Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Hoffen op "eng Scheedung am Gudden"

Referendum a Groussbritannien

Brexit: Hoffen op "eng Scheedung am Gudden"

Nodeems kloer ass, datt d'Brite fir ee Brexit gestëmmt hunn, huet de Premier David Cameron um Freideg annoncéiert, datt hie fir Oktober wëll zrécktrieden. D'EU kuckt lo op d'Austrëttsverhandlungen.

auto_stories

8 min

D'Briten hu sech den 23. Juni fir ee Brexit ausgeschwat

  • Offiziellt Resultat: 51,9% fir de Leave - 48,1% fir de Remain

  • Premier David Cameron zitt sech bis Oktober zréck

  • "Brexit net Ufank vum Enn vun der EU", sou Juncker

  • Staark Reaktiounen op de Boursë weltwäit


De britesche Premier David Cameron zitt Konsequenzen aus dem Referendum vum 23. Juni 2016. Bis Oktober zitt hien sech als Regierungschef zréck, sot hien um Freideg Moien op 10 Downing Street. De Wëlle vum Wieler misst respektéiert ginn, sou de Cameron weider. "Lo kënnt et op d'Austrëttsverhandlungen un".

No 43 Joer an der EU kënnt also de "Leave": Dem offizielle Resultat no, dat déi britesch Wahlkommissioun matgedeelt huet, hunn den 23. Juni 51,9% vun de Brite fir de "Leave" gestëmmt an 48,1% fir de "Remain". An absoluten Zuele sinn deemno 17,4 Millioune Brite fir de "Leave" a 16,1 Millioune fir de "Remain". 46 Millioune Brite waren opgeruff ze wielen, d'Wahlbedeelegung läit offiziell bei 72,2%. Am ganze goufen 33,5 Millioue Wahlziedelen ausgezielt.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot an der Mëttesstonn zu Bréissel, de Brexit wier "net den Ufank vum Enn vun der EU". Hien huet dofir plaidéiert elo séier mat den Austrëttsverhandlungen unzefänken. "Wa mer elo ze laang waarden, da verlängere mer d'Onsécherheet onnéideg", sou de Jean-Claude Juncker.

Et wier een net presséiert fir d'Verhandlungen mat der EU iwwert den Austrëtt unzefänken, seet d''Haaptfigur vun der Campagne fir den Austrëtt, de Konservative Boris Johnson. Fir d'Verhandlungen unzefänke muss den Artikel 50 vum europäeschen Traité vun der britescher Regierung invoquéiert ginn. "Dat ass am Moment de gréisste Straitpunkt", sou de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Senger Meenung no géing et eng Tendenz a Groussbritanne gi fir ze soen: "mir hunn ofgestëmmt, also si mir raus".

"Och eng Chance fir Europa"

D'Unhänger vum Brexit felicitéiere sech an hunn den 23. Juni zum "Independence Day" deklaréiert. "Mir brauchen elo eng Brexit-Regierung", seet den Nigel Farage vun der europakritescher UKIP-Partei (pro-Brexit).

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel seet, hie géif den Ausgank vum Referendum bedaueren, mee respektéieren. A sengen Aen géif de Brexit net d'Enn vum europäesche Projet bedeiten. Um 9 Auer ass d'Regierung fir een aussergewéinleche Conseil zesummekomm, fir iwwer d'Konsequenze vum Referendum ze beroden.

Duerno sot de Premier: "Ech hoffen, datt et eng Scheedung am Gudde gëtt". Bei de Verhandlungen tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekraich, déi elo uginn, kéint London awer net hoffen, all d'Virdeeler ze behalen a gläichzäiteg all d'Obligatiounen ofzeginn. Dat géing par konter net bedeiten, datt ee misst London bestrofen.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry gesäit am Brexit och ee méiglechen Hoffnungsschimmer:

Récktrëtt vu Schulz a Juncker gefuerdert

"Roueg bleiwen ass elo dat wichtegst", seet de Claude Turmes. De gréngen EU-Deputéierte mengt, et wier wichteg, datt et elo net zu Panik op de Finanzmäert kennt oder zu engem Domino-Effekt. De Claude Turmes mengt awer och, datt an enger Zäit vu grousser Onsécherheet bei de Leit, et wichteg wier, kloer ze definéieren, wat den europäesche Projet muss leeschten.

"Et wäert keng Kettereaktioun ginn", do ass de President vum EU-Parlament Martin Schulz sech um Freideg Moie sécher. "Ech mengen net, datt aner Länner mat op dee geféierleche Wee wäerte goen". D'Beatrix von Storch, Vize-Presidentin vun der rietspopulistescher AfD an Däitschland huet iwwerdeems de Récktrëtt vum Martin Schulz, grad wéi vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gefuerdert. D'Resultat vum EU-Referendum wier "ee kloert Signal".

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun zu Lëtzebuerg, Marc Angel, seet, hie géif bedaueren, "datt et souwäit komm ass". "Ech mengen, et wäert negativ politesch an och wirtschaftlech Konsequenzen hunn", sou de Marc Angel. Et wier ëmmer Schued wann aus engem Integratiounsprozess ee Member sech géif lassléisen. Et misst een awer elo "de Wëlle vum britesche Vollek" respektéieren.

An Holland gëtt et Applaus vum Geert Wilders. "Mir wäerten déi nächst sinn", sot hien um Freideg Moien. Ähnlech Téin komme vum Front national a Frankräich:

"Léiwer eng uerdentlech Scheedung, wéi e schlechte Mariage": Dat ass d'Reaktioun vun der Viviane Reding. D'CSV-Europadeputéiert seet, London hätt op EU-Niveau permanent op d'Brems gedréckt an dru gehënnert déi richteg Äntwerten op Problemer ze ginn. D'Viviane Reding hofft, datt d'Verhandlungen iwwert den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU séier ginn. Rosen ass si awer iwwer dem David Cameron seng Demissioun: "Et ass onverantwortlech einfach aneren d'Schëff ze iwwerloossen".

Impakt op Lëtzebuerger Industrie a Wirtschaft onkloer

Den OGBL schwätzt vun engem Schock. D'Gewerkschaft seet se wier vum Fong hir géint e Brexit gewiescht. Allerdéngs wier de Vote den Ausdrock vun enger Populatioun, déi dat sozialt Europa vermësst, sou den OGBL-President André Roeltgen.

Och d'Lëtzebuerger Fongenindustrie bedauert eegenen Aussoen no, datt Groussbritannien aus der EU austriede wäert. Der ALFI no ass et schwiereg virauszesoen, wéi en ekonomeschen Impakt de Brexit mëttel- a laangfristeg kritt - och op d'Lëtzebuerger Industrie vun den Investmentfongen, déi staark Relatioune mat der britescher Fongeplaz huet. Den ALFI-Direkter Camille Thommes seet, et wier wichteg d'Situatioun a Rou z'analyséieren an net a Panik ze verfalen.

Et dierft een d'Briten elo net ausschléissen oder bestrofen, sou de Carlo Thelen. Fir Lëtzebuerg wier et wichteg, datt d'Verhandlunge séier viru kommen. Dem Direkter vun der Chambre de Commerce no wier den Impakt vum Bresixit op d'Lëtzebuerger Economie schwiereg virauszesoen. Grond zur Panik géif et awer keng ginn. De Carlo Thelen bedauert virun allem, datt déi Jonk, déi gréisstendeels géint ee Brexit gestëmmt hunn, d'Konsequenze wäerte spieren.

D'Boursen ënner Schock

D'Boursen hu geschockt op déi éischt Resultater reagéiert. Éischt "Affer" vum Brexit ass d'Bourse vun Tokio. De Nikkei-Index fält ëm bal 8%. Den däitschen Aktienindex Dax ass um Freideg Moien ëm 9,72 Prozent gefall. Den Eurozonen-Index EuroStoxx 50 ass ëm 7,6 Prozent ofgerutscht. An op der Londoner Bourse ass den FTSE 100 ëm 8,3 Prozent gefall.

D'Pond ass op de niddregste Stand zanter 1985 gefall. Och den Euro ass gefall a louch um Freideg Moie géintiwwer dem Dollar bei 1,0947. Wéi ze erwaarden huet d'Gold zougeluecht, ëm 5 Prozent, a läit elo um héchste Stand zanter 2014. D'Bank of England huet matgedeelt, datt si alles géif ënnerhuele fir fir "Stabilitéit" ze suergen.

Déi europäesch Zentralbank huet gesot, si wier bereet zousätzlech Liquiditéite bereet ze stellen, "wa néideg".

Wéieng Zukunft fir d'Vereenegt Kinnékräich?

De Referendum huet Groussbritannie gespléckt. D'Schotten am Norde vum Land an och Nordirland hu sech kloer dofir ausgeschwat an der EU ze bleiwen. D'Wieler an England a Wales ware majoritär fir ee Brexit. An der Haaptstad London ass, wéi erwaart, majoritär fir ee "Remain" gewielt (75,3%) ginn.

A Schottland ginn et zanter dem Freideg Moie Spekulatiounen iwwert ee neien Onofhängegkeets-Referendum. D'Regierungscheffin Nicola Sturgeon sot no der Auszielung vun de Stëmmen, d'Resultat géif weisen, datt d'Schotten sech als Deel vun der EU gesinn. 2014 hat eng Majoritéit vu Schotte géint eng Onofhängegkeet gestëmmt.

Déi iresch nationalistesch Partei "Sinn Fein" huet ee Referendum iwwert d'Vereenegung vun Irland gefuerdert. Dat wier een "demokrateschen Imperativ", sot de President Declan Kearney um Freideg Moien.

96% vun den Awunner vu Gibraltar, dem Film am Süde vu Spuenien, hunn um Donneschdeg fir ee "Remain" an der EU gestëmmt. Madrid huet dowéinst um Freideg eng "gedeelte Souveränitéit" iwwer Gibraltar proposéiert. "Den Dag op deem de spuenesche Fändel op Gibraltar flitt ass méi no komm", sot de spueneschen Ausseminister José Manuel García-Margallo an de Medien.

AUDIO

Reaktioun Xavier Bettelplay_arrow

Reaktioun Marc Angelplay_arrow

Reaktioun André Roeltgenplay_arrow

Reaktioun Camille Thommes (ALFI)play_arrow

LINK

Invité vum Dag: Pierre Reyland (100,7 - London)