Successioun vum Jeff Neuens Claude Bingen ass neie PJ-Direkter
De 55 Joer ale Police-Regionaldirekter zu Miersch gëtt neie Chef vun der Police Judiciare. Déi zoustänneg Chamberkommissioune ginn den Ament iwwert dee Choix vum Regierungsrot informéiert.
De 55 Joer ale Claude Bingen huet vun 1994 un während zéng Joer an der PJ geschafft. Zënter fënnef Joer ass hie Police-Regionaldirekter zu Miersch. Virdru war en ënnert anerem Direkter vun der Policeschoul. Um Ufank vu senger Carrière huet hie während zéng Joer am Privatsecteur geschafft.
Délai fir d'Kandidaturen anzereeche war de Méindeg. De Minister Etienne Schneider huet also bannent just e puer Deeg eng Decisioun geholl.
De Posten ass fräi ginn, well de Jeff Neuens huet misse virun annerhallwem Mount demissionéieren. Hie krut vum Minister e Vertrauensbroch virgeheit. Hannergronn ass e Muechtkampf tëscht Justiz a Policedirektioun iwwer d'Kontroll iwwer d'Police Judiciare, sou wéi mer dat de Moie gemellt hunn.