Lag vun der Natioun "Besser wéi virun zwee Joer"
Zwee an en halleft Joer no hirem Untrëtt, klappt déi blo-rout-gréng Regierung sech op d’Schëller: Lëtzebuerg steet haut besser do wéi Ufank 2014, esou de Premier. D’Economie wier méi kompetitiv ginn a mat der geplangter Steierreform géifen nei politesch Akzenter gesat ginn. Déi eenzeg gréisser Annonce ass eng Decisioun fir d’Regelung vun der Aarbechtszäit.
Fir d’Salariéeë méi schaffen ze loosse wann de Betrib drop ugewisen ass, soll d’Referenzperiod fir d’Aarbechtsstonne vun elo engem Mount op bis zu véier Méint eropgesat ginn. Bannent dëser Period kann d’Aarbechtszäit verlängert ginn ouni datt Iwwerstonne musse bezuelt ginn. Als Géigeleeschtung sollen d’Salariéë vun de concernéierte Betriber méi Congé kréien: plus 1,5 bis 3,5 Deeg jee no Verlängerung vun der Referenzperiod. Dës nei Méiglechkeet soll just fir Betriber agefouert ginn, déi kee Kollektivvertrag hunn.
D’Sozialpartner ware sech a Verhandlunge virdrun net eens ginn, wéi d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit soll geregelt ginn. D’Regierung huet also an dëser Fro elo tranchéiert.
"Steierreform just méiglech wéinst Sanéierung vu Staatsfinanzen"
D’Detailer iwwer d’Steierreform ware schonn an de leschte Méint annoncéiert ginn. De Premier huet keng nei Donnéeën nogeliwwert, och net déi iwwert de präzisen Impakt vun den eenzelne Mesuren. Vill méi huet de Xavier Bettel dovu profitéiert, d'Reform politesch ze kommentéieren. D'Regierung wéilt och iwwer d’Steierpolitik d'Offer u Wunnenge vergréisseren, d’Kafkraaft vun de Leit verbesseren an d’sozial Situatioun vun deene verbesseren, déi alleng fir hir Kanner opkommen. D’Betriber kruten an Aussiicht gestallt, datt net ausgeschloss ass, datt hire Steiertaux nach méi staark reduzéiert gëtt wéi bis elo geplangt. Dat géif awer vun internationalen Entwécklungen ofhänken.
Wéineg Aussoen iwwer Kultur
Wéineg Aussoe goufen et iwwer d’Kulturpolitik. De Xavier Bettel, deen am Dezember och de Kulturministère iwwerholl huet well seng Parteikollegin Maggy Nagel demissionéiert huet, huet just confirméiert, datt Ufanks Juli sollen d'kulturell Assise si fir e Kulturentwécklungsplang auszeschaffen.
"Mat alle Mëttele vum Rechtsstaat géint den Terrorismus"
Am Kampf géint den Terrorismus wéilt d’Regierung och weider op Präventioun setzen. Ob déi hallef Tâche vun engem Beamten an deem Beräich weider gefouert gëtt, oder gestoppt gëtt, huet de Premier net gesot. Et wieren awer weider Projete geplangt.
Weider Aussoen:
- Wa Biotopen zerstéiert ginn, soll e staatlechen Oekokonto dofir suergen, datt déi Fläche séier anzwuesch anescht kompenséiert ginn. Dat soll eng vun de Mesuren am neien Naturschutzgesetz ginn.
- En Observatoire de la Qualité scolaire soll ee mol d'Joer en "onofhängege Rapport iwwer wichteg Aspekter vum Schoulsystem" virleeën.
- Op den Terrainen, déi de Staat ArcelorMittal ofkeeft, plangt d’Regierung de Bau vu 1500 Wunnengen.
- De Logementsminister soll e Konzept ausschaffe fir privat Proprietairen dozou ze beweegen, Terrainen ze verkafen, déi a sougenannte Baulücke leien.
- Bis 2020 sollen 12000 Parkplaze fir Park and Ride dobäi kommen.
- Aalt Schluechthaus zu Hollerech kéint neit Doheem vu Start-Up Entreprisë aus dem digitale Beräich ginn.
- Avant-Projet de loi iwwer d'Reform vum RMG ass "geschwë finaliséiert". Zil: Leit, déi RMG kréien, "optimal encadréieren" fir datt si nees "Wee a geregelt Aarbecht" fannen.