Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Brillschoul léiert sech selwer ze hëllefen

Enseignement

D’Brillschoul léiert sech selwer ze hëllefen

Déi Escher Brillschoul war ganz schlecht drun. Déi gréisste Grondschoul am Land war bal zegronn gaang wéinst de sozio-economesche Problemer am Quartier, de ville Sproochen, déi ënnert een Hutt ze brénge waren, dem Mësstraue vum Schoulpersonal an d’Institutiounen… Virun zwee Joer huet d’Schoul een neien Depart geholl.

auto_stories

2 min

Joa Baum, Somia Salah, Marc Pierrard

D’Grondschoul am multikulturellen Escher Quartier Brill gëtt zënter zwee Joer wëssenschaftlech begleet. Den neie Projet schéngt an déi richteg Richtung ze goen. Deen Androck vermëttele jiddefalls d’Acteuren, déi dëse neie Start an d’Weeër geleet hunn.

De Grondsteen huet eng Konventioun geluecht, mat där sech d’Schoul, d’Gemeng Esch an de Staat géigesäiteg verflichten. Et hätt ee sech einfach d’Mëttele ginn fir d’Schoul méi staark z’ënnerstëtzen, erkläert d’Somia Salah vum Educatiounsministère. Et ass a Material investéiert ginn. Et gëtt ee methodologeschen Appui gebueden. “D’Schoul soll an d’Lag versat ginn, selwer Léisungen zu hire Problemer auszeschaffen”, sou d’Somia Salah.

D’Konventioun hätt nees Vertraue geschaf

Jidderee wier an den neie Projet mat agebonne ginn. Dat war wichteg: ee grousse Problem an der Brillschoul war deen, datt d’Kommunikatioun ënnert dem Personal net geklappt hat.

Och no bausse wier dat e Problem gewiescht. “D’Schoul huet eenzel Initiative lancéiert, mä huet sech dobäi einfach verlooss gefillt vun der Gemeng, dem Ministère, der Inspektioun”, erkläert de Schoulinspekter Joa Baum. D’Konventioun hätt de Leit erëm Vertraue ginn.

D’Enseignante mussen ee “Contrat moral” ënnerschreiwen

Fir datt d’Equipe hannert dem neie Projet steet, gëtt d’Personal no engem bestëmmte Profil agestallt. Dat ass an anere Schoulen net esou. An der Brillschoul mussen d’Enseignante sech schrëftlech engagéieren, hannert de Methoden a Wäerter vun der Schoul ze stoen.

Déi nei Iddie goufen am Ufank haaptsächlech vun deenen Enseignanten oppen empfaang, déi nei waren, sou de Schoulpresident Marc Pierrard. Lues a lues hätt sech dunn d’Iwwerleeung duerchgesat, datt hei am Interêt vun der Schoul an de Kanner géif gehandelt ginn – an net géint een.