Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Desert Rush

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Accord vu Riichter, Staatsministère a Kontrollkommissioun

Staatstrojaner

Mam Accord vu Riichter, Staatsministère a Kontrollkommissioun

Wann d’SREL-Reform den 1. Oktober 2016 a Kraft trëtt, kritt de Geheimdéngscht offiziell eng legal Basis fir mat Hëllef vun Trojaner op friem Computeren zouzegräifen. Fir d’éischte Kéier ass d’Benotze vun Trojaner ausdrécklech virgesinn. De Staatsministère, grad wéi CSV, LSAP, DP an Déi Gréng hu beim Vote vum Gesetz den 9. Juni awer vergiess ze soen, datt si dem SREL schonn zënter 2011 gréng Lut gi fir Iwwerwaachungssoftware anzesetzen. Op Basis vun engem Passage aus dem Code d’instruction criminelle, deen...1982 formuléiert gouf.

auto_stories

7 min

© Bigstock

Juli 1982, d’Zäit vum kale Krich. An der Chamber gëtt et eng laang Diskussioun iwwer d’Oflauschtere vun Telefonskommunikatiounen, iwwer de Schutz vun der Privatsphère an iwwer méiglech Abusen. D’CSV-DP-Koalitioun stëmmt fir Ännerungen am Code d’instruction criminelle: de Kader, an deem de Geheimdéngscht op telefonesch Ecouten zréckgräife kann, gëtt am Artikel 88-3 an 88-4 festgeluecht.

Wéi eng Roll den Internet an d’Computere spéider kréien, gëtt 1982 net virausgesinn. Mä nieft dem einfachen Telefon geet och iwwer Wanzen a Peilsendere Rieds fir présuméiert Krimineller z’iwwerféieren. Dofir gëtt den Artikel 88-3 ganz vague formuléiert: "Le Président du Gouvernement pourra, (...), ordonner la surveillance et le contrôle, à l'aide de moyens techniques appropriés, de toutes les formes de communication aux fins de rechercher des infractions contre la sûreté extérieure de l´Etat."

Panne beim éischten Asaz vun engem Staatstrojaner

Bal 30 Joer méi spéit, virun der Revelatioun vun der SREL-Affär. Den 10. November 2011 informéiert de SREL-Direkter Patrick Heck d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun, datt et eng Panne mat engem Staatstrojaner gouf. Um Computer vun enger verdächteger Persoun gouf eng Spyware installéiert, mat där de SREL de Mikro vum Computer aschalte wollt fir Ecouten ze maachen. Dat ass awer net gelongen. Donieft gouf d'Software no enger Zäit um viséierte Computer detectéiert an de SREL huet "ongewollt" Donnéeë vum Computer kopéiert.

Et ass am Joer 2011 gewosst, datt och Krimineller ëmmer méi iwwer Mail, Whatsapp, Skype oder soss informatesch Weeër kommunizéieren. Mä d'SREL-Gesetz vun 2004 gesäit d'Iwwerwaache mat Hëllef vun Trojaner net vir, an dat neit Gesetz ass réischt an der Maach. Dofir huet de SREL fir d'éischt de Staatsministère an d'Kommissioun vun dräi Riichter, déi am Code d’instruction criminelle virgesinn ass, ëm hir Autorisatioun gefrot.

De Geheimdéngscht kritt den Accord fir en Trojaner anzesetzen, mat der Argumentatioun, datt d’Formulatioun "de toutes les formes de communication" am Artikel 88-3 am Code d’Instruction criminelle d’Asetze vun Trojaner net verbidde géif. Dat gëtt och esou den 10. November 2011 an der Kontrollkommissioun erkläert, a Präsenz vum Staatsministère a vum Justizminister François Biltgen (CSV).

Member vun der Kontrollkommissioun sinn deen Ament:

  • François Bausch, Fraktiounschef (Déi Gréng) a Kommissiounspräsident
  • Xavier Bettel, Fraktiounschef (DP)
  • Lucien Lux, Fraktiounschef (LSAP)
  • Marc Spautz, Fraktiounschef (CSV)

"Ech hunn d’Asetze vun Trojaner ënnerbonnen"

D'Kontrollkommissioun huet d'Asetze vum Staatstrojaner op Basis vum Code d'instruction criminelle net a Fro gestallt. Am SREL-Joresrapport vun 2011 ass tëscht den Zeilen ze verstoen, datt den Trojaner net vum Dësch ass: "Il a été souligné qu'outre les principes de fonctionnalité et de fiabilité, c'est surtout la proportionnalité qui doit guider toute mesure d'interception".

De Staatsministère an de SREL selwer gi wéinst der Panne awer skeptesch. De Staatsministère hält dofir an engem Bréif fest, datt d'Spyware just nach sollt intern getest, mä net méi extern agesat ginn. De Jean-Claude Juncker seet am Januar 2013 an der Geheimdéngscht-Enquêtekommissioun: "déi ganz Fro vun den Trojaner, (...) dat hunn ech ënnerbonnen, well dat war amgaang gemaach ze ginn, an ech hu geschriwwen, dat géif net goen! Doriwwer ass, mengen ech, d'KontrolIkommissioun och informéiert ginn."

Trotzdem keeft de SREL mam Accord vum Staatsministère am Mäerz 2012 eng nei oder aktualiséiert Software. Eng, déi opjiddefall méi performant ass. D'Dokumenter, déi d'lescht Joer public goufen, wéi d’Firma Hacking Team gehacked gouf, weisen, datt am Mäerz 2012 300.000 Euro fir eng Spyware bezuelt goufen.

D'Software ass effektiv während ongeféier zwee Joer intern getest ginn. Duerno awer ass se rëm agesat ginn, an erëm mam Accord vum Staatsministère, vun den zoustännege Riichter, a mam Aval vun der Kontrollkommissioun. Déi ass nämlech regelméisseg am Detail iwwer d’Operatiounen informéiert ginn. Méi detailléiert, wéi am Fall vun einfachen Telefonsecouten.

Am Juli 2015 schreift d’Lëtzebuerger Wort, mat Verweis op de Staatsministère, de SREL géif den "Tool nach ëmmer benotzen, mä just punktuell an op Demande vum SREL". Virdru wier eng Autorisatioun vum Staatsministère a vun der Kommissioun vun dräi Riichter néideg.

Dat ass dat Eenzegt, wat an de Joeren 2011 bis 2015 zu deem Thema ëffentlech gouf. Souguer an der SREL-Enquêtekommissioun gouf et keng Diskussioun iwwer d’Problematik vum Staatstrojaner, vun de Schwieregkeetee fir en ze kontrolléieren a vum méiglecherweis groussen Agrëff an d’Privatsphère vun de Leit. Och déi intern Regelung, déi eisen Informatiounen no festgehal gouf fir d'Fäll ze definéieren an deenen d'Software däerf agesat ginn, ass net public.

Op eng nei Ufro hi wëll de Staatsministère haut net präziséieren, wéi dacks a wéini genee d’Software agesat gouf. Et heescht, wann den Trojaner benotzt gi wier, da wier dat esou gemaach ginn, wéi am Code d'instruction criminelle virgesinn.

Juristesch héchst ëmstridden

Fir esou eng instrusiv Iwwerwaachungsmesure wéi en Trojaner op Basis vum Code d’instruction criminelle anzesetzen, steet op ganz wackelege Féiss. 1985 hunn d’Sozialisten aus der Oppositioun eraus den Artikel 88-3 an 88-4 virum Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroosbuerg ouni Erfolleg ugefecht. Interessant war d’Défense vun der Regierung: Hire Vertrieder huet viru Geriicht gesot, de Code d’instruction criminelle dierft net esou interpretéiert ginn, wéi wann de SREL dierft doheem iwwerwaachen: "Les requérants font valoir que le service des renseignements pourrait envisager le placement de micros dans le domicile des personnes privées. A cet égard, la Commission observe qu'ainsi qu'il a été indiqué par le Gouvemement défendeur dans ses observations écrites et à l'audience, l'inviolabilité du domicile est garantie par la Convention européenne des Droits de l'Homme qui a force de loi au Luxembourg, et la législation contestée n'autorise pas le service des renseignements à y déroger. Le Gouvemement a également souligné qu'il faudrait, pour ce faire, une disposition expresse et que la législation sur la protection de la vie privée doit être respectée par le service des renseignements. Se basant sur ces déclarations, la Commission estime qu'une telle forme de surveillance n'est pas possible dans le cadre des dispositions mises en cause".

En Trojaner gëtt der europäescher Jurisprudenz no ënner anerem mat engem Agrëff an d’Recht op Schutz vum Domicile gläichgesat.

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) interpretéiert dat an engem rezenten Avis iwwer d'Asetze vu Staatstrojaner an der Justiz ähnlech. De Justizminister Felix Braz wëll d’Artikelen 88-1 bis 88-4 am Code d’instruction criminelle nämlech nei formuléieren, esou datt Staatstrojaner ausdrécklech virgesi sinn. D'CNPD schreift vun enger "extrem intrusiver Mesure", déi "wäit iwwert dat eraus geet", wat de Code d’instruction criminelle bis elo méiglech gemaach hätt. En Trojaner wier e "considérabele Qualitéitssprong an den Iwwerwaachungsméiglechkeeten".

Och d'Justiz hat eng aner Liesart vum Code d’instruction criminelle, sou wéi en zënter 1982 a Kraaft ass. D'Untersuchungsriichter hunn eisen Informatiounen no net op d'Artikelen 88-1 an 88-2 zréckgegraff fir Trojaner anzesetzen, well si der Meenung waren, datt et keng legal Basis dofir géif ginn.

Panne vun 2011 weist, wéi sensibel de Sujet ass

D'Panne, déi de Geheimdéngscht der parlamentarescher Kontrollkommissioun am Joer 2011 matgedeelt huet, illustréiert d'Problematik ganz gutt. Ouni legale Kader war net kloer, wat de SREL mat enger Spyware maachen dierf: Just de Mikro um PC aschalten? Dokumenter kopéieren? Privat Fotoe kucken? Och aner Persounen iwwerwaachen, déi eigentlech net direkt am Viséier stinn? Wie kontrolléiert, ob déi Software och just fir déi Missiounen agesat gëtt, fir déi d'Kontrollgremie gréng Lut ginn hunn? Wéi verhënnert een, datt de Programmateur vun der Software mat liest?

D'SREL-Reform, déi den 9. Juni an der Chamber gestëmmt gouf, gesäit interssanterweis keng Äntwerten op déi Froe vir. Deen eenzegen, deen dat kritiséiert huet, ass den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Hien huet d'Gesetz zwar mat gestëmmt, d'selwecht wéi seng Fraktiounskollegen, mä e puer Deeg nom Vote huet hie gemengt, d'Gesetz wier a punkto Staatstrojaner ze vague, an hien a seng Fraktioun hätte sech kënne méi domat ausernee setzen. De Gesetzesprojet vum Justizminister Felix Braz fir d'Asetze vun engem Staatstrojaner duerch d'Justiz ze regelen, géif eng zweet Chance bidden. Wann de Staatsrot a sengem Avis zu deem Gesetzesprojet méi e kloere Kader fuerdere géif, kéint dee Kader och fir de Geheimdéngscht iwwerholl ginn. Dat neit Gesetz vum SREL, dat dësen 1. Oktober a Kraaft trëtt, misst an deem Fall allerdéngs schonn nees iwwerschafft ginn.