Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bewältegung vun der Vergaangenheet

Finanzsecteur

Bewältegung vun der Vergaangenheet

"Et ass eng wierklech Valeur ajoutée, wann ee vun der Privatwirtschaft bei d'Finanz-Opsiicht wiesselt." Dat seet de Generaldirekter vun der CSSF Claude Marx an engem Interview mat der Wochenzeitung "Le Jeudi". Fir d’Finanzplaz wier et allerdéngs besser wann d'Iwwerwaachungsautoritéit net vu Leit geleed géif ginn, déi nach kuerz virdru selwer am Secteur geschafft hunn.

auto_stories

5 min

Pia Oppel

Am Finanzsecteur änneren d’Reegele den Ament ganz séier: Villes wat fréier als normal consideréiert gouf, ass haut net méi akzeptabel, wann net souguer illegal. Elo soll ee laangjärege Bänker un der Spëtzt vun der Iwwerwaachungsautoritéit op der Finanzplaz déi nei Ära vun der Transparenz duerchsetzen. Dass sech dobäi konkret Credibilitéitsproblemer stellen, weist de Fall vum Claude Marx.

An der Geschicht vun der CSSF ass hien deen éischte Generaldirekter, deen direkt vun der Finanzplaz an den ëffentlechen Déngscht gewiesselt ass. Virdru war hien ënnert anerem bei der HSBC Privatbank zu Lëtzebuerg. Just e puer Wochen no sengem Amtsuntrëtt am Februar bei der CSSF huet seng Vergaangenheet hien ageholl.

Keng Stellungnam zu Panama-Gesellschaften

D'Panama Papers hunn opgedeckt datt d'HSBC Private Bank Luxembourg SA iwwer d'Affekotefirma Mossack Fonseca 141 Gesellschafte schafe gelooss huet. A bei der Vermëttlung huet de Claude Marx als juristeschen Expert vun der Bank eng Roll gespillt. De 26. Abrëll huet déi belsch Press bericht, datt hien och Aktionär a verschiddene Panama-Gesellschafte gewiescht wier. Dat huet de Claude Marx formell dementéiert an dee bis ewell publizéierten Deel vun de Panama Papers confirméiert seng Duerstellung.

De radio 100,7 huet deemools direkt eng Stellungnahm vun der CSSF ugefrot, ouni Erfolleg. Fir Ufank Juni krute mir een Interview an Aussiicht gestallt. Spéider huet d'CSSF eis matgedeelt, dass de Claude Marx just fir ee Gespréich zur Verfügung stéing, wa mir d’Froe virdrun areeche géifen, respektiv keng Fro zu senger Roll a Saachen Panama-Gesellschafte géife stellen. De Schued, deen déi deels inkorrekt Berichterstattung iwwer de Sujet gemaach hätt, wéilt hien elo hannert sech loossen, sou d’Argument.

Eng evident Fro net ze stelle wier ee Vertrauensbroch géigeniwwer eise Nolauschterer. Zum Interview ass et also net komm. Dass d’Panama Papers sou een heikele Sujet fir de Claude Marx sinn, ass an enger Hisiicht erstaunlech: D’Schafe vu Panama-Gesellschaften ass am Prinzip näischt Illegales, iwwer seng Erfahrung mat där Praxis misst hien also kënne schwätzen.

De Problem vum Personalchoix

Mee iwwer d’Vergaangenheet vun enger Bank wéi der HSBC ze schwätzen, ass fir ee Chef vun enger Iwwerwaachungsautoritéit prinzipiell eng delikat Affär. A genau do läit de ganze Problem vun dësem Personalchoix vum Finanzminister.

An enger Rei Länner ass wéinst presuméierter Geldwäsch géint HSBC enquêtéiert ginn. 1,9 Milliarden US-Dollar Strof huet d’Bank an den USA bezuelt, 40 Millioune Frang an der Schwäiz. An och zu Lëtzebuerg gouf et eng Polemik, op déi den US-Magazin "The New Yorker" an enger rezenter Ausgab ze schwätze kënnt: Eng laangjäreg Mataabeschterin vun HSBC ​a Responsabel vum Service "Compliance" seet, si hätt intern Alarm geschloen, well d’Kontrolle fir Geldwäsch z’evitéieren, net eescht genuch geholl gi wieren. D’Sue Shelley ass entlooss ginn. Ee Lëtzebuerger Geriicht huet d’Entloossung als "abusif" deklaréiert.

Géint d'Ofschafe vum Bankgeheimnis

2010 huet de Claude Marx sech als deemolege Vize-Generaldirekter vun der HSBC zu Lëtzebuerg kloer géint d’Ofschafe vum Bankgeheimnis ausgeschwat. An der belscher Wirtschaftszeitung "L’Echo" gouf hie mat der Ausso zitéiert, et géif "banque privée" heeschen, an net "banque publique". Automateschen Informatiounsaustausch wier wéi wann ee bei den Dokter géif goen, an deen dono ee Rapport un d’Regierung géif schécken.

Et kann een dem Claude Marx gleewe wëllen, datt hien elo alles dru setzt, fir ee Mentalitéitswiessel op der Lëtzebuerger Finanzplaz duerchzesetzen. Seng eege Vergaangenheet steet him dobäi am Wee, dee Message um Radio och der grousser Ëffentlechkeet z’erklären. Mee laanscht eng Vergaangenheetsbewältegung wäerte Finanzplaz, Politik a Gesellschaft net kommen.