Radioen

On air

Notturno  |  Pearla - Strong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt de Lëtzebuerger Loftraum privatiséiert?

Findel

Gëtt de Lëtzebuerger Loftraum privatiséiert?

De Kontrollerverband LACA gleeft dem Minister Bausch net, wann dee vu “Synergie” schwätzt. D’Pläng fir engem auslännesche Bedreiwer d’Kontroll vum Loftraum z’iwwerloossen, wiere keng Kooperatioun mee eng Auslagerung.

auto_stories

4 min

© LACA

De Fluchraum, genannt TMA (terminal manoeuvring area), deckt praktesch dee ganzen nationalen Territoire an ee klenge Grenzdeel vun den Nopeschlänner, an zwar d’Portioun vu 400 Meter iwwert dem Buedem bis op eng Héicht vun ongeféier fënnef an een hallwe Kilometer. Eng 20 Radarkontrollere vum Findel assuréiere bis elo de Guidage an d’Iwwerwaachung vu sämtleche Fluchbewegungen am Lëtzebuerger TMA.

An Zukunft soll dee Fluchraum vun enger auslännescher Gesellschaft kontrolléiert a geréiert ginn. D’Kontrolleren um Findel kréichen aner Aufgaben, wéi beispillsweis sech ëm e Buedemradar bekëmmeren, sollt esou een a Betrib geholl ginn.

Den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister François Bausch hat den 18. September 2014 seng Pläng fir d’Schafung vu “Synergien” virgestallt. Den 9. Juni soll de grénge Minister an der Chamber matdeelen, wéi eng Gesellschaft den Zouschlag kritt. An der Course sinn, wéi et schéngt, zwee Konkurrenten: Belgocontrol, wou rezent Streiker den Trafic stëll geluecht haten, an d’Deutsche Flugsicherung GmbH (DFS).

"Aggressiv Expansiounspolitik vun der Deutschen Flugsicherung"

Fir de Claude Schmit, President vun der Kontroller-Associatioun LACA (Luxembourg Approach Controllers Association), kéim éischter d’DFS a Fro. An deem Fall wier mat enger Auslagerung vun de Servicer ze rechnen. Mat der Belgocontrol, déi schonn deelweis de Lëtzebuerger Fluchraum iwwerwaacht, wier éischter eng Kooperatioun ugestrieft ginn.

Allerdéngs kéim mat der däitscher Gesellschaft – nieft der ANA (Administration nationale de l’aviation), Belgocontrol an Eurocontrol - ee véierte Bedreiwer iwwer Lëtzebuerg. Dat stéing am Widdersproch zur Argumentatioun vum Minister, Lëtzebuerg wier schonn ze kleng fir dräi Bedreiwer. “DSF versichen eng aggressiv Expansiounspolitik ze bedreiwen”, sou de Claude Schmit. “Déi Dier kritt een herno net méi zou, si wäerten och nach aner Servicer wëllen iwwerhuelen”.

“Et geet guer net ëm Synergien, mee ëm eng Auslagerung pure et dure’”, seet de President vun der LACA. Dem Claude Schmit no hätte sech all déi betraffe Beruffsverbänn géint dee Projet ausgeschwat. Mat de Kontrolleren hei zu Lëtzebuerg géif ee Fluchzäit spueren, seet den Dirk Becker. Fir de Generalsekretär vum Piloteverband ALPL géifen d’Fluchgesellschaften domat Sue spueren. Mee och d’Awunner ëm de Findel hätten eppes dovunner, wann d’Fligeren optimal kënne ufléien: manner Kaméidi, manner Emissiounen.