Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Zousazleeschtunge fir 2017 geplangt

Caisse médico-complémentaire mutualiste

Nei Zousazleeschtunge fir 2017 geplangt

D'Caisse médico-complémentaire mutualiste wëll méi attraktiv gi fir Jonker. Privat Zousazversécherer géifen der CMCM absënns dës Memberen ewech huelen, seet de Generaldirekter Fabio Secci. Dat wier awer net deen eenzege Gronn firwat regelméisseg Memberen ofsprangen.

Michel Delage

auto_stories

3 min

Fabio Secci

D'Mutuelle ass eng Gesellschaft ouni Gewënnzweck a lieft alleng vun de Cotisatioune vun hire Memberen. An der Moyenne géif d'CMCM eng 1.500 Familljen d'Joer verléieren, sou de Fabio Secci. Firwat dat esou ass wéilt een deemnächst méi genee erausfannen. D'Membere géifen an Zukunft méi regelméisseg informéiert ginn.

Privat Zousazversécherer wiere besonnesch fir jonk Leit interessant, déi mat Assurance-Packagë géifen ugelackelt ginn. "Wa mir genuch attraktiv wiere respektiv besser géifen iwwert eis Leeschtungen informéieren, da wieren déi Leit ni fortgaangen", erkläert de Fabio Secci. Fir Jonggesellen ënner 30 Joer ouni Kanner huet ee schonn emol eng 10-prozenteg Reduktioun op d'Cotisatioun agefouert.

"Wann et wierklech schlëmm gëtt, dann ass ee komplett couvréiert"

D'Caisse médico-complémentaire, "hannert där eng komplett aner Philosophie stécht", hätt duerchaus eppes ze bidden. "Wann et wierklech schlëmm gëtt, dann ass ee komplett couvréiert. Dat ka keen aneren ubidden", seet de Fabio Secci. Member kéint jidderee ginn, ob gesond oder krank. An de Genoss vun de Prestatioune kënnt een no enger Karenzzäit vun dräi Méint (fir de Basisregime) respektiv néng Méint (fir den Zousazregime Denta- an Optiplus). D'Cotisatioune ginn an d'Luucht fir Leit, déi no hirem 40. respektiv 70. Liewensjoer Member ginn.

De fréiere Banquier Secci leet zënter engem Joer d'Geschécker vun der fréierer "Caisse médico-chirurgicale mutualiste" (de Begrëff "chirurgicale" gouf duerch "complémentaire" ersat). Déi nei CMCM huet elo schonn ee vun hiren historesche Problemer geléist. Neierdéngs gëtt et Spezialoffere fir Betriber. Bis dohi wier dat e komplizéierte System gewiescht fir Salariéen eenzel anzestufen. Geschaf gouf des weideren e "Comité gracieux", eng Instanz, déi sech ëm Härtefäll bekëmmert. Déi sinn elo statutaresch geregelt.

Nei Zousazleeschtunge fir 2017

D'CMCM hätt dëst Joer iwwerdeems hir Konten an den Equiliber bruecht, sou hire Generaldirekter. Wéinst dem Succès vun der Zousazprestatioun fir Zännbehandlungen (Dentaplus) wier eng Iwwerconsommatioun vu bal 14 Milliounen Euro entstan. Fir dëse Verloscht z'equilibréieren hätt d'CMCM zënter 2010 en Deckel agefouert an de Remboursement vum Dentaplus-Regime vun 80% op 70% erofgesat.

"Well déi Garantie elo am Iwwerschoss ass wëlle mer eis am Laf vun 2016 iwwerleeën, wat mer un Zousazleeschtunge kënnen ubidde fir 2017", sou de Fabio Secci. Méiglech Pistë geséich een an der Preventioun vun Zocker- an anere Krankheeten, déi een einfach iwwer Bluttanalysen oder soss Depistagë ka feststellen.

De Fabio Secci war Invité beim Mick Entringer: