Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux-CEO Dirk Reich demissionéiert

Suite vum Personalkarussel

Cargolux-CEO Dirk Reich demissionéiert

D'Cargo-Airline brauch schonn nees en neie Generaldirekter. D'Cargolux huet d'100,7-Informatiounen iwwer dem Dirk Reich seng Demissioun en Donneschdeg de Mëtteg confirméiert.

auto_stories

4 min

Den Dirk Reich, deen eréischt am Mäerz 2014 als Generaldirekter nominéiert gouf, huet decidéiert, d'Cargolux ze verloossen. D'Cargolux huet d'Informatioun, déi de radio 100,7 e Mëttwoch den Owend verëffentlecht hat, en Donneschdeg offiziell confirméiert.

Den Dirk Reich huet op enger Pressekonferenz widderholl, datt säi Récktrëtt eng reng perséinlech Decisioun wier, déi näischt mat der Entreprise ze doen hätt. Hien hätt decidéiert, zréck an d'Schwäiz bei seng Famill ze plënneren.

Seng Demissioun hätt näischt mat der finanzieller Situatioun vun der Entreprise ze dinn, sot de Schwäizer Geschäftsmann. D'Zuelen, déi réischt Enn des Joers géife publizéiert ginn, wieren zwar méi schlecht wéi zejoert. Mee d'Cargolux wier an engem "wesentlech besseren Zoustand", wéi bei sengem Amtsuntrëtt, sou den Dirk Reich.

Dirk Reichplay_arrow

All Dag eng nei Iddi, a vill Kontroversen

An de leschte Méint huet den Dirk Reich staark u Réckhalt verluer. Och den Infrastrukturminister François Bausch huet an der Vergaangenheet an Interviewe mam radio 100,7 ze verstoe ginn, datt hien net mat all den Aussoe vum Cargolux-Generaldirekter averstane war.

Den Dirk Reich huet probéiert vill nei Projeten ze lancéieren, huet villes dovun awer net ëmgesat oder en huet misse Réckzéier maachen. E Beispill ass d'Partnerschaft mat Oman Air, vun där de CEO sech vill erhofft huet, déi um Enn awer net vill bruecht huet.

Waren d'Aktionnären onzefridde mam Dirk Reich an huet dat bei senger Demissioun eng Roll gespillt? De President vum Verwaltungsrot Paul Helminger huet esou op déi Fro geäntwert: "Den Dirk ass e Mënsch, deen ass praktesch all Dag mat enger neier Iddi am Kapp erwächt. An dofir war säi Leadership ni esou, dass net emol hei oder do een ugëeckt wier oder et eng Kontrovers gouf. Mee mir hunn eis där Kontrovers gestallt."

D'Cargolux hätt ee Chef gesicht, deen "baussent deenen ale Weeër géing denken". Dat hätt den Dirk Reich och gemach, sou de Paul Helminger. Mee domadder hätt "deen een oder aneren Schwieregkeeten" gehaat. Alles dat hätt awer keng Roll beim Dirk Reich senger Demissioun gespillt.

Paul Helmingerplay_arrow

Och den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch seet, et hätt keen Drock vun den Aktionairen ginn, fir dass den Dirk Reich geet: "Ganz sécher net." Et wier zënter puer Méint bekannt, datt den Dirk Reich wéilt goen. Trotzdem hätt den hien "ganz konstruktiv" dozou bäigedroen, datt déi Gesellschaft normal kéint weider funktionéieren.

François Bauschplay_arrow

Richard Forson gëtt neie CEO

Nofolger vum Dirk Reich gëtt den aktuelle Finanzdirekter Richard Forson. Säi Posten als CFO iwwerhëlt den aktuelle Senior Vize-President Maxime Strauss. Déi Nomminatioune sollen d’nächst Woch vum Verwaltrungsrot approuvéiert ginn.

De Richard Forson ass zënter véier Joer an der Direktioun vun der Cargolux. Hien huet d'Firma virun der Nominatioun schonn iwwergangsméisseg geleet. De fréiere Cargolux-Co-Aktionär Qatar Airways wollt de Richard Forson am Joer 2012 zum CEO maachen ier d'Airline vun Doha d'Cargolux nees verlooss huet. An der Suite dovu haten d'Lëtzebuerger Aktionären dem Richard Forson just de Posten als Interim-CEO uvertraut, bis den Dirk Reich 2014 als CEO ugefaangen huet.

Am Januar dëst Joer sot den Dirk Reich géigeniwwer dem radio 100,7, hien hätt en illimitéierte Kontrakt bei der Cargolux. D'Cargo-Airline hätt 2015 e gutt Resultat gemaach an hie geséich kee Grond, d'Firma ze verloossen.

Vill Hin an Hir an der Generaldirektioun

Den Depart vum Dirk Reich ass dee sechsten Depart an der Cargolux-Generaldirektioun zënter Ufank 2014.

D'Cargolux ass ënnert de weltwäit zéng gréisste Cargo-Airlines. No engem positive Joer 2015 huet d'Firma eisen Informatiounen no an den éischte sechs Méint vun dësem Joer e finanziellen Defizit vun iwwer 20 Milliounen US-Dollar gemaach. Dat ass op dat internationaalt schwieregt Ëmfeld zréckzeféieren, awer och op schlechte Management, soen Observateuren.