Formatioun Brauch Lëtzebuerg en Zentrum fir politesch Bildung?

D’Demokratie stäerken an dem Populismus entgéint wierken. Dat sinn der Regierung no d’Aufgaben vun deem neien Zentrum fir politesch Bildung. Dee soll ënnert anerem Enseignante fir dës Thematik sensibiliséieren.

Chris Zeien / cwi

Zentrum fir politesch Bildung
Claude Meisch, Xavier Bettel, Nico Meisch, Marc Schoentgen. Foto: MENEJ

Friemefeindlechkeet a Populismus sinn an Europa am Opschwong, esou de Premier Xavier Bettel bei der Iwwerreechung vun de Schlëssele vun deem neien Zentrum fir politesch Bildung den 14. Oktober. An Zäite vun de soziale Medie kéinte vill Leit nëmme schwéier den Ënnerscheed maachen, tëscht enger seriö recherchéierter Informatioun a renger Manipulatioun, huet de Premier betount.

Extremismus, Populismus a fundamental Ideologien, mee och Sujeten wéi d'Zukunft vun Europa, d'Flüchtlingskris an d'Wirtschaftskris géifen een all Dag dozou zwéngen, sech ze positionéieren an nozedenken. Dat géif och fir Lëtzebuerg gëllen, esou de Xavier Bettel. D'Heterogenitéit vun der Gesellschaft wier een Atout. Gläichzäiteg wier et awer och eng Erausfuerderung. "D'Erhale vun der sozialer Kohäsioun an dësem multikulturelle Räichtum sinn Erausfuerderungen, iwwer déi fir d'Zukunft vun eisem Land nozedenken ass,"

Nom däitsche Modell

De Lëtzebuerger Zentrum fir politesch Bildung soll elo Konzepter ausschaffen, fir Kanner an och Erwuessener z'encouragéiere fir kritesch, engagéiert a responsabel Bierger ze ginn, esou de President vum Zentrum, de Nico Meisch. Den Zentrum ass eng autonom Stëftung, déi komplett onofhängeg vun der Lëtzebuerger Regierung schaffe soll. Als Virbild gouf sech déi däitsch Bundeszentrale für politische Bildung geholl. Et wéilt een enk zesumme schaffen, fir z'erreechen, datt d'Bierger méi demokratesch géife ginn, betount de Nico Meisch. "Mir wëllen hinne mat moderne Beispiller vun anere Plaze weisen, wéi ee verschidde Weeër ka goen."

Et wier eng enk Zesummenaarbecht geplangt, confirméiert de Pressespriecher vun der Bundeszentrale für politische Bildung, Daniel Kraft. Et géif en intensiven, informellen Austausch tëscht deenen zwee Zentre ginn. "D'Kooperatioun baséiert sech virun allem um Wëssens- an Erfarungsaustausch." De Lëtzebuerger Zentrum fir politesch Bildung kéint dobäi vun der Experienz vum däitschen Zentrum fir politesch Bildung profitéieren, betount den Daniel Kraft.

Demokratie liewen

Politesch Bildung wier e Schlëssel dofir, datt Demokratie aktiv gelieft géif ginn, ënnersträicht den Daniel Kraft. Et wier wichteg, datt all Mënsch sech an den demokratesche Prozess géif abréngen an d'Gesellschaft mat gestalt.

Déi nei Institutioun soll an enger éischter Phase vun zwee Enseignantë geleet ginn, déi de Projet selwer mat ausgeschafft hunn. Si sollen ënnerstëtzt gi vun dräi Employéen, déi Vollzäit am Zentrum schaffen. Eng vun hiren Aufgabe ass et, fir d’Léierpersonal méi staark fir d’Thema politesch Bildung ze sensibiliséieren. Dat gesäit de Camille Weyrich, President vun der FÉDUSE awer kritesch. Hien hofft, datt net vun uewe Formations continues octroyéiert géife ginn, wéi et beim Fach Liewen a Gesellschaft de Fall wier, "ob ee si brauch oder net."

De FÉDUSE-President fuerdert, datt d'Enseignante selwer decidéieren, ob a wéi si vun der Offer vum neien Zentrum fir politesch Bildung wëlle profitéieren. "Si wëssen am Beschten, wat si brauche fir mat hire Schüler hiren Enseignement ze maachen."

"Den Tris maachen"

D’Konzept fir d’Formatioun vu Jonken an Erwuessene muss nach ausgeschafft ginn. Déi Responsabel wëllen Initiativen déi et scho gëtt koordinéieren a selwer Initiativen entwéckelen, fir Jonker baussent de Schoulen ze sensibiliséieren. "Mir liewen an enger Zäit, an där mir en totalen Iwwerfloss un Informatiounen an Informatiounsquellen hunn, betount de Camille Weyrich vun der Enseignantsgewerkschaft. Et wier wichteg den Tris vu fir Lëtzebuerg relevante Medien ze maachen.

Dernieft misst ee mat de Schoule kucken, wat d'Bedürfnisser a Saache politesch Bildung wieren. Offeren an deem Beräich géif et nämlech scho ginn. "Et muss ee kucke fir déi Programmer zesumme mam Zentrum eng Kéier op de Leescht ze huelen." De Camille Weydert kritiséiert iwwerdeems, datt d’Zivilgesellschaft net genuch am Conseil d’Administratioun vertruede wier.

Material jo, e separate Cours, nee

D’Coordinatrice vum Service Medien aus dem Lycée Aline Mayrisch, d’Judith Reicherzer, begréisst d’Initiativ vun der Regierung. Et wier gutt, d’Proffen ze dofir sensibiliséieren, wéi si aktuell politesch Entwécklungen op eng einfach an efficace Manéier kéinte mat de Schüler behandelen.

Ee separat Fach an deem d’Schüler nëmmen aktuell Sujete méi no bruecht kréichen, wier awer net de richtege Wee. Déi Sujete géifen nämlech souwisou opkommen. Dat hätt een zum Beispill no de Paräisser Attentater gesinn. "Do ass de Sujet an all Cours behandelt ginn, vum Franséischcours bis iwwer de Geschichtscours." All Mënsch hätt versicht domat eens ze ginn an d'Thematik esou obzebereeden, datt och d'Schüler hätte kënnen domat eens ginn. "Wann da Material do ass, ob dat ee séier kann zeréck gräifen, wier dat den Idealfall", mengt d'Judith Reicherzer.

Wéini genee den Zentrum fir politesch Bildung operationell ass, steet de Moment nach net genee fest. Fir dat nächst Joer ass e Budget vun 410.000 Euro virgesinn.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Chris Zeien
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Adam
Educatioun

"Ech sti loyal zu deem, wat den Educatiounsminister mécht", seet de Claude Adam. Hie begréisst, datt d'Educatiounspolitik net méi esou vill vun den Enseignantsgewerkschafte gedroe gëtt.

Schüler am Physiks-Cours
Enseignement

Wéi kann een de Schoulalldag besser gestalten? Wéi gesäit d'Schoul vun der Zukunft aus? D'Lycéesreform soll op d'Besoine vun de Schüler agoen, an nei Technolgien an d'Schoul bréngen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen