Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 "God"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Personalmangel bleift, mee et gëtt Hoffnung

Arméi

De Personalmangel bleift, mee et gëtt Hoffnung

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Arméi eréischt aktiv wann d'Sécherheetsstuf op de Niveau 3 oder 4 eropgesat gëtt. Trotzdem hunn d'Attentater vu Paräis och fir déi Lëtzebuerger Arméi Ännerunge mat sech bruecht. Déi gutt Nouvelle fir d'Arméigewerkschaft: et melle sech lo méi Jonker. De Christian Schleck, President vun der Arméigewerkschaft SPAL, ass awer net der Meenung, datt et richteg ass, vu "Krich" ze schwätzen.

auto_stories

4 min

De Christian Schleck as President vun der Arméigewerkschaft

“Déi aktuell Evenementer ginn net spurlos un eis laanscht”, seet de Christian Schleck am Kontext vun den Attentater vu Paräis. Dem President vun der Arméigewerkschaft no, misst sech d’Arméi elo anescht opstelle fir d’Sécherheet vum Land ze garantéieren. Et géifen och deementspriechend Preparative lafen. Detailer nennt de President vum SPAL (Syndicat professionnel de l’Armée luxembourgeoise) awer net.

D’Arméigewerkschaft gëtt deemnächst vum Chef d’État-Major iwwert déi aktuell Sécherheetslag am Land informéiert. Aktuell läit déi national Sécherheetsstuf bei 2. An dëser Phas si virun allem d'Police an d'Douane am Asaz. Eréischt um Niveau 3 a 4 géing d’Arméi aktiv ginn. 

"En Ausnamezoustand, deen een net dierf négligéieren"

Et ass dem Christian Schleck no awer net glécklech fir an dësem Ablack vu "Krich" ze schwätzen, sou wéi de franséische President François Hollande dat mécht. "Et hätt ee vläit en aner Terme kënne benotzen, mee et ass kloer, datt dat hei en Ausnamezoustand ass, deen een net dierf negligéieren", seet de Christian Schleck, deen awer hofft, datt dem François Hollande seng Invokatioun vun der Bündnisklausel net als Konsequenz wäert hunn, datt Lëtzebuerg vill Leit muss an d'Ausland schécken.

De Christian Schleck confirméiert, datt sech och zu Lëtzebuerg no den Attentater vu Paräis rëm méi Jonker fir d’Arméi interesséieren.Trotzdem: et gëtt Rekrutementsproblem bei der Arméi. Mat 400 Zaldote läit een en Drëttel ënnert dem néidegen operative Kontingent, seet de Christian Schleck. Vill Jonker déi sech fir d’Arméi interesséieren hätten net déi kierperlech a schoulesch Viraussetzungen dofir.

Preparatiounscours "eng gutt Léisung"

De President vun der Arméigewerkschaft begréisst dofir Pläng vun der Regierung fir e Preparatoirescours fir jonk mannerjäreg Rekruten anzeféieren. Vun der nächster Rentrée un soll esou e Cours jo zu Ettelbréck organiséiert ginn. "Et ass eng gutt Léisung fir dat anzeféieren", seet de Christian Schleck. An deem Fall kéint déi interesséiert Jonk besser op zukënfteg Missiounen an der Arméi virbereeden

"Et geet net duer fir motivéiert ze sinn, et muss een och dat néidegt Wëssen an déi néideg sportlech Viraussetzungen hunn", sou de Christian Schleck. Fir Zaldot ze ginn, ënnerschreift een iwregens e Kontrakt fir véier Joer. Dovunner ass een dräi Joer am Militärdéngscht, an ee Joer an der Rekonversioun. An dëse leschten zwielef Méint gëtt de Jonken op e Beruffsliewe baussent der Arméi virbereet.

Zaldoten dierfen hir Déngschtwunneng behalen 

Den Zaldoten eng modern an deemno attraktiv Arméi ze bidden ass eng vun de Prioritéite vun der Arméigewerkschaft. Tensioune géifen et awer lo scho manner ginn. Schonn de fréiere chef d'État-Major, Mario Daubenfeld, hätt Rou an d'Arméi erabruecht. An och mamn neie Minister, Étienne Schneider, an der Staatssekretärin, Francine Closener, géif d'Kommunikatioun besser funktionéiere wéi virdrun. Et wier an enger Zort Tripartite, zesumme mat der direction de la Défense vill geschafft ginn an de läschte Méint. "Mir waarden do awer nach op verschidde Resultater", sou de Christian Schleck.

Ee Resultat gëtt et awer schonn: D’Arméi huet d’Zouso, datt Zaldote weiderhin hir Déngschtwunnengen dierfe behalen, seet de President vun der Arméigewerkschaft SPAL. Dem Christian Schleck no, wier an deem Kontext eng Entrevue mam Finanzminister geplangt. Vum 1. Januar un, sollen d’Loyere fir déi bis ewell ganz bëlleg Déngschtwunnengen an d’Luucht goen. Et wier awer nach ëmmer wichteg, datt d'Zaldote no bei der Kasär wunnen – zemools an den aktuellen Zäiten, seet de Christian Schleck.