Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Publikumsfro" vun de Lëtzebuerger Muséeën

Internationale Muséesdag

"D'Publikumsfro" vun de Lëtzebuerger Muséeën

D'Lëtzebuerger Muséeën hu Succès, nodeems Ufanks den 2000er Joere villes geännert gouf. Et stellt sech awer d'Fro wien an de Musée kënnt a virun allem firwat, seet de Konschtexpert Christian Mosar.

auto_stories

5 min

De Christian Mosar fënnt et wichteg ze wëssen, wien an de Musée geet a firwat

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng 50 Muséen, also ee Musée op ronn 8 500 Awunner. Just Estland an d’Schwäiz toppe Lëtzebuerg an där Hisiicht an Europa. “Dat ass ee gutt Zeechen, well ee kann denken, datt déi héchst Errungenschaft vun enger Gesellschaft hier Kultur ass”, esou den 100,7- Konscht-Expert Christian Mosar um Internationale Museesdag am Interview beim Rick Mertens. "E Musée ass Deel vun enger Mémoire collective".

Et géif awer drop ukommen, sou de Christian Mosar, wéi een ee Musée gebraucht a wéi eng Wäertschätzung en an der Gesellschaft kritt oder a Fro gestallt gëtt. Zu Lëtzebuerg ass zanter Ufanks den 2000er d’Zuel vun de Leit déi an d’Muséë ginn, staark an d'Luucht gaangen: Enger Etude no, wier de Public vun de Muséen tëscht 2002 an 2012 em 65 Prozent gewuess. "Dat weist datt Muséë grousse Succès hunn".

Muséeë kennen de Public net

Eng vun de wichtegste Froen am Moment wier awer wéi eng Zort vu Leit an de Musée geet: Eng richteg “Publikumsfuerschung” géif et hei am Land nämlech net ginn, esou de Christian Mosar, anescht wéi am Ausland. Dofir wier net gewosst wat d'Leit iwwer d’Muséen denken, a mat wéi engen Erwaardungen si dohi ginn. "Mir wëssen net wéi de Publikum ass, wat seng Preferenzen a Gewunnechte sinn".

Gewosst ass awer datt Evenementer wéi d'Muséesnuecht (Nuit des musées) Joer fir Joer ee grousse Succès sinn. Allerdéngs bleift onkloer firwat den Oplaf duerno rëm ofhëllt. "Wéi kann et sinn, datt Leit sech op engem Vernissage drécken, an duerno fir d'Ausstellung guer net méi erëm kommen?", nennt de Christian Mosar ee weidert Beispill. D'Fro wier, op de Visiteur an de Musée geet well et ee soziaalt Event ass, oder well een a Rou wëll kucken.

Virschlag fir de Kulturentwécklungsplang

Verschidden Institutiounen hätte selwer versicht där Fro méi op de Fong ze goen, an dat wier och "luewenswäert". "Et ass awer sou, datt eng Institutioun dacks net déi néideg Distanz huet. Vläit wier dat eng Aarbecht fir d'Universitéit, wou am Moment souwisou, mengen ech, iwwer d'Museologie geschafft gëtt", sou de Christian Mosar. Hie schléit och vir, datt "d'Publikumsfro" hier Plaz am zukënftege Kulturentwécklungsplang fënnt.

Wichteg ass dem Christian Mosar no och, wéi ee Musée u sech exploitéiert gëtt, kuerz: Wat dra kënnt. "Et ass eng Zäit geduecht ginn, et misst een ee grousst Gebai bauen, wat d'Leit unzitt. Zum Beispill de Mudam, wou d'Architektur fir d'éischt komm ass, an duerno réischt un de Contenu oder Philosophie geduecht gouf", sou e Christian Mosar. Aner Haiser géifen eigentlech réischt mat der Zäit e Musée ginn, zum Beispill wann al Sammlungen ëffentlech ginn.

"Enn den 1980er ondenkbar"

Mat 90 Dausend Visiteure war de Mudam d’läscht Joer de Musée mat de meeschte Visiteuren. Dat ass dem 100,7-Konschtexpert no op eng Rei populär Ausstellungen – "am positive Sënn vum Wuert"– zréckzeféieren, zum Beispill "Eppur si muove", déi Technik an zäitgenëssesch Konscht matenee verbonn huet.

Alles an allem huet d'Muséeswelt zu Lëtzebuerg sech och staark entwéckelt, doduerch datt eben an de leschte Joere vill nei Haiser dobäi komm sinn. Dobäi géif och kommen, datt Enn de 1990er, Ufanks den 2000er Joeren ëmmer méi Lëtzebuerger Konschtstudenten sech entscheed hätte fir zréck an d'Land ze kommen. "Dat war Enn den 1980er ondenkbar", sou de Christian Mosar. Hie geet dovun aus, datt am Vergläich mat deemools haut eng 700 Leit méi an de Lëtzebuerger Musée schaffen.