Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blood, Sweat & Tears - Spinning Wheel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ze héich Emissiounen, autoriséiert vun der SNCH?

Ëmwelt an Transport

Ze héich Emissiounen, autoriséiert vun der SNCH?

Net just VW, mee och eng 30 Diesel-Autoe vun anere Marquen hunn ze héich Ofgaswäerter, heescht et an engem Bericht vun der Bréissler ONG "Transport and Environment”. Zwee vun deenen Autostypen, ee Ford an ee Porsche, kruten hir Autorisatioun vun der Lëtzebuerger Zouloossungsautoritéit SNCH.

auto_stories

4 min

Bei den zwee Autotypen, déi zu Lëtzebuerg zougelooss goufen, handelt et sech ëm de Ford C-Max II an de Porsche Makan. Dem ONG-Rapport no géif de Ford bis zu sechs Mol méi Stéckoxiden aus dem Auspuff blosen, wéi ënnert der "Euro 6"-Norm erlaabt sinn. Beim Modell vu Porsche wieren et bal zéng Mol méi.

D'Lëscht vun den 30 Autoen, déi am knaschtegste solle sinn, gouf opgestallt op der Basis vu Resultater aus Investigatiounen, déi vun nationalen Autoritéiten a Frankräich, Däitschland a Groussbritannien duerchgefouert goufen, nodeems dës duerch de VW-Skandal waakreg gi waren.

VW-Skandal: Just d'Spëtzt vum Äisbierg

Déi meescht vun den Autostypen op der Lëscht goufen a Groussbritannien, Frankräich oder Däitschland zougelooss. Nieft Ford a Porsche sinn d’Marquen Renault, Mercedes, Opel, BMW oder Skoda vertrueden. Bei verschiddene Modeller géife bis zu 14 Mol sou vill Stéckoxiden an d’Loft geblose ginn, wéi erlaabt. Déi iwwer aacht Millioune Volksween, déi vum Dieselgate betraff waren, sinn nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg, schreift d’ONG.

D'Autoe wiere vun den nationalen Autoritéiten zougelooss ginn, ouni datt probéiert gi wier erauszefannen, firwat se sou héich Emissiounswäerter hunn an ob illegal Ofschalt-Dispositifen agesat goufen. Ass een Autostyp vun enger nationaler Kontrollstatioun, wéi der Lëtzebuerger "Société nationale de certification et d’homologatio​n" (SNCH), zougelooss, da gëlt dat fir déi ganz EU. A just déi Statioun, déi den Typ zougelooss huet, kann dat och revidéieren.

SNCH, spezialiséiert op Emissiounssystemer?

Eventuell Miessunge vun nationalen Autoritéite sinn awer net ëffentlech, an eng SNCH ass och net forcéiert, déi Donneeën erauszeginn.

Der ONG no behaapten Insider, datt grad d'Emissiounssystemer heefeg iwwer Lëtzebuerg zougelooss géife ginn. Dat bleift awer eng Behaaptung, well just déi endgülteg Autorisatioun als Ganzt ass public, et gesäit een doranner net, wou déi eenzel Deeler iwwerpréift goufen.

D’EU-Transportministere kommen de 7. Juni zu Lëtzebuerg zesummen, ënner anerem fir iwwert déi Problemer vun den Emissiounstester ze diskutéieren. Ënnert anerem geet et dann ëm déi grouss Ecarten tëscht de Resultater vun den Tester an deem, wat effektiv an der Loft gemooss gëtt.