Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicolas Michaux - Nos Retrouvailles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net der Wallonie hire Verdéngscht

CETA-Ofkommes

Net der Wallonie hire Verdéngscht

D'Europäesch Unioun a Kanada si sech iwwer ee Fräihandelsaccord Eens. Duerch d'Blockade vun der Wallonie hätt sech um CETA-Ofkommes selwer näischt geännert, seet den Ausseminister Jean Asselborn. An der "gemeinsamer Erklärung" vu Kanada an der EU wieren all d'Garantien dran, déi och Lëtzebuerg gefuerdert huet.

auto_stories

5 min

Dräi Deeg méi spéit wéi geplangt gouf zu Bréissel de CETA-Accord ënnerschriwwen. Siwe Joer hunn d’Verhandlungen fir de kanadesch-europäesche Fräihandelsaccord gedauert. Nom Accord, deen d’Wallonie dës Woch mat der belscher Zentralregierung fonnt huet, ass de Wee fräi fir déi nächst Etappen. An den nächste Méint soll d’Europaparlament iwwert den Traité ofstëmmen. Duerno mussen déi national Parlamenter gréng Luucht ginn fir datt d’Ofkommes a Kraft ka trieden.

Duerch d'Blockade vun der Wallonie hätt sech um Ofkommes selwer näischt geännert, betount den Ausseminister Jean Asselborn. "Regional a federal goufen an der Belsch elo just nach Declaratioune gemaach, iwwer déi belsch Ratifikatioun vu CETA." Senger Meenung no, wier dat eng Prozedur, "déi der Demokratie gerecht gëtt". Et wier och net vill geschitt, ausser datt den EU-Kanada-Sommet dräi Deeg no hanne geréckelt ginn ass.

All déi néideg Garantien

Et wier also net richteg, datt d'Wallounen elo ee besseren Accord eraus geschloen hätten, betount de Jean Asselborn: "Um Text selwer konnt jo näischt méi geännert ginn." D'Länner hätten d'Negotiatiounen ofgeschloss gehat - och iwwer déi sougenannt "gemeinsam Erklärung" an där Präzisiounen iwwer d'Interpretatioun vum Ofkommes festgehal goufen. Opgrond vun enger Motioun vum EU-Conseil wier eng Motioun derbäi komm, datt déi gemeinsam Erklärung juristesch contraignant ass.

Net d'Belsch, mee eng Rei aner EU-Memberstaaten, hätten alles gemaach fir CETA ze verbesseren. Nëmme fënnef Länner hätten un där gemeinsamer Erkläerung geschafft, déi fir d'EU elo relevant wier: Däitschland, Frankräich, Holland, Eisterräich a Lëtzebuerg. "D'Belsch hunn net dorunner mat geschafft. Dat wat d'Belsch elo gemaach hunn, ass just fir de belsche Gebrauch."

An där "gemeinsamer Erkläerung" stéing alles dran, wat och déi Lëtzebuerger Regierung gefuerdert hätt. Zum Beispill, datt keen Drock kéint gemaach ginn, dass liberaliséiert gëtt. Et stéing an der Erkläerung och dran, dass déi aacht Kär-Konventiounen vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) ugeholl ginn. An et stéing dran, dass Firmen déi Nodeeler hunn, well ee Land Gesetzer mécht, net kënne Schuedensersaz fuerderen.

Schiidsgeriicht mat Virbildcharakter

D'Kritik un de geplangte Geriichter fir Investisseuren, léisst de Jean Asselborn net gëllen. Déi juristesch Servicer vun der EU-Kommissioun a vum Europaparlament hätten kloer gemaach, datt déi privat Schiidsgeriichter misste verschwannen. Amplaz wier een neie System néideg: Mat engem ëffentlech-rechtleche Geriichtshaff, dee kéint tranchéieren, wann et ee Problem gëtt tëscht engem Investisseur an engem Staat. "Esou ee Geriicht, kann net europäescht Recht änneren, oder interpretéieren - et ka just a punktuelle Sträitfäll tranchéieren, ob de Fräihandelsaccord applizéiert ginn ass oder net."

Datt d'Belsch elo wéilt iwwerpréiwen loossen, ob dee System konform ass zum europäesche Recht, wier eng Zouso, déi di belsch federal Regierung un déi belsch Regioune gemaach hätt, esou de Jean Asselborn. Dat hätt näischt mam europäesche Ratifikatiounsprozess ze dinn. Mee natierlech hätt d'Europaparlament elo d'Méiglechkeet weider juristesch Avisen ze froen, oder zum Beispill den Avis vum Europäesche Geriichtshaff iwwer de Fräihandelaccord mat Singapur ofzewaarden. Een Avis, deen am Fréijoer géif erwaart ginn.

Ratifikatioun: Dräi bis véier Joer

Och déi national Parlamenter an den 28 EU-Memberstaate musse CETA nach ratifizéieren. Fir verschiddener wier d'Phas bis zum Accord tëscht der EU a Kanada vläit déi wichtegst Phas gewiescht, trotzdem dierft een net vergiessen, dass d'Phas vun der Ratifikatioun elo réischt kéim.

"An et ass och elo kloer, wann ee Land refuséiert, dann ass déi ganz Ratifikatiounsprozedur ënnerbrach", esou den Ausseminister. Déi ganz Prozedur géif viraussiichtlech dräi bis véier Joer daueren, "sou wéi bei all esou Traité".

TTIP: Neit Mandat

An engem Interview mat der "Welt am Sonntag" plaidéieren de Jean Asselborn an den Eisterräicher Ausseminister Reinhold Mitterlehner derfir, datt de geplangte Fräihandelsaccord mat den USA (TTIP) komplett nei verhandelt gëtt - mat engem neie Verhandlungsmandat.

"Wa CETA am Europaparlament gutt geheescht gëtt, hu mer ee Kader geschaf fir all zukünfteg Traitéen mat Drëttstaaten ofschléisst", sou de Jean Asselborn. Dowéinst misst een ewech komme vum Mandat, dat d'EU-Kommissioun bis elo hat fir d'TTIP-Verhandlungen. Opgrond vu CETA misst een d'Verhandlungsmandat "schläifen": Un d'Realitéit upassen a präziséieren.

All Handelsaccord tëscht der EU an engem anere Land - "egal wéi staark dat Land ass" - misst an Zukunft ee Schiidsgeriicht virgesinn, wéi et am CETA-Accord proposéiert gëtt. "Et kann net sinn, datt déi privat Schiidsgeriichter, wéi se elo nach ëmmer funktionéieren, an neien Traitéen an Zukunft nach ëmmer Gültegkeet hunn." Mee op deem Punkt wieren d'Amerikaner nach net.

Keng geheim Mandater méi

De Jean Asselborn fuerdert och, dass d'Mandater fir d'Verhandlungen vu Fräihandelsaccorden an der EU net méi dierfe geheim sinn. "Mir sinn am 21. Joerhonnert, an et kann net sinn, datt Mandater vum Conseil fir d'EU-Kommissioun geheim sinn. Och wann dat d'Verhandlungen vläit ee wéineg méi schwéier mécht."

A schonn éier de Conseil vun den EU-Memberstaaten dann der EU-Kommissioun ee Mandat gëtt, misst eng grouss Diskussioun gefouert ginn, och an den nationale Parlamenter: "Fir dass jidderee weess, wat am Mandat ass a fir dass jidderee ka seng Appreciatioun iwwer d'Mandat ginn - och wann dat da vläit ee puer Méint méi laang dauert." Hie kéint sech net virstellen, dass ee weider mécht wéi elo, "wou Mandater fixéiert ginn ouni dass doriwwer an de Parlamenter an an der Zivilgesellschaft geschwat ginn ass".

De Jean Asselborn huet och kloer ënnerscheet tëscht den zwee Verhandlungspartner Kanada an den USA. D'NSA-Affär iwwer dem US-Geheimdéngscht seng weltwäit Spionage-Aktivitéiten wier nach net laang hier: "D'Vertrauen ass gebrach ginn an duerfir muss ee versichen mat engem neie Mandat een neie Start ze kréien."

Jean Asselbornplay_arrow