Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Interessekonflikter vum Luc Frieden

Wirtschaftschronik

D'Interessekonflikter vum Luc Frieden

De Luc Frieden hält bei der Deutschen Bank zu London op, fir op Wonsch vum katareschen Investisseur Precision Capital President vun der BIL ze ginn. Fënnef Joer sinn et hir, datt de Luc Frieden als Finanzminister an de Katar gereest ass fir iwwer Investitiounen hei am Land ze verhandelen. D'Monarchefamill Al Thani hat Chance: si huet e Minister kenne geléiert, deen hier zënterhir grouss Déngschter leescht.

Jean-Claude Franck

auto_stories

4 min

"E Cooling-Off wier nëmmen ubruecht" fir de Luc Frieden, mengt de Jean-Claude Franck

Et gi Momenter a Kontakter an engem Liewen, déi verännere Villes. Februar 2011 war esou e Moment am Liewe vum Luc Frieden. Zu Doha huet säi Frënd Albert Wildgen (Geschäftsmann a President vun der Administration des biens du Grand-Duc) hien a Relatioun bruecht mat der Kinneksfamill Al Thani, déi zënter Joere massiv uechter d'Welt investéiert fir hir Ofhängegkeet par rapport zu de Revenuen aus dem Petrol- a Gasgeschäft ze reduzéieren. Fir den deemolege chrëschtlech-soziale Finanzminister muss d'Rees faszinant gewiescht sinn: en huet nämlech ouni laang iwwer Präis a Strategie ze verhandelen en Drëttel vun der Cargolux verkaaft, an och Investitiounen op der Lëtzebuerger Finanzplaz an Aussiicht gestallt.

E Mount drop huet d'Bankenautoritéit CSSF ze verstoe ginn, datt se engem Verkaf vun der KBL un en indeschen Investisseur net zoustëmme géif, woumat de Wee fräi war fir de katareschen Investisseur Precision Capital, deen d'KBL fir ronn eng Milliard Euro kaaft huet. Rëm e puer Méint méi spéit war d'BIL un der Rei. Wéi déi deemoleg Dexia a Schwieregkeete komm ass, huet de Luc Frieden net laang gezéckt an de Premier Al Thani ugeruff : Precision Capital huet openeits zougeschlo, a krut fir 657 Milliounen Euro 90 Prozent vun de Parten, déi aner zéng Prozent sinn un de Lëtzebuerger Staat gaang. 

Famill Al Thani gréissten DB-Aktionär

Wéi de Luc Frieden Enn 2012 d'Flemm mat der Politik hat, well e sech an der Koalitioun net mat senger Budgetspolitik duerchgesat krut, huet en eisen Informatiounen no driwwer nogeduecht, bei Royal Dutch Shell ze wiesselen - ee vun de gréisste Shell-Aktionären ass de kataresche Staatsfong. Wéi de Luc Frieden dunn no de Chamberwahle keng Loscht op Oppositiounsaarbecht hat, ass e bei d'Deutsche Bank op London gewiesselt. Dat gouf am Juni 2014 offiziell, zimlech zäitgläich mat der Confirmatioun, datt d'Famill Al Thani duerch eng Kapitalerhéijung gréissten DB-Aktionär gouf. 

D'Deutsche Bank allerdéngs ass an der schlëmmster Kris an hirer Geschicht a gëtt restrukturéiert, och um Niveau vum Management. De Luc Frieden kënnt also zréck op Lëtzebuerg, an nieft sengem neie Posten als President vum Editeur Saint-Paul (wou eis bis elo keng kataresch Participatioun bekannt ass) soll en elo President vun der BIL ginn: do wou e schonn e puer vu senge fréiere Mataarbechter aus dem Finanzministère plazéiert huet. Do, wou säin ale Bekannten Hugues Delcourt CEO ass, säi Frënd Albert Wildgen am Verwaltungsrot sëtzt a säin anere Frënd François Pauly him de Presidentestull bis zur nächster Generalversammlung waarm hält. An och do, wou den Haaptaktionär nëmmen do ass, well de Luc Frieden Finanzminister war an am Oktober 2011 den Telefon an de Grapp geholl huet.

"Ist der Ruf erst ruiniert..."

Eng méi offensichtlech Belounung hätt de Katar sech net ausdenke kënnen. Mä gutt : soulaang en ee fënnt, deen d'Spill matmécht, ass dem Investisseur näischt virzewerfen. E Reproche kann een dofir awer dem Luc Frieden maachen: hien huet als Vertrieder vum Staat Kontakter an der Privatwirtschaft kritt, déi en zënterhier fir seng eegen Zwecker benotzt, an dat ouni Schimmt. Wéi soll een dann haut nach wëssen, a wiem sengem Interessi hien am Februar 2011 op Doha gereest ass? Wat fir e Schued entsteet duerch déi Vermëschung fir d'Bild vu Lëtzebuerger Wirtschaft a Politik? A wat fir e Bild entsteet bei der Jugend, déi nach dru gleewe wëll, datt et an der Economie op Kompetenz an net op Relatiounen ukënnt? 

Dobäi kënnt, datt de Luc Frieden nach ëmmer President ass vun der Deutsche Bank Lëtzebuerg. Et gëtt also e "fliegender Wechsel" vun engem Presidenteposten op deen aneren, vun enger Konkurrenzbank bei déi aner. E Cooling-Off wier nëmmen ubruecht, schéngt awer néirens verlaangt ze ginn. Mä wéi seet en däitscht Sprachwuert : "Ist der Ruf erst ruiniert, lebt es sich ganz ungeniert".