EU-Referendum a Groussbritannien Londoner Finanzplaz wëll kee Brexit
D'Politikwëssenschaftlerin vun der "London School of Economics" Waltraud Schelkle ass iwwerzeegt, dass ee Brexit negativ Konsequenzen fir de britesche Finanzsecteur hätt. Grad wéi aner Konkurrenten vun der "City" kéint déi Lëtzebuerger Finanzplaz vun engem briteschen EU-Austrëtt profitéieren.

D'Acteuren op der Londoner Finanzplaz si gréisstendeels fir eng weider EU-Memberschaft vu Groussbritannien, sou d'Waltraud Schelkle. D'Politikwësseschaftlerin betount am 100,7-Interview, dass déi britesch Finanzhaiser ee besonnescht Interessi um Handel mam Euro hätten. Mat engem Austrëtt misst Groussbritannien eventuell op verschidden Aktivitéiten an deem Beräich verzichten. Méi europaskeptesch wieren an éischter Linn d'Manager vun Hedge Fongen.
Déi meescht Wësseschaftler ginn dervun aus, dass een EU-Austrëtt negativ Konsequenzen fir de britesche Finanzsecteur wäert hunn. Wéi grouss de Verloscht un Aarbechtsplazen gëtt, wier awer schwéier anzeschätzen, sou d'Waltraud Schelkle. Déi Lëtzebuerger Finanzplaz géif an deem Fall Maartundeeler gewannen, sou hir Aschätzung.
Den 23. Juni stëmmen d'Briten iwwer d'Zukunft vun hirer EU-Memberschaft of. Aus de Sondagen ergëtt sech nach kee kloren Trend, ausser datt et wuel ee knappt Resultat gëtt.
Den Interview vum Pia Oppel mam Waltraud Schelkle:
Den David Cameron konnt zu Bréissel keng Zougeständnisser eraus schloen fir dee britesche Finanzsecteur. Sinn d'Acteuren do dann elo fir oder géint ee Brexit?
An der "City" sinn d'Pro-Europäer kloer an der Majoritéit. Net wéinst Europa-Enthusiasmus, mee wéinst Geschäftsinteressen. Groussbritannien ass an där widderspréchlecher Situatioun, dass et quasi de Finanzzentrum vun der Eurozone ass, ouni selwer zur Eurozone ze gehéieren. Dass se Geschäft kënne behalen, gëtt mat engem EU-Austrëtt manner wahrscheinlech, well d'Argument vum gemeinsame Bannemarché dann net méi gëllt. Zum Beispill kéint déi Europäesch Zentralbank soen, dass de Clearing vun Derivaten an Euro muss bannent hirer Jurisdiktioun als Opsiichtsautoritéit geschéien.
D'EZB hat schonn emol versicht esou z'argumentéieren. Groussbritannien krut dunn awer virum Europäesche Geriichtshaff Recht. Dat awer wéinst engem juristeschen Detail, dat een nach korrigéiere kéint. D'EZB huet mat Groussbritannien festgeluecht, wat geschitt wann déi britesch Finanzplaz als Clearing-Plaz fir Euroen a Liquiditéitsschwiiregkeete geréit. Mee se kéint deen Accord och nees réckgängeg maachen. Am Fall vun engem EU-Austrëtt gëtt dat sécher vun enger Rei Memberstaate gefuerdert. An dat sinn dann Milliarden, déi der Londoner Finanzplaz verluer ginn.
Wéi eng Finanz-Aktivitéiten kéinten da vum Brexit profitéieren?
Ganz sécher d'Hedgefongen. Déi waren zimlech brüskéiert, datt d'EU während der Finanzkris versicht huet séier ze reguléieren, fir een internationale Standard ze setzen. D'Hedgefongen an d'Gehälter vun de Fongmanager reguléiert. An dat huet d'Hedgefongen immens opbruecht, well se sech net als responsabel fir d'Finanzmisère gesinn. Dat stëmmt och. Mee d'Regulateuren hunn argumentéiert, datt net als éischt nees eng riseg Kris muss geschéien, éier ee reguléiere kann. A Groussbritannien sinn dowéinst eng Rei Hedgefongen ganz involvéiert an d'Campagne fir aus der EU auszetrieden.
An engem Rapport vun der englescher Zentralbank heescht et, dass dee britesche Finanzsecteur sou staark gewuess ass, wéinst dem Accès zum europäesche Bannemarché. Dofir gouf de Chef vun der Bank of England schaarf kritiséiert, dee Rapport wier tendenziéis a pro-europäesch. Wéi gesitt Dir dat?
Et kann ee ganz däitlech soen, datt d'City wierklech een Opschwong erlieft huet mam Bannemaart, also an de fréie 90er Joren. Soss ginn et nach aner kleng Finanzplazen, zum Beispill Edinburgh. Oder soss ginn et vill Assurancen, Business-Déngschtleeschter, déi ganz legal Servicer. An do sinn d'Jobs zum Deel guer net zu London. Ech si mir net ganz sécher, ob d'Leit sech bewosst sinn, wéi vill un deenen Aktivitéiten hänkt. Am Rapport vun der Bank of England kënnt Dir gesinn, datt den Opschwong vun der Londoner Finanzplaz mat der europäescher Integratioun zesummen hänkt.
Den Ament kann een iwwer déi potentiell Konsequenzen vun engem EU-Austrëtt vun den Experten quasi alles héieren: Vu fënnef Milliounen Aarbechtsplaze wäerte verluer goen, bis zu bal guer näischt wäert geschéien. Oder, dass den Iwwergang sou lues ass, dass een dovunner kaum eppes wäert mierken. Dës Prognose hänken dacks vun den eegenen Interessen of, vun där Persoun déi se mécht. Mee d'Bank of England ass et kloer: Méi eng Relatiounen zur Eurozone ass fir si vu Virdeel. Et huet een e gemeinsamt Interesse u Stabilitéit. Dem Mark Carney, de Chef vun der Bank of England, muss een eppes loossen: Hie léisst sech vu senge Kritiker net beandrocken. Virun zwee Deeg huet hien nees gesot, dass et mam Brexit grouss Instabilitéiten wäerte ginn. Hien huet scho kloer gemaach, dass e keng zweet Amtszäit ustrieft. An deem Sënn ass hien wierklech onofhängeg.
Och d'Wëssenschaftler sech net eens sinn, ob en EU-Austrëtt am Interessi vun der City wier oder net. Firwat?
Dat erkläert sech einfach doduerch, dass esou vill Saachen dann anescht sinn a sou vill Variabelen sech dann veränneren. Sou dass een net ka soen, wat d'Netto-Resultat ass. Ech sinn zimlech sécher, dass et Verloschter wäert ginn. Mee wéi héich déi sinn, do géif ech och keng Prognose woen.
Wat een awer mat Sécherheet ka soen: D'Regierung an d'Steierzueler wäerten ee Verloscht erleiden, a Saache "Politik-Capacitéit". Hei gëtt ëmmer sou gemaach, ewéi wa Bréissel d'Source wier vun all Bürokratie. Tatsächlech weess een, datt de britesche Staat sougenannt "gold plating" mécht. Op eng EU-Direktiv ginn nach zousätzlech Regulatiounen drop gesat. An dat geschitt ganz besonnesch am Finanzsecteur. Bei de Basel-3-Virschrëften iwwer d'Kapitalufuerderungen huet Groussbritannien méi strikt Reegelen decidéiert. An Zäite vu staarker Onsécherheet, reguléiert een d'Finanzinstituter méi a verschaaft sech grad doduerch ee Wettbewerbsvirdeel. Mee dat ass d'Muster, mat deem déi britesch Regierung grad wéi anerer schafft. Ëmmer wann eppes doheem kritiséiert gëtt, da gëtt ee Bréissel d'Schold. Gläichzäiteg benotzt een déi europäesch Kompromësser fir Saachen duerchzesetzen, déi een ouni d'EU géint d'Acteuren doheem net hätt kënnen duerchsetzen.
Fir d'EU als Hiewel ze benotzen fir Saachen, déi se eigentlech souwisou wëll, doranner ass déi britesch Regierung besonnesch gutt. Fir de Steierzueler virun der City ze schützen, dozou dréit d'EU also bäi. De Problem ass just, de britesche Steierzueler gesäit dat net ganz esou an ass eigentlech éischter europaskeptesch agestallt. Mee net aus gudde Grënn, fäerten ech.
A Groussbritannien gëtt den Ament méi iwwer d'Modalitéiten vum Austrëtt diskutéiert, ewéi iwwer de Pro an de Contra vun der EU-Memberschaft. Stëmmt deen Androck, och a Bezuch op de Finanzsecteur?
Deen Androck stëmmt an et kann een dorunner ofliesen, dass d'Regierung ganz schlecht op dës Campagne virbereet war. Si huet laang näischt gesot, a keen aus der Regierung huet dierfen zu eisen Hearinge kommen. Eréischt wéi de Cameron zréck war mat dem Virschlag, deen zu Bréissel verhandelt gouf, konnt een d'Minister lues a lues héieren, wéi se sech positionéieren. Am Finanzsecteur ass genau dat nämmlecht geschitt. Mir haten d'British Banker's Association invitéiert fir een Hearing. Keen ass komm. D'City selwer ass zeréckhalend, fir hei ze argumentéieren. D'Associatioun vun den Industriellen war déi eenzeg, déi sech mat enger Zort Horror-Szenario kloer positionéiert huet. Woubäi ech net weess, ob dat vill ännere géif. Well hei sinn d'Banker net beléift, och wéinst der Finanzkris fir déi elo jidderee muss bezuelen. De Problem ass also éischter, dass d'Politik an aner Leit net wierklech eng Campagne féieren.
Et ginn Drëttstaaten, déi awer enk un den EU-Bannemaart ugebonne sinn. Wat fir ee Modell wéilt Groussbritannien da suivéieren, wann et zum Brexit kéim?
Am Prinzip wier de Schwäizer Modell dee Beschten, oder och Norwegen. Als éischt gouf gesot, Norwegen ass d'Virbild. Dann huet ee gemierkt, dass een dann awer muss Bäitreeg bezuelen an och d'Migratiounspolitik muss mat droen. D'Schwäiz ass dann als Modell méi populär ginn. Mee och do huet ee festgestallt, dass déi aus der Immigratiounsfro net eraus kommen. Also huet ee kee sou richtege Modell fonnt. Mëttlerweil heescht et, dass ee sech als fënnef-gréisst Vollekswirtschaft op der Welt een eegene Modell ka bauen a souvill besser Konditioune vun der EU kritt. Mee dat hei ass net spezifesch en Thema fir de Finanzsecteur, mee fir de Baussenhandel allgemeng.
Haalt Dir dat fir ee realistesche Szenario, datt déi Lëtzebuerger Finanzplaz vum Brexit profitéiert?
Wann et eng Netto-Ofwanderung gëtt, wat ech och vermudden, da muss déi jo iergendwou higoen. Dat ass och scho geschitt. Zum Beispill huet sech eng Bank sech dann amplaz zu Warschau néier gelooss, also och net an der Eurozone. Trotzdem géif ech mengen, jo, Lëtzebuerg, Frankfurt a Paräis kënne sech vum Brexit just Virdeeler erhoffen.