Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COSL: méi Suen an ee Konzept fir de Sport

Budget

COSL: méi Suen an ee Konzept fir de Sport

Den COSL vermësst am Staatsbudget e Gesamtkonzept fir de Sport zu Lëtzebuerg. Dem President André Hoffmann no dierft sech d'Entwécklung vum Sport net op Budgetsposte vum Sportsministère reduzéieren. A sengem Avis zum Budget kritiséiert de COSL, datt d'Finanze fir de Sport 2017 stagnéieren.

auto_stories

2 min

André Hoffmann

A sengem Avis zum Staatsbudget stellt den olympeschen Sportscomité fest, datt de Sport net méi finanziell Moyene kritt, och wann eenzel Budgetsposten an d'Lucht ginn. Dem COSL-President André Hoffmann no géif et op Säite vum Staat un enger kohärenter Strategie feelen, fir dat gemeinsamt integréiert Sportskonzept ëmzesetzen, dat den COSL virun zwee Joer ausgeschafft huet. Am Sënn vum "Nation Branding" misst d'Regierung och méi Suen an den Héichleeschtungssport investéieren, seet den André Hoffmann.

Keng sportspolitesch Visioun

Den COSL-President vermësst eng Neiausriichtung vun der Sportpolitk. Dofir misst ee sech grondleeënd Gedanke maachen, wéi de Sport zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Et géing net duer goen, just Joer fir Joer am Budget d'Poste vum Sportsministère nei ze dotéieren.

Esou e Sportskonzept betrëfft de ganze Staat, seet den André Hoffmann. Där sozialer, medezinescher a gesellschaftlecher Stellung vum Sport géing keng Rechnung gedroe ginn. Dofir missten nieft dem Sportsministère och aner Ministère wéi d'Santé, den Intérieur an d'Educatioun mat abezu ginn.

Dem COSL-President no géif de Sport iwwert d'Halschent vun der Populatioun betreffen an hätt och eng enorm ekonomesch Wierkung. Een Euro, deen an de Sport fléisst, géif dräi Euro fir d'Ekonomie bréngen, seet den André Hoffmann. Woubäi et zu Lëtzebuerg keng formell statistesch Erhiewungen iwwert de Sport géife ginn. An Zukunft wéilt de Statec och Zuelen iwwert de Sport erhiewen.

Ausbau vum Elitte- a Breedesport

Den COSL begréisst déi nei Mesure "Subside qualité plus", deen d'Chèques services am Sport ersetzt. Där neier Regelung no kann ee Veräin beim Sportsministère 150 Euro pro Kand ufroen, wann d'Kanner vu qualifizéierten Trainer betreit ginn.

De Sport mécht 0,33 Prozent vum Budget aus, ronn 46,5 Milliounen Euro fir de Fonctionnement vun Infrastrukturen, d'Ënnerstëtzung fir Federatiounen an Trainer. "Dat ass net vill", seet den André Hoffmann. Dem COSL-President no betrëfft de Sport iwwer d'Halschent vun der Populatioun, an hätt och eng enorm ekonomesch Wierkung.

Dem COSL-President no ass et wichteg, an den Elittesport z'investéieren, och wa Lëtzebuerg e klengt Land ass. "De Sport huet zanter éiweg Nation Branding gemaach". De Sport hätt Lëtzebuerg international op d'Landkaart gesat. Am Ausland hätte Spëtzesportler méi Moyenen, wéi zu Lëtzebuerg.