Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eenzeg richteg Decisioun"

CSV-Spëtzekandidat

"Eenzeg richteg Decisioun"

Den CSV-Fraktiounschef gëtt zou, datt et net normal ass, schonn zwee Joer viru Chamberwahlen e Spëtzekandidat ze designéieren. D'CSV hätt awer méi Grënn gehat, déi Situatioun schonn dëst Joer ze klären.

auto_stories

3 min

Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler war de 24. Dezember 2016 Invité a Riicht Eraus

Zënter der Decisioun vum Parteikonvent den 8. Oktober 2016 wier den Drock zwar méi grouss, mä et kéint och positiv si wann ee méi Opmierksamkeet huet, esou de Claude Wiseler a Riicht Eraus um radio 100,7. Virun allem wier d'Situatioun fir hien a fir d'Partei elo kloer. Et géife méi Grënn dofir gi, firwat d'Situatioun esou fréi gekläert gouf:

  • Duerch en Interview vum fréieren CSV-Minister Luc Frieden, deen Ufank 2016 net ausgeschloss huet wëlle Spëtzekandidat ze ginn, wier d'Prozedur an der Partei "vläicht lassgetrëppelt oder acceleréiert" ginn.
  • De Claude Wiseler wollt eegenen Aussoen no Kloerheet ier d'Spëtzekandidatur vun der Stater CSV fir d'Gemengewahle vun 2017 festgeluecht géif ginn.
  • Nom Muechtvakuum, deen duerch den Depart vum Jean-Claude Juncker entstan ass, hätt d'Press just nach wëlle wëssen, wien d'CSV géif an den nächste Chamberwahlkampf uféieren.

"D'Politik ass net ëmmer einfach, dofir brauch ech Réckhalt", esou de Claude Wiseler. Mam Jean-Claude Juncker hätt hien ni am Detail iwwer d'Spëtzekandidatur geschwat, mä hien hätt ëmmer d'Gefill gehat, datt de fréiere Premier an aktuellen EU-Kommissiounspresident hien an där Tâche géif ënnerstëtzen.

Iwwer Ängschten a politesch Korrektheet

Net frou ass de Claude Wiseler, datt hie wéinst sengen Aussoen am Abrëll 2016 iwwer d'Flüchtlingskris Populismus reprochéiert krut. An der Chamber hat den CSV-Fraktiounspresident gesot, d'Leit hätten Angscht an d'Regierung misst dorop agoen.

D'Politik dierft de rietspopulistesche Parteien net den Terrain iwwerloossen. "Klassesch Parteie schwätzen déi Themen net ëmmer sou un, well se aus politescher Korrektheet déi Sujeten ëmginn", mengt de Claude Wiseler. Rietspopulistesch Parteien hätte keng Äntwerten dorop an dofir missten déi aner Parteien de Problemer an d'Ae kucken an net ëmmer alles schéi schwätzen. Beispiller huet den CSV-Fraktiounschef keng genannt.

Kee Kommentar iwwert d'Kleeschen-Affaire

Op dem CSV-Parteipresident seng Aussoen op Facebook iwwert de Kleeschen an de Schoule wollt de Claude Wiseler net am Detail agoen. De Marc Spautz hat geschriwwen: "A verschiddene Schoule gëtt et kee Kleesche méi a Kleesercherslidder sinn net erlaabt." Den Edukatiounsministère huet dat dementéiert an de Marc Spautz huet keng Beweiser fir seng Behaaptung geliwwert.

De Marc Spautz hätt wëllen ausdrécken, datt hien un den Traditioune festhält, esou de Claude Wiseler. Dat hätt dono eng Dimensioun ugeholl, déi "fir hien a fir eis alleguer iwwerraschend war". Et wier dem Marc Spautz vläicht e wéineg ze séier gaangen. Ob säi Parteikolleg e Feeler gemaach huet, wollt den CSV-Fraktiounschef net soen.

Pensiounsreform an Affaire Lunghi

De Claude Wiseler plädéiert fir eng Reform vum Pensiounssystem. Dat kéim mat Sécherheet an den CSV-Wahlprogramm. Esou eng Reform géif eng extrem zolidd Diskussioun mat de Sozialpartner verlaangen. Wahrscheinlech wier e Mix vun dräi Mesuren néideg: Hausse vun de Cotisatiounen, Hausse vum Pensiounsalter a Kierzung vun de Leeschtungen.

Op d'Affaire Lunghi ugeschwat, sot de Claude Wiseler, et wier déi absolut richteg Demarche, datt RTL d'Konzept vun der Emissioun Nol op de Kapp an déi betriibsintern Deontologie iwwerkuckt. Ob hien als CSV-Fraktiounschef am Verwaltungsrot vun CLT-UFA bleift, wollt hien net soen. Dat wéilt hien a Rou decidéieren.

Wann de Jean-Louis Schiltz sollt President vun CLT-UFA ginn, esou wéi vum Lëtzebuerger Wort gemellt, da wier dat dem fréieren CSV-Minister seng perséinlech Decisioun, an net déi vun der Partei. D'CSV hätt och net decidéiert, datt de Luc Frieden sollt President gi vum Medienhaus Saint-Paul. Weder Fraktioun nach Partei kéinten do matschwätzen.