Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carlo Thelen a Jean-Claude Reding iwwert de Budget 2016

Staatsbudget 2016

Carlo Thelen a Jean-Claude Reding iwwert de Budget 2016

Et wär positiv, datt déi staatlech Investissementer eropginn. Do sinn de President vun der Chambre de commerce an de President vun der Salariatskammer sech eenz. Op anere Punkten awer net.

auto_stories

4 min

Carlo Thelen a Jean-Claude Reding

“Wann een e sozialen Triple A wëll hunn, da muss een och en Triple A an der Wirtschaft hunn”, dat seet de Carlo Thelen. Den Direkter vun der Chambre de commerce ass zefridde mat de fënnef Prioritéiten déi sech d’Regierung mam Gesetzprojet iwwert de Staatsbudget ginn huet.

Et misst ee vun enger falscher Spuerpolitik ewechkommen, dat seet sengersäits de President vun der Salariatskammer. De Jean-Claude Reding kritiséiert, datt beim Staatsbudget net genuch fir d’Leit gemaach géif ginn. D’Krisesteier zum Beispill hätt scho fir 2016 kënnen ofgeschaf ginn, an net wéi geplangt réischt d’Joer drop.

En onséchert Ëmfeld

De Carlo Thelen begréisst d'Promotioun vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, d’Investissementer an den ICT-Beräich an d’Efforten déi d’Regierung am Budget fir de “Nation Branding” géif maachen. Den Direkter vun der Handelskammer ënnersträicht awer och déi international Onsécherheet an deem de Budget fir 2016 opgestallt ginn ass.

E Wirtschaftswuesstem vun 3,5% vun deem d’Regierung fir 2016 ausgeet, esou wéi eng Taxe d’Abonnement déi ëm 28% soll klammen, wier an engem wirtschaftlech onsécheren Ëmfeld net garantéiert, ënnersträicht hien. Dofir misst ee virsiichteg bleiwen. An deem Kontext wier d'Regierung awer mat der Hausse vun de staatlechen Investitiounen (ëm 300 Milliounen Euro op 2,2 Milliarden) um richtege Wee.

Och de Jean-Claude Reding begréisst eng staark Investitiounspolitik. Anescht wéi aner Regierunge virdrun géif d’Koalitioun net dem Trend nogoe fir d’Investitiounen zréck ze schrauwe wann et wirtschaftlech besser geet. Dofir begréisst de Jean-Claude Reding och, datt de Staat bereet ass en Emprunt opzehuelen (1,5 Milliarden op 3 Joer).

Et wier awer wichteg, genee ze iwwerleeë wouranner een investéiert, esou de President vun der Salariatskammer. Bei den externe Beroder vun der Regierung zum Beispill kéint ee, senger Meenung no, vill sträichen. Aner Kritik vum Jean-Claude Reding: bei der Kannergeldpolitik géif näischt fir déi Jonk iwwer 12 Joer gemaach ginn, an och d’Boursë fir d’Studente géifen net duer goen.

Am Logement geet et net séier genuch

An Loyerssubventioun wär fir déi betraffe Leit eng positiv Saach, géing awer de Problem um Wunnengsmaart net wierklech léisen, do si sech de Jean-Claude Reding an de Carlo Thelen eenz.

Dem Carlo Thelen no misst méi an d’Offer an a Sozialwunnengen investéiert ginn, an et misst een dovunner ewech kommen, datt jiddereen e Proprietaire soll ginn. Fir de Jean-Claude Reding géing et an der Logementspolitik positiv Akzenter ginn, mee et géing net séier genuch goen. Et misst ee beim Logement méi offensiv virgoen, esou de CSL-President.

Bleift d’Regierung bei hirem Spuer- a Steierpak?

Kritik gëtt et vum Carlo Thelen well sech d’Regierung net un hire Spuer- a Steierpak hält. De sougenannte “Zukunftspak” misst bis 2018 integral ëm gesat ginn, seet de CCL-Direkter. D’läscht Joer scho wär dee Pak ëm 20% erof gesat ginn. Vun der geplangter  Milliard Euro wären et elo just nach 808 Millioune virgesi bis 2018. Dem Carlo Thelen no geet de ganze Budget pluriannuell just op, wann all déi annoncéiert 258 Spuermesuren ëmgesat géinge ginn . Am Budget 2016 wären awer elo just déi Mesuren dran déi bis elo gestëmmt sinn an eng gesetzlech Basis hunn, esou de Carlo Thelen.

Dem Jean-Claude Reding no wären awer nach Mesuren am Budgetsprojet fir 2016 dran déi falsch wären. Zum Beispill wär et net richteg fir Suen aus der Formatioun continue vun de Betriber eraus ze huelen. Et wär falsch op grad deene Plazen ze spuere wou et ëm d’Qualifizéierung vun de Leit geet, seet de President vun der CSL.

De schlanke Staat

Déi 5 Milliarden Depense vum Staat bei de Gehälter, Pensiounen a Fonctionnementskäschte stéisst op wéineg Kritik. Dem Direkter vun der Chambre de commerce no, misst awer bei de Personalkäschte vum Staat opgepasst ginn, datt net ze vill eng Eegendynamik géing entstoen, datt.

Dem Jean-Claude Reding no hätt ee schonn en zimlech schlanke Staat. Déi 5 Milliarden Euro misst een a Relatioun setze mam Wirtschaftswuesstem, esou de CSL-President. Esou betruecht, géing Lëtzebuerg am Verglach mam Ausland wéineg fir Staatsgehälter a Fonctionnementskäschten ausginn.