Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Schommer neie President

JDL

Claude Schommer neie President

Um Kongress vun deene Jonke Liberalen e Samschdeg zu Déifferdeng huet de Claude Schommer d'Successioun vum Estelle Malané iwwerholl. D'Zesummenaarbecht mat der Mammepartei DP géif gutt fonctionnéieren, sou den neie JDL-Chef. Eege Meenunge wéilt een awer an Zukunft weiderhi vertrieden.

auto_stories

3 min

Claude Schommer

Grad dës Onofhängegkeet wier e Virdeel fir d’JDL, sou am 100,7-Interview deen neie President Claude Schommer, deen och nach un der Spëtzt vun der JDL-Sektioun Munneref steet. D’Motivatioun fir sech politesch z’engagéieren hätt de Claude Schommer - eegenen Aussoen no - scho laang gehat.

Viru véier Joer huet hie bei der liberaler Jugendorganisatioun ugefaangen, dat an éischter Linn fir mam Lex Delles d’JDL-Munneref an d’JDL-Osten nees opzebauen. Wéi hien du gefrot gouf, op hie sech wéilt méi op nationalem Niveau engagéieren, hätt hien dat als eng Éier ugesinn an net gezéckt fir de Posten unzehuelen. Fir d’Membere vun der JDL war de Choix um Kongress vun e Samschdeg och séier gefall, well de Claude Schommer eenzege Kandidat war fir d’Successioun vum Estelle Malané z’iwwerhuelen.

Zoustëmmung fir Claude Meisch seng Reformen an der Educatioun

Deen neie JDL-President léiert am Moment nach fir Schoulmeeschter ze ginn. Wat hält hien da vun de problematesche Reformen, déi den DP-Minister Claude Meisch am Educatiounssecteur wëll duerchsetzen a fir déi dësen an der Läscht staark kritiséiert gouf? De Claude Schommer ass virop net averstanen, dass an deem Kontext direkt vu Problemer geschwat gëtt. Wat d’Reform vun der Formatioun vum Léierpersonal ugeet, seet den 23-Järegen: “Ech begréissen absolut, dass de Claude Meisch den Accent op Plurilinguisme setzt. Wa mer wëssen, dass mer 44 % Auslänner zu Lëtzebuerg hunn, muss ee sech erëm adaptéiere kënnen. Ee Beispill dofir ass déi nei International School zu Déifferdeng.” Genee esou begréisst deen neie JDL-President d’Mise en Place vum IFEN, den Institut de Formation de l’Enseignement National.

Fir hien een Dag no senger Wahl zum neie President no méigleche Virschléi ze froen, déi hien deemnächst un d’DP wäert erundroen, wier et fir de Claude Schommer nach ze fréi. Allerdéngs huet hie schonn ee Virschlag fir an der Kultur, e Beräich, deen him besonnesch um Häerz läit. Dee neie JDL-President ass der Meenung, dass en Enseignant obligatoresch eemol an der Woch mat senger Klass eng kulturell Aktivitéit misst maachen oder eng kulturell Ariichtung misst besichen. Nëmmen esou kéim een endlech ewech vun deem Gedanken, dass d’Kultur eppes fir d’Elite ass.