Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plainte oder Pipeline

Fräihandel

Plainte oder Pipeline

Am November sot den US-Präsident Barack Obama no laange Joren innepolitesche Streidereien definitiv "Neen" zu enger Pipeline, déi Réi-Uelech aus Kanada an d'USA sollt bréngen. Mee de Konflikt geet virun: D'Firma TransCanada, déi d'Pipeline sollt bauen, wëllt elo iwwert den nordamerikanesche Fräihandelsofkommes géint d’USA kloen.

Yasha Wecker a Philip Crowther / po

auto_stories

4 min

Am Nebraska gesinn d'Baueren hir Existenz a Gefor, wann eng Pipeline duerch hir Felder gebaut géif ginn (©Philip Crowther)

Dem Barack Obama seng Decisioun géint de Bau vun där ëmstriddener Pipeline koum de 6. November 2015. Siwe Joer gouf ëm des Decisioun bannent a baussent der Regierung gekämpft. Den Ausseministère hätt entscheed, datt d'Keystone XL-Pipeline net am nationalen Interessi steet, sou den US-President. An hien wier "d’Accord mat där Decisioun."

Während quasi der ganzer Presidence vum Barack Obama wor Keystone XL ee weidere Grond fir d’Divisiounen tëscht Republikaner an Demokraten. D'Pipeline war och e Kampf tëscht de grousse Petrolsfirmen, an hire Lobbyen op där enger Säit, an Ëmweltaktivisten op där anerer. Den Obama huet esou laang wei méiglech gewaart, fir um Enn duerch dës Entscheedung ze probéieren, als grénge President an d’Geschicht anzegoen. Hie sot, datt d’Constructioun vun der Pipeline d’Plaz vun den USA als Leader am Kampf géint de Klimawandel a Fro gestallt hätt.

Investisseur vs. grénge President

Mee e puer Méint no der Decisioun vun der US-Regierung entscheed TransCanada, sech ze wieren. De 6. Januar kënnegt di kanadesch Firma hir Fuerderung no 15 Milliarden Dollar Schuedenersaz vun der US-Regierung un. Alles dat am Kader vum nordamerikanesche Fräihandelsofkommes NAFTA, dat 1994 a Kraaft getrueden ass. Den Artikel 11 vun dësem Ofkommes tëscht Mexiko, den USA a Kanada enthält nämlech Bestëmmungen iwwert d’Protectioun vun den Investisseuren.

D’US-Regierung hätt hir Obligatiounen ënnert deem Artikel net respektéiert, heescht et am Dokument, dat di kanadesch Entreprise Ufanks des Mounts ëffentlech gemaach huet. TransCanada argumentéiert, datt d’Decisioun géint d'Pipeline politesch motivéiert gewiescht wier. Amplaz de Merite vum Projet z’evaluéieren, hätt den US-President eng arbiträr an diskriminatoresch Entscheedung getraff.

De Scott Sinclair vum lénks-orientéiere "Canadian Centre for Policy Alternatives" mengt, datt de Fall TransCanada op en Neits op d’Problemer hiweist, déi d’Klausel vum Investoreschutz an den Handelsaccorde ka mat sech bréngen: "Et as d’Onofhängegkeet an d’Integritéit vun den Ëmweltschutz-Analysen, déi a Fro gestallt ginn, wann d’Leit déi dës Evaluatioune maache mat der Angscht vun enger Plainte musse schaffen. D’Gefor ass net theoretesch, si ass reell."

Fräihandelsnatioun

Kanada kennt des Gefore gutt. Enger Etude vum "Canadian Centre for Policy Alternatives" no viséiere 70 Prozent vun de Sträitschlichtungen ënnert dem Artikel 11 vum NAFTA Decisiounen op der kanadescher Säit, an deene meeschte Fäll geet et dobäi em Ëmweltschutzmesuren.

Trotzdem bleift de Fräihandel och fir di nei kanadesch Regierung eng Prioritéit. D'Ministesch fir den internationalen Handel Chrystia Freeland betount, dass Kanada eng Handelsnatioun ass: "Den internationalen Handel ass wichteg fir de Wuesstem a fir de Wuelstand vun der Mëttelschicht. Dat ass fir eis een zentralen Enjeu".

Bis ewell waren et déi amerikanesch Entreprisen, déi vun de Mesurë vum Investoreschutz am meeschte profitéiert hunn. An och wann TransCanada Experten no staark Argumenter huet, bleiwen d'USA zouversiichtlech. Bis elo gouf et am Kader vum NAFTA zwielef esou Prozedure géint déi amerikanesch Regierung, alleguer vu Säite vu kanadesche Firmen. Déi amerikanesch Regierung huet all Kéiers gewonn.

Enn vu Keystone XL: Wéi definitiv, a wéi deier?

Dës Prozeduren am Kader vum nordamerikanesche Fräihandelsofkommes kënne just Schuedenersaz als Resultat hunn. TransCanada wëll awer méi. D’Firma huet dowéinst zousätzlech virun engem Bundesgeriicht zu Houston am Texas eng Plainte deposéiert. Dat fir z'erreechen, datt dem Obama seng Decisioun nees zréck geholl gëtt.

Wéi d'Entscheedung géint Keystone XL nach net getraff wor, hu sech vill Leit géint d'Pipeline agesat. Ee vun den Aktivisten ass de Byron Steskal, e Bauer aus Nebraska. D’Pipeline hätt sollen a senge Felder gebaut ginn, mam Risiko d'Waasser ze verschmotzen: “Mir kéinten elo eng Schëpp huelen an ee Meter méi déif géife mir Waasser fannen. Dräi Millioune Leit benotzen d’Waasser fir ze drénken, fir hiert Véih, fir ze irrigeieren. Mir liewen dovun.” Déi Suerge sollte mam Barack Obama senger Decisioun géint d'Pipeline eriwwer sinn. Lo bleift ofzewaarden, ob et dobäi bleift a wéi vill d'USA dofir musse bezuelen.