Radioen

On air

De Moien  |  Anderson .Paak - Make It Better Feat. Smokey Robinson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Court-termisme" amplaz "Long-termisme"

FEDIL

"Court-termisme" amplaz "Long-termisme"

"Lëtzebuerg huet e Wirtschaftsmodell, dee net ëmmer ganz nohalteg ass", esou den Direkter vun der FEDIL Nicolas Soisson, deen am Januar an d'Pensioun geet. Et hätt een zu Lëtzebuerg net de Courage gehat fir sech un d’laangfristeg Problemer erunzewoen. D'ëffentlech Finanze wieren defizitär, d’Aarbechtsrecht misst flexibiliséiert ginn an d’Pensioun- a Gesondheetssystemer wieren net laangfristeg ofgeséchert.

auto_stories

3 min

Nicolas Soisson

"D’Politik fokusséiert op de court-terme an de long-terme bleift e bëssen op der Strecke", esou de Virworf vum Nicolas Soisson. Als Vertrieder vum Patronat, huet de Nicolas Soisson dacks ëffentlech vu Problemer an der Economie an am Sozialsystem geschwat. Um 100,7, huet hien, an engem vu senge leschten Optrëtter als FEDIL-Direkter, dat nach emol widderholl.

D'ëffentlech Finanze wieren zanter bal zéng Joer defizitär, am Aarbechtsrecht misst ee nei Weeër goen fir méi flexibel schaffen ze kënnen, de Pensiounssystem wier laangfristeg net ofgeséchert an am Gesondheetssystem géingen nei Defie kommen, esou de Nicolas Soisson. D'Situatioun am Moment wier vläit an der Rei, mee wann ee wéilt d'Economie an d'Beschäftegung laangfristeg ofsécheren, misst een de Courage hunn sech un déi Dossieren erunzewoen.

Nëmme mat wirtschaftlechem Wuesstem kéinten d'Peië weider klammen an d'Pensiounen an d'Luucht goen, esou de FEDIL-President. Dem Nicolas Soisson no, kéint d'Economie och wuessen ouni der Ëmwelt ze schueden oder ouni datt d'Populatioun misst wuessen. D'Effizienz vun der Wirtschaft a vun de Betriber misst par konter verbessert ginn.

Op d'Fro wéi een dann d'Politik oder d'Sozialpartner aus enger kuerzfristeger Approche kéint befreien, huet de Nicolas Soisson geäntwert: "schwéier".

Nationale Sozialdialog quasi onméiglech

"Déi läscht zwou Tripartitë waren en totalen Echec", esou de Nicolas Soisson. Den Direkter vun der FEDIL sot, datt am Géigesaz zum nationale Sozialdialog, den Dialog an de Betriber gutt géing fonctionnéieren. Dat wier, well hei d'Leit déi ronderëm den Dësch sëtzen den Terrain géinge kennen a no bei de Realitéite wieren.

"Fille mech gutt"

"Ech wärt iergendwou am Donstkrees vun der FEDIL nach e bësse bleiwen", esou de Nicolas Soisson. Doriwwer eraus géing hien och säi Mandat als Buergermeeschter vu Biwer viruféieren. Bei de nächste Gemengewahlen am Oktober 2017, wéilt hien allerdéngs net méi untrieden. Genee wéi all anere Mënsch hätt hien awer och nach aner Saachen, déi hie géing gäer maachen. De Nicolas Soisson wëll méi Zäit mat Famill a Frënn verbréngen... donieft fiert hie gär Vëlo a Ski.

De Nicolas Soisson am Interview mam François Aulner: