Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Flexibele Kontrakt" mam Jürgen Oelkers

Wäerteunterrecht

"Flexibele Kontrakt" mam Jürgen Oelkers

Datt den Educatiounsministère am Kontext vum Wäerteunterrecht zanter dem Ufank vum Joer kee Kontakt méi mam Jürgen Oelkers huet, dem Schwäizer Professer, deen mat um Kaderplang fir de Wäerteunterrecht geschafft huet, wier net aussergewéinlech, seet de Minister Claude Meisch.

auto_stories

4 min

D'Aarbecht mam Jürgen Oelkers ass "net ofgeschloss", sou de Minister Claude Meisch

De Jürgen Oelkers, deen zu Lëtzebuerg ëmstriddene Professer aus der Schwäiz, ass zanter Ufanks des Joers net méi am Kontakt mam Educatiounsministère. De Concernéierte sot dem radio 100,7 op Nofro hin – am Virfeld vum Interview mam Claude Meisch – datt hien doriwwer "verwonnert" wier.

De Minister seet awer, dat géif net heeschen, datt een sech wéilt vum Jürgen Oelkers distanzéieren. "Mir hunn nach ee lafende Kontrakt mam Här Oelkers, deen awer ëmmer flexibel gehale war. Et war ëmmer kloer datt d'Intensitéit vun der Begleedung kann erop oder erof gesat ginn".

"Wichteg a gutt Aarbecht geleescht"

D'Aarbecht mam Jürgen Oelkers wier deemno "net ofgeschloss", och wann se "lo méi lues leeft wéi dat Ufanks fir eis noutwendeg war", sou de Claude Meisch. De Minister seet gläichzäiteg, de Jürgen Oelkers hätt "eng ganz wichteg a ganz gutt Aarbecht geleescht" am Kader vun der Ausschaffung vum Rahmenkonzept vum Wäerteunterrecht, dee jo vu September un soll an de Lycéeën de Morals- an de Reliounscours ersetzen.

Den Jürgen Oelkers selwer geet, eegenen Ausso no, dovun aus, datt hien op e Neits kéint vum Ministère kéint sollicitéiert ginn, an zwar wann ee Master fir de Cours "Vie et société" zu Lëtzebuerg géif entsoen.

Master an "Vie et société" mat Prof. Oelkers?

Datt et zu sou engem Master kënnt, ass awer nach net kloer, sou de Minister. Den Educatiounsministère géif d'Uni net "obligéieren" fir ee Master am Fach "Vie et société" unzebidden. "Wann d'Uni dat an hirer Autonomie sou decidéiert, dann ass dat sécher intressant", sou de Claude Meisch. D'Uni géif an deem Fall och "natierlech" keng Virschrëfte gemaach kréien, mat wiem si de Programm fir dee Cours géif ausschaffen.

Allerdéngs dierft dee Master dann awer keen exklusiven Zougank op den Enseignement bidden. Och Persounen déi, zum Beispill, Reliounswëssenschaftlen, Philosophie oder Soziologie studéiert hunn, misste kënnen zum Proffeconcours a "Vie et société" zougelooss ginn.

Lycéesreform: "Eng Verantwortungsopdeelung"

De Minister Meisch huet am 100,7-Interview och confirméiert, datt hien de Gesetzprojet iwwer d'Lycéesreform nach virum Summer wëll presentéieren. Wéi virgesinn, soll an deem Kontext méi staark op "Handlungsspillraum fir d'Schoulen" gesat ginn. Dat géif awer net heeschen, datt een d'Lycéeë wéilt "gewäerde loossen". "Et muss eng Verantwortungsopdeelung ginn", sou de Minister.

D'Zil wier et och, "d'Schoulen do ofzehuele wou se sinn", sou de Claude Meisch. Hien wie "ëmmer erëm iwwerrascht", datt vill Elementer iwwer déi soss géif gestridde ginn, an de Lycéeën "reibungslos" géife lafen. "Well d'Direkteren, Enseignanten an d'Elteren op ville Plaze gesi wat d'Problemer sinn, a wéi se kënne geléist ginn, an dat och maachen", seet de Claude Meisch. Dat, wat do geleescht gëtt, wéilt hien elo net mat engem Gesetz "futti maachen". Trotzdem solle kloer Richtlinne kommen: Sou misst zum Beispill all Lycée an Zukunft zum Beispill ee Konzept fir d'Orientéierung a fir d'Tutorat ausschaffen an dobäi eng Rei Punkten obligatoresch ofdecken.