Radioen

On air

Kultur um 5  |  LCD Soundsystem - Time To Get Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Austrëtt, vill Perspektiven, mee och oppe Froen

Réckbléck Brexit

Een Austrëtt, vill Perspektiven, mee och oppe Froen

De Brexit wäert signifikant Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn, besonnesch fir d'Finanzplaz. Mee vun Ufank u war kloer, datt déi net nëmmen negativ wäerte sinn. Ee Réckbléck an Ausbléck.

auto_stories

5 min

De Brexit wäert Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn, an net nëmme negativer.

Scho virum Referendum vum 23. Juni 2016 huet een zu Lëtzebuerg Stëmmen héieren, déi den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU net just als politesch an ekonomesch Katastroph wollte gesinn. Zum Beispill den Chief Investment Officer vun der BIL, Yves Kuhn. Hien huet eng Opportunitéit dra gesinn, duerch de Brexit "méi Leit, méi Wëssen" kënnen unzezéien.

Fir d'éischt gouf awer nach op d'Resultat vum Referendum gewaart a gestaunt, wéi d’britescht Vollek der EU awer de Kuerf gouf. An den Echo vun de méi oder manner populistesche Parteien, déi duerno no manner Europa a méi Nationalstaat geruff hunn, war doroshin och am Lëtzebuerger Parlament ze héieren. Bei der politescher Brexit Debatt am Juli sot den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser zum Beispill, déi europäesch Traitée missten nei negociéiert ginn."Mir kënnen net sou virumaachen. A wéi vill anere Länner hu mer ähnlech Tendenzen, also de Ruff no Referenden a Verännerung? Solle mer daf bleiwen oder musse mer dat respektéieren?", sou déi éischter rhetoresch Froe vum Deputéierten.

De Leit erëm Loscht op Europa ginn

De politeschen Establishment huet och zu Lëtzebuerg insistéiert, datt d'EU-Länner grad elo, a méi wéi jee, missten zesummenhalen. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger sot, et misst een de Leit och nees méi Loscht op Europa ginn, zum Beispill "andeems een hinne kloer mécht, wat Europa deem Eenzele bitt". Europa géif, ënnert anerem, fir déi fräi Zirkulatioun vun de Persoune stoen, an also fir d'Tatsaach, datt déi Jonk an anere Länner kënne studéieren a schaffen.

An där europäescher Vertrauenskris, déi mam Brexit e virleefegen Héichpunkt erreecht huet, huet de Premier Xavier Bettel sengersäits betount, datt och Lëtzebuerg seng Responsabilitéite misst iwwerhuelen: "Mir sollen ophalen ze maachen, wéi wann zu Bréissel just Marsmännercher géife sëtzen mat deene mer näischt ze dinn hätten. Mir sollen ni vergiessen, datt mir och zu Bréissel vertruede sinn a mat decidéieren, wat geschitt".

Lëtzebuerg verléiert een Alliéierten

Wat déi méiglech negativ ekonomesch Konsequenze vum Brexit ugeet, hunn d'OECD, an d’Ratingagencen, Lëtzebuerg als eent vun deenen EU-Länner identifizéiert, déi am meeschte betraff wieren. Beim Lëtzebuerger Aussenhandel war Groussbritannien, dem STATEC no, zejoert nämlech dee fënneft wichtegsten Export-, an dee siwent wichtegsten Import-Partner. Nach méi exposéiert ass Lëtzebuerg bei de Finanz-Zerwisser. "15 Prozent dovu ginn a Groussbritannien exportéiert", sou de Ferdy Adam vum STATEC.

An deem Kontext huet de Finanzminister net verstoppt, datt Lëtzebuerg mat Groussbritannien ee wichtege politeschen Alliéierten an der EU verléiert. Déi liberal Finanz- a Wirtschaftspolitik, déi d’Briten dacks mat Succès op EU-Niveau duerchgesat kruten, huet Lëtzebuerg nämlech net geschuet. "Fir d'Finanzplaz London ass et, grad wéi fir Lëtzebuerg, wichteg, attraktiv ze si vis-à-vis vun Europa an och der Welt. Do si mir an engem Boot a mir suergen dofir, datt bei den EU-Direktiven, déi heiansdo ze vill 'nombrilique' sinn, och un d'Attraktivitéit vun Europa geduecht gëtt", sou de Pierre Gramegna.

Lëtzebuerg ass kee Geier

Nom britesche Referendum hunn europäesch Stied a Finanzplazen sech séier positionéiert, fir britesch Entreprisen unzezéien, déi den Accès zum EU Bannemaart, an deen dofir essentiellen europaesche Pass, net wëlle verléieren. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet der Regierung an deem Kontext awer virgehäit, de Konkurrenten "de Kuch z'iwwerloossen"

De Finanzminister Pierre Gramegna huet gekontert: Lëtzebuerg géif sech net wéi e Geier op déi nei Opportunitéite stierzen, mee hätt eng méi diskret Approche: "Ech kann Iech soen, datt mir scho laang a Groussbritannien um Radar sinn, an dat ass och gutt esou. Well déi, déi elo am häertste jäizen, ware virdru laang net präsent"

"Wëlle kee Monaco vum Norden hei"

Fir britesch Banken- a Finanzgesellschafte vum Standuert Lëtzebuerg z'iwwerzeegen, gouf eng nei Brexit Task Force gegrënnt. Ënnert de Memberen ass den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance. Hie gëtt dem Finanzminister Recht a seet: Lëtzebuerg hätt vill Viraarbecht geleescht, virum Brexit, a géif elo zu London keng aggressiv Marketing-Strategie méi brauchen: "Lëtzebuerg ass deelweis grouss ginn duerch d'Affären, déi mer am Beräich vun de Fongen, zum Beispill, vu London kruten. Relativ sécher ass, datt verschidden Aktivitéite kënnen a wäerte vu London op Lëtzebuerg verlagert ginn".

Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ass et awer wichteg opzepassen, datt beim eventuellen Transfert vu briteschen Aktivitéiten och déi richteg Substanz derhanner stécht: "Mir wëlle kee Monaco vum Norden hei, wou d'Wunnen nach méi onerschwénglech gëtt, a wou just nach 'high net worth individuals' ronderëm lafen".

Net nëmme Finanzen, mee och Medien

Fir dat ze verhënneren, gouf och eng interministeriell Brexit Task force gegrënnt. Enn Juli ass dunn eng grouss Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzmissioun op London gereest. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot, datt net just britesch Finanz-Entreprisen u Lëtzebuerg interesséiert wieren, ma och därer, déi hir europäesch Headquarteren eventuell heihinner wéilte verleeën. "Zu London ginn et ronn 50 TV-Senderen, déi mat europäesche Lizenze schaffen. A Lëtzebuerg huet jo awer och als Mediestanduert een Numm", huet de Wirtschaftsminister festgestallt.

Bei alle gudde Kontakter an Triple A, déi Lëtzebuerg huet, dierft een awer eppes net vergiessen, hat de Marc Feider, vun der Affekoten Etude Allen & Overy an eiser Emissioun "Riicht eraus" nach betount, d'Attraktivitéit vu Business- a Finanz-Standuerter géif och vu sougenannte "softe" Facteuren ofhänken, wéi zum Beispill déi allgemeng Liewensqualitéit. "Lëtzebuerg gëtt wahrscheinlech net als besonnesch sexy ugesinn. Et huet zwar de Cliché vun enger gudder Plaz fir seng Kanner opzezéien, mee et kann een hei awer net erwaarden, datt d'Liewen um 23 Auer owes pulséiert".

Ofwaarden

Déi ëffentlech Ukënnegungen aus Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzkreesser iwwer e méiglechen Transfert vun Aktivitéiten aus Groussbritannien bleiwe bis elo éischter vague. De Generaldirekter vun der Banken-Associatioun ABBL, Serge de Cillia seet, et géifen eng Rei Banken iwwerleeën, fir hiren europäeschen Headquarter op Lëtzebuerg ze verleeën. Wéi eng dat genee sinn, weess hien awer net.

Wéi vill a wéi eng britesch Geschäfts- a Finanzaktivitéite wéinst dem Brexit op Lëtzebuerg wäerte kommen, dierft eréischt méi kloer ginn, wann d'Brexit-Verhandlungspositioune vun der EU a vu Groussbritannien bekannt ginn.