Radioen

On air

De Moien  |  Raphael Saadiq - Body Parts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Widderhuelung eenzeg propper Decisioun

Wahlen Eisträich

Widderhuelung eenzeg propper Decisioun

Et ass eng international Première. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht muss eng Presidentewahl widderholl ginn. Dat éisträichescht Verfassungsgeriicht huet wéinst Irregularitéite beim Ausziele vun de Stëmmen déi knapp Victoire, den 22. Mee, vum grénge Kandidat Alexander Van der Bellen géint de riets-extremen Norbert Hofer annuléiert. Eng gutt Decisioun, mengt den Daniel Schneider.

auto_stories

3 min

Daniel Schneider

Wéi de President vum Verfassungsgeriichtshaff Gerhart Holzinger leschte Freideg d’Uerteel vun der Wahliwwerpréiwung zu Wien virgelies huet, sinn eng Partie Éisträicher fir e puer Sekonnen aus hirem apathesche Fussballmodus erausgefall. D’Mille vun der Demokratie sinn e Gank zeréckgefuer ginn. D’Eelefmeterschéissen tëscht dem rietsradikalen Norbert Hofer an dem Quasi-Gréngen Alexander Van der Bellen muss widderholl ginn.

Eng weider Blamage am Ausland, huet et a villen nationale Medie geheescht. D’Éisträicher sinn den Ament vergläichbar mat de Lëtzebuerger ëm hiren Image beméit. An d’Widderhuelung vun der Presidentewahl kraazt alt nees un der internationaler Renommée vun der Alperepublik.

Déi eenzeg propper Decisioun

Beim Ziele vun de Bréifwahlstëmme sinn a 14 Bezierker d’Enveloppen baussent der Sëtzung vun der Wahlautoritéit opgemaach ginn. Eng Partie Stëmmziedelen, déi net méi erëmfonnt goufen, sinn als net valabel gezielt ginn, an et goufen z.B. Protokoller gefälscht. Et sinn zwar keng tatsächlech Wahlmanipulatioune gemellt ginn, mee alleng d’Méiglechkeet ze manipuléiere geet duer.

Dofir déi ganz Wahl annuléieren ass eng gewoten - a bei enger Presidentewahl bis ewell eenzegaarteg -, awer déi eenzeg propper Decisioun beim knappe Resultat vun der Stéchwahl am Mee. Virun allem ass et den eenzege Wee, fir demokratesch Prinzipien net a Gefor ze bréngen. Wéi de President vum Verfassungsgeriicht Gerhart Holzinger am Uerteel sot: “D’Wahle sinn d’Fundament vun der Demokratie“.

Laisser-Aller an Eisträich hat bis dohin ni Konsequenzen

An dat Fundament gëllt et ze schützen. An d’éisträichesch Justiz huet dat mat dësem Uerteel gemaach an domat op d’mannst d’Vertrauen an de Rechtstaat gestäerkt. D’Vertrauen an den Éisträicher hir Wahlautoritéiten an an de responsabelen ÖVP-Inneministère, par konter, ass méi schwéier nees z’etabléieren. D’Laisser-aller-Attitude ass nämlech näischt Neies, déi gouf et och schonns bei viregte Wahlen an Éisträich, geschitt ass an de leschte Jore kaum eppes.

Et ass dat e weidere vu ville Facteuren, fir de Vertrauensverloscht an d’politesch Institutiounen - wann net an d’Politik allgemeng -, an hei an Éisträich wéi och an anere Länner, an déi etabléiert Parteien. D’Wahlwidderhuelung ass e weideren hausgemaachte Wandstouss an d’Seegelen vun der radikaler Droite. Déi wëssen d’Achillesseen, déi ëmmer méi exposéiert ass, z’instrumentaliséieren. E Wahlsummer, an deem d’Vertrauen an d’politesch Institutiounen an d’Demokratie schmëlzt an d’éisträichesch Gesellschaft weider gespléckt gëtt, dovu kann eng FPÖ nëmme profitéieren.