Radioen

On air

Resonanzen  |  Francesco Bartolomeo Conti - Finché spera che le rieda, aus 'L'Astarto' (Oper) - Nuria Rial (Sopr.), Artemandoline, Juan Carlos Muñoz (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux : LCGB krut Géigeleeschtung

Kollektivvertragsverhandlungen

Cargolux : LCGB krut Géigeleeschtung

D'Cargolux huet dem LCGB-President de 16. Dezember proposéiert, eng Klo op Schuedensersatz wéinst enger Warnaktioun falen ze loossen. De selwechten Dag huet den LCGB gréng Lut gi fir den neie Kollektivvertrag, deen d'Gewerkschaft eng Woch virdrun nach mat alle Mëttele bekämpfe wollt. Jean-Claude Franck

auto_stories

2 min

Den LCGB-President Patrick Dury brauch sech keng Suerge méi ze maachen iwwer eng Klo op Schuedensersatz (Archivfoto)

3 Milliounen Euro. Esou héich huet d'Cargolux méi Sourcen no de finanzielle Schued chiffréiert, dee viru fënnef Méint duerch e Warnstreik vum LCGB entstan ass - e Warnstreik, dee vum Management als illegal agestuft gouf. Direkt am Juli huet d'Airline juristesch Konsequenzen annoncéiert. D'Séance um Geriicht gouf awer dräi mol verluecht : nächsten Datum sollt d'nächst Woch sinn.

Mee dowéinst muss den LCGB sech keng Suerge méi maachen. Wéinst dem rezenten Accord an de Kollektivvertragsverhandlunge, léisst d'Cargolux-Direktioun d'juristesch Aktioune géint den LCGB falen. De 16. Dezember hunn de Generakdirekter Dirk Reich an den LCGB-President Patrick Dury mat engem Handschlag en Accord fonnt. Kuerz dono hu béid Säiten annoncéiert, datt de Wee fir den neie Kollektivvertrag fräi wier. Virun hirer Reunioun huet den Dirk Reich dem Patrick Dury an engem E-Mail, deen dem radio 100,7 virläit, véier Punkte proposéiert fir en Accord. Dorënner Nr 2 : "Beendigung des laufenden Rechtsverfahrens bezüglich Legalität der industrial action und Verzicht auf Schadensersatzklage gegenüber LCGB und ALPL." Déi aner Punkte ware méi symbolescher Natur an hunn op jiddefall näischt um Kollektivvertrag geännert.

Den 10. Dezember nach huet den LCGB nach mat engem Streik gedreet, deen esou laang dauere géif "bis d'Direktioun alenke" géif. Dobäi fällt op, datt deen Ament nach de Gewerkschaftssekretär Aloyse Kapweiler fir den LCGB geschwat huet. De rezenten Deal ass beim LCGB awer zur Chef-Saach ginn: de President Patrick Dury huet den Dossier iwwerholl.

Ob d'Faleloosse vun der Klo op Schuedensersatz den eenzege Grond war, firwat den LCGB beim Kollektivvertrag noginn huet, konnte mer bis elo weder de Patrick Dury nach den Aloyse Kapweiler froen. Mir hunn déi zwee LCGB-Vertrieder nach net fir e Kommentar erreecht.

AUDIO