De franséische Parquet huet den Owend confirméiert,datt an der Belsch Perquisitioune a Festnahmen amgaang sinn.
Kuerz viru Mëtteg huet de Grupp „Islamesche Staat“ d’Attentater vu Paräis revendiquéiert. De Grupp kënnegt Frankräich weider Terror-Attacken un. D’Attentat-Serie vu gëschter Owend an der franséischer Haaptstad wier just eng éischt Warnung gewiescht, heescht et am Message op franséisch an op arabesch. Ob de Message echt ass konnt nach net onofhängeg iwwerpréift ginn. Hei de Message, sou wéi en an diverse Medien zirkuléiert:
Eelef Täter op d'mannst, sollen un den Attacke gëschter Owend bedeelegt gewierscht sinn. D’Täter hu gläichzäiteg op e puer verschidde Plaze mat Maschinnegewierer op Leit geschoss a si hu Bomme gezündt. 8 vun den Attentäter sinn dout: ee gouf vun der Police erschoss, déi aner hu sech selwer an d’Lut gesprengt.
Am bluddegsten ass de Bilan am Concertssall Bataclan: Hei sinn aktuellen Donnéeën no 82 Leit ëm d'Liewe komm. Am Bataclan waren 1.500 Leit zesumme fir e Concert. Terroriste sinn an d'Gebai agedrong, hu ronderëm sech geschoss a Leit als Geisel geholl. Wéi Spezial-Forcen de Sall gestiermt hunn, hunn d’Attentäter Sprengstoffrimme gezündt.
Explosioune goufen et donieft beim „Stade de France“, wou gëschter Owend de Fussball-Match Frankräich – Däitschland gespillt gouf. Op der Éierentribune vum Stadion soutzen de franséische President François Hollande an den däitschen Aussenminister Frank Walter Steinmeier.
Aacht Attentäter dout, Frankräich am Ausnahmezoustand
An enger Declaratioun géint 11 Auer huet de franséische President François Hollande vun engem "acte de guerre" geschwat an dräi Deeg Staatstrauer annoncéiert:
Déclaration à l'issue du Conseil de défense par elysee
Noutstand fir ganz Frankräich, fir d’éischte Kéier zënter 1961.
- Mam état d’urgence gi virun allem d’Sécherheetskräft a Frankraich verstäerkt mobiliséiert, dorënner och de GIGN, also déi franséisch Spezialunitéiten, déi a verschiddenen geheim gehalenen Deeler vum Land stationéiert sinn.
- Verbuede si bis en Donneschdeg Manifestatiounen op de Stroossen.
- Déi franséisch Préfete kréie weider Pouvoiren, zum Beispill och fir de couvre-feu auszeruffen.
- Dobäi komme verstäerkte Kontrollen am ëffentlechen Transport an op de franséische Grenzen.
- D’Vertrieder vum Etat-Major an anere Sécherheetsautoritéite sinn zesumme fir weider Moossnamen no den Attentater ze coordinéieren.