Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - I Don't Wanna Get Drafted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Canet: Accord tëscht PwC an Halet "wäerft Froen op"

Luxleaks

Canet: Accord tëscht PwC an Halet "wäerft Froen op"

Am Kontext vum Luxleaks-Prozess seet de franséische Journalist Jean-Pierre Canet d'Roll vum Auditeur PwC géif Froen opwerfen. Et hätt een d'Gefill, datt PwC "groussen Drock gemaach hätt", an zwar op den drëtten Ugekloten a fréiere PwC-Mataarbechter Raphaël Halet. De Jean-Pierre Canet ass sech sécher, datt den Edouard Perrin sech näischt virzewerfen huet. Dat sot hien am Virfeld vum zweete Prozessdag.

auto_stories

4 min

De Jean-Pierre Canet ass, wéi de Edouard Perrin, Journalist bei "Cash Investigation"

De Jean-Pierre Canet ass Journalist fir Cash Investigation op France 2, grad wéi den Ugekloten Edouard Perrin; vun 2012 bis 2014 souz de Canet och an der Chefredaktioun vun der Emissioun. Och dëser Deeg ass de Jean-Pierre Canet a Kontakt mat sengem Aarbechtskolleg.

Et géif dem Perrin gutt goen, seet hien an engem Interview, deen am Virfeld vum zweete Prozessdag opgeholl gouf. Hie wier frou iwwer déi grouss Ënnerstëtzung vu baussen. Doriwwer eraus wier hie sech sécher, datt hie seng Aarbecht deemools korrekt gemaach hätt. "Mir si sécher, datt d'Aarbecht deemools no de Regele vun der journalistescher Deontologie gemaach ginn ass", seet de Jean-Pierre Canet.

Perrin "huet sech net proaktiv verhal"

Datt de Journalist Edouard Perrin den drëtten Ugekloten am Prozess, de Raphael Halet, kéint dirigéiert hunn, fir u weider Dokumenter bei PwC ze kommen - sou wéi de Parquet et formuléiert hat - gesäit de Jean-Pierre Canet net esou. "Den Edouard ass op Dokumenter gestouss, déi him an d'Hänn gefall sinn an hien huet doraus eng journalistesch Aarbecht gemaach. Hien huet sech net proaktiv verhal".

Wat dem Jean-Pierre Canet no "vill méi Froen opwäerft" ass den Accord, dee PwC mat hirem fréiere Mataarbechter Halet ënnerschriwwen huet an deen um éischte Prozessdag Thema war. Nodeems och den Halet als Whistleblower entdeckt gouf, hätt seng Firma sech engagéiert, vun him nëmmen ee symboleschen Euro Schuedenersaz ze fuerderen, falls hie géif kooperéieren, huet et um Geriicht geheescht.

"Accord ass een Euphemismus"

"Vun engem Accord ze schwätzen ass een Euphemismus, well et huet een e bësschen d'Gefill, et wier groussen Drock gemaach ginn, fir datt den Här Halet näischt seet", sou dem Jean-Pierre Canet seng Aschätzung. Fir de Journalist kann um Enn vun dësem Prozess nëmmen eppes stoen: Ee Fräisproch vun Edouard Perrin, Antoine Deltour a Raphaël Halet.

De Jean-Pierre Canet ass och averstane mam Journalist Denis Robert - deen d'Clearstream-Affaire opgedeckt huet - an dee sot: De Luxleaks-Prozess wier e politesche Prozess. "Mir soen dat, net fir géint Lëtzebuerg ze sinn, mee well d'Situatioun sou ass wéi se ass: Hei gi Leit ugeklot, déi fundamental Froen opwerfen, déi eis Gesellschaft betreffen".

Problem mat neier EU-Direktiv

​De Journalist, deen och Member ass vun der Associatioun "Informer n'est pas un délit" geet och op déi rezent gestëmmten EU-Direktiv iwwer d'Betribsgeheimnis an.

Déi gesäit nëmmen ee Schutz fir Whistleblower a Journaliste vir, wa si am allgemengen Interessi gehandelt hunn, oder illegal Aktivitéiten opdecken. De Jean-Pierre Canet gesäit dat als schwiereg, well ee Fall wéi de Luxleaks-Prozess mol net ënnert déi Konditioune géif falen.

Lauschtert de Bäitrag: