Radioen

On air

De Weekend  |  Blonde Redhead - Snowman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: d'Konsequenze fir Lëtzebuerg

RIICHT ERAUS

Brexit: d'Konsequenze fir Lëtzebuerg

Déi dräi pro-europäesch Gäscht hunn an der Emissioun "Riicht eraus" de Vote fir e Brexit bedauert. Vill jonk Leit a Groussbritannien hätten hir Zukunft geklaut kritt, esou den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten. Déi britesch an déi europäesch Politik wieren elo gefuerdert, huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar betount. Et ass wichteg, erëm houfreg op Europa ze sinn, sot de Geschäftsaffektot Marc Feider.

auto_stories

3 min

De Marc Feider (Allen&Overy), de Laurent Mosar (CSV) an den Yves Cruchten (LSAP) hunn iwwer d'Konsequenze vum Brexit diskutéiert

"Et ass relativ onwahrscheinlech, datt wéinst dem Brexit grouss Banke mat massiven Employéeszuele sech elo vu London op Lëtzebuerg bewegen", sot de Marc Feider vun der Affekoten-Etude "Allen & Overy Luxembourg" an eiser Emissioun "Riicht eraus". Méiglecherweis kéim awer déi eng oder aner Bank an de Grand-Duché.

Méi wahrscheinlech ass dem Marc Feider no, datt no engem EU-Austrëtt vu Groussbritannien, Verméigensverwalter vu London op Lëtzebuerg oder Dublin wiessele fir Zougank zum europäesche Bannemaart ze behalen. "Dowéinst muss de Grand-Duché sech gutt positionéieren", mengt de Geschäftsaffekot, deen do eng "reell Chance" gesäit.

Risiken duerch nei Aarbechtsplaze vu London

De Marc Feider schwätzt awer och eng Warnung aus: Wa vill Banken a Beschäftegter aus dem Finanzsecteur vu London op Lëtzebuerg géife wiesselen, dann hätt dat eng Präisexplosioun um Wunnengsmaart als Konsequenz. D'Iwwerwaachungskommissioun CSSF misst sech dann och personell verstäerken.

De Geschäftsaffekot ass awer och der Meenung, datt de Standuert Lëtzebuerg als "net besonnesch sexy" gëllt. Wichteg fir d'Attraktivitéit wier et, zum Beispill, fir direkt Flich tëschent Lëtzebuerg an den USA ze schafen.

Ass de Standuert Lëtzebuerg gutt opgestallt?

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet a "Riicht eraus" bedauert, datt d'Regierung net genuch Efforte gemaach hätt, fir sech op e Brexit ze preparéieren a fir déi gesetzlech Konditiounen ze schafe fir d'Haaptsiègë vun Entreprisë kënnen unzezéien. Eréischt elo géif d'Regierung sech Gedanken maache, wéi Lëtzebuerg vum Brexit kéint profitéieren. Dowéinst wier hien e wéineg enttäuscht vun der Regierung, esou den Oppositiounspolitiker.

Dem Laurent Mosar no kéinte weider chinesesch Banke wéinst dem Brexit op Lëtzebuerg kommen, grad wéi eng Rei Banken aus dem arabesche Raum. Donieft wier et néideg, datt déi Banken an aner Entreprisen, déi schonn hei am Land sinn, méi Substanz op Lëtzebuerg kréien.

Start-Upe vu London op Lëtzebuerg?

Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten huet d'Meenung vertrueden, datt Lëtzebuerg gutt opgestallt wier, fir qualifizéiert Personal unzezéien. Et wier awer onrealistesch fir ze mengen, datt de Grand-Duché "d'Halschent vun der Finanzplaz London" kéint ulackelen. Den LSAP-Generalsekretär huet awer och ze bedenke ginn, datt een hei am Land scho laang d'Absicht hätt, fir manner ofhängeg vun der Finanzplaz ze ginn.

"Duerch de Brexit gëtt et eng grouss Chance fir méi Start-Up-Entreprisen op Lëtzebuerg ze kréien", esou nach den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. London wier een Zentrum vun där Zort vun Entreprisen. Et wier awer néideg, datt ee sech hei am Land anescht opstellt, fir ze garantéieren, datt d'Start-Upen u Risikokapital kommen.

Brexit: negativ fir Lëtzebuerger Staatsfinanzen?

Wéinst der grousser Lëtzebuerger Ofhängegkeet vun der internationaler Konjunktur, hofft den Yves Cruchten, datt déi gutt Perspektivë fir d'Staatsfinanzen esou bleiwen, wéi se de Moment sinn. D'Regierung hätt vill Projeten a wichteg Investitioune geplangt.

Méi skeptesch a Saache Lëtzebuerger Staatsfinanzen ass de Laurent Mosar: Déi grouss Onsécherheet wéinst dem Brexit géif riskéieren een negativen Afloss op d'Croissance ze hunn. "Et kéint mol sinn, datt och Lëtzebuerg Repercussiounen ze spiere kritt, mat engem Impakt op d'Staatsfinanzen", esou den CSV-Deputéierten.