinst nationale Souverainitéitsgrënn onnéideg komplizéiert a verengt. Bei der Restrukturéierung vum nationale Radar-Service géing et an éischter Linn ëm d’Sécherheet an d’Schnellegkeet vun der Evakuatioun vum Trafic goen.

"De Problem ass komplex"

Aktuell huet Lëtzebuerg e Fluchhafe mat aacht Fligerparkingen an iwwer 100 Niwweldeeg am Joer, erkläert de John Santurbano. Dofir soll mat engem Buedemradar e "Groundcontrol" vun all de Fligerparkinge mat Fluchlotse garantéiert ginn - wat bis ewell net de Fall ass.

Et gouf eng Etude gemaach, a wéi wäit mat engem Service aus engem Nopeschland déi Lëtzebuerger Fluchlotse fir déi Aufgab liberéiert kënne ginn.

Belgocontrol séchert elo schonn de Lëtzebuerger Fluchraum op 20-24.000 Fouss Héicht. Nieft Belgocontrol ass och d’DFS "Deutsche Flugsicherung" am Gespréich fir d’Aufgabe vum "Approach Control" z'iwwerhuelen.

Den John Santurbano, Direkter vun der "Administration de la navigation aérienne"

Op d’Fro, ob an anere Länner de Radar un aner Acteure wéi nationaler ausgelagert ginn, huet den Direkter vun der ANA net geäntwert. Et war d’Ausso, datt Lëtzebuerg, well et kléng ass, anescht ass, wéi déi aner Länner. De Loftraum iwwer Lëtzebuerg wär immens enk. Duerch eng Kooperatioun mat engem Nopeschland kéint Lëtzebuerg e bessere "Continiuous descent" garantéieren. De Fluchraum géing doduerch manner komplex ginn. Fligeren, déi landen, kéinte méi fréi iwwerholl ginn. Dat wär eng Verbesserung, seet de John Santurbano.

Pilote sinn zefridde mam nationale Radar-Service

Aus engem Bréif vum Luxair-Generaldirekter Adrien Ney geet ervir, datt een zefridden ass mam nationale Service "Approach Control". D’Luxair géing 1,5 Milliounen Euro d’Joer verléieren, wann zum Beispill Belgocontrol dee Service géing iwwerhuelen. Dem John Santurbano no hätt sech d’Luxair mëttlerweil vun deem Bréif distanzéiert.

D’ALPL, d’Associatioun vun de Linepiloten, argumentéiert och an engem rezente Bréif un de Minister, datt Lëtzebuerg riskéiert, en efficace lokale Radar-Service opzeginn. De Generalsekretär vun der ALPL, den Dirk Becker seet, et géing ee Fluchzäit spueren, et wär wirtschaftlech interessant, fir d’Leit, déi ronderëm de Fluchhafe wunnen, géing manner Kaméidi entstoen, well d'Lëtzebuerger Fluchlotsen d'Piloten optimal a flexibel fir d’Landung géife guidéieren. Et wär en Avantage, wann d’Ufléien an d’Fortfléien encadréiert géing gi vu Leit, déi den Terrain kennen, esou den ALPL-Generalsekretär.

En neie Buedemradar

Dem John Santurbano no ass et net méiglech, den nationalen Approach-Service bäizebehalen a gläichzäiteg en neie Buedemradar opzebauen. Et wär net méiglech an deem Beräich zu Lëtzebuerg genuch kompetent Leit ze fannen: "Eng Fluchlotsenausbildung kascht 150.000 Euro, mir brauchen heiansdo fënnef bis sechs Joer, fir ee Kandidat ze fannen, deen dann am Ausland ausgebilt gëtt."

Iwwer d'Spuerpotential vun der Restrukturatioun wëll den Direkter vun der ANA näischt soen. De primäre Grond wär d’Sécherheet um Buedem, sou de John Santurbano. D’Sécherheet wär zwar och elo garantéiert, mee et kéint een ëmmer nach Saache besser maachen.