Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "CSV huet ADR scho kontaktéiert"

Fernand Kartheiser

"CSV huet ADR scho kontaktéiert"

Virun de Wahlen am Oktober 2013 ass d’CSV schonn un d’ADR erugetrueden, en vue vun enger eventueller Koalitioun, esou de Fernand Kartheiser an der Emissioun Riicht eraus um radio 100,7. Ouni en Numm wëllen ze nennen, huet den ADR-Deputéierte vun engem "ganz héije Vertrieder" vun der CSV geschwat.

auto_stories

5 min

De ganz héije Vertrieder vun der CSV hätt der ADR gesot, datt jee nodeem wéi d’Wahlen ausginn, d’CSV sech kéint virstelle mat der ADR eng Koalitioun ze bilden. Dem Fernand Kartheiser no hätt d’CSV schonn deemools virun de Chamberwahle vum Oktober 2013 eng blo-rout-gréng Koalitioun gesi kommen.

CSV-ADR 2018

Fir den ADR-Deputéierte géing dat och kloer weisen, datt d’CSVaus taktesche Grënn eng Koalitioun mat der ADR souwisou net kéint ausschléissen. Doriwwer eraus wiere béid Parteie konservativ an a ville Froe géingen et Schnëttstelle ginn. "Striewe mer eng CSV-ADR Koalitioun un? Jo!", sou de Fernand Kartheiser.

Am Januar hat den CSV-Deputéierten Laurent Zeimet am Lëtzebuerger Wort eng Zesummenaarbecht nach ausgeschloss, well besonnesch an der Aussen- an Europapolitik géinge Welten déi zwou Parteien trennen. De Fernand Kartheiser mengt awer, datt souwuel ADR wéi CSV wëssen, datt Lëtzebuerg Europa brauch.

An zwee an engem hallwe Joer wäert sech déi "realistesch Siicht" vun der ADR, vun engem Europa vun der Zesummenaarbecht tëscht de Natiounen duerchgesat hunn.

E schwierege Spagat

De Fernand Kartheiser ass der Meenung, datt d'CSV sech no riets géing beweegen. Dem ADR-Députéierte no wier dat dorobber zréckzeféieren, datt d’CSV am Moment e bësse lénks vun der politescher Mëtt géing stoen. "D’CSV ass och an enger Situatioun, wou se probéiert iwwerall Stëmmen ze kréien."

Andeems si sech op e puer Säite beweegt, géing déi gréisst Oppositiounspartei allerdéngs ee schwierege Spagat maachen. D’CSV géing nämlech déi ganzen Zäit Konzessiounen un déi lénk politesch Säit maachen. De Fernand Kartheiser nennt als Beispill e "faule Kompromëss mam Nationalitéitegesetz". D’ADR wier par konter zouverlässeg op hire Positiounen.​

Rietspopulismus an Extremismus

De Fernand Kartheiser gesäit et als wichteg Roll vun der ADR, fir Leit mat extremisteschen Usiichten ze "raisonéieren" an ze "pazifiéieren". Wa Leit sech net géingen op de Kurs aloossen, da wieren se op aner "Kreatiounen" ugewisen, wéi d’Sozial Demokratesch Vollekspartei. "Mee da si se aus der Gesellschaft."​

D'ADR wier eng "konservativ Partei mat sozialem Gewëssen". De Begrëff "Populismus" géing benotzt ginn, fir een aneren ze denigréieren an deem anere seng Legitimitéit a Fro ze stellen. De Begrëff géing dowéinst de Meenungs-Spektrum aschränken, kritiséiert de Fernand Kartheiser.

Islam jo, mee keng Sub-Kultur

An Däitschland huet d'AfD (Alternative für Deutschland) den 1. Mee an hirem Grondsazprogramm festgehal, datt den "Islam net zu Däitschland gehéiert". Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen sot de 6. Mee am Lëtzebuerger Wort awer, datt den Islam wéi al aner Relioun zu Lëtzebuerg eng Plaz hätt. De Fernand Kartheiser fënnt d’Fro, ob den Islam zu engem Land gehéiert oder net, "ze einfach".

Zu Lëtzebuerg wier ee "konfrontéiert mat enger ëmmer méi grousser Zuel u Moslemen". Ganz vill Froe wieren awer nach guer net diskutéiert ginn, wéi zum Beispill, wat dat demographesch, soziologesch oder reliouns-philosophesch géing heeschen, oder wéi d’Integratioun soll gemaach ginn. "Kënne mir erlaben, datt an engem Sub-Kultur-Krees zum Beispill d’Fraen diskriminéiert ginn?", huet den ADR-Deputéierte gefrot.