Radioen

On air

De Moien  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Policereform steet

Fonction Publique

D'Policereform steet

Méi Pouvoire fir d'Police, néi Carrièren, eng territorial Reorganisatioun an een Disziplinargesetz stinn am Mëttelpunkt vun der Policereform. Domat soll de Manktem u Poliziste behuewe ginn. De Gesetzprojet baséiert sech op d'Conclusiounen vum externen Audit deen am Virfeld realiséiert gouf.

auto_stories

4 min

D'Reform soll dem Manktem u Polizisten entéint wierken. (Foto: Bigstock, Joe Dejvice)

De 29 Juli ass de Gesetzesprojet vum Regierungsrot ugeholl ginn. En zentrale Punkt vun der Policereform ass déi territorial Reorganisatioun. An Zukunft ginn et just nach véier amplaz vu sechs Regiounen. Donieft ginn et Changementer fir déi méi kleng Kommissariater.

D'Gemenge mat engem Commissariat de proximité goufen am Virfeld gefrot, ob si bereet wiere fir hire Kommissariat mat engem aneren ze fusionéieren. Veianen, Stengefort a Käerjeng wëllen dat net. Käerjeng a Stengefort schléissen eng Collaboratioun oder eng Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäiten net aus.

Dem Bierger entgéint kommen

D’Majoritéit vun de concernéierte Gemengen huet sech fir eng sougenannte Communauté de commissariats entscheed. D’Gemenge behalen hire Commisariat. Duerch eng Zesummenaarbecht vun den Equippe kënne Patrulle mat op mannst zwee Polizisten assuréiert ginn. Duerch en Zwee-Schichte-System ginn d'Ëffnungszäite besser un d'Besoine vun de Bierger adaptéiert.

Déi 13 Centres d'intervention bleiwen. Si si siwen Deeg op siwen am Asaz.

Donieft gëtt e sougenannte virtuelle Kommissariat agefouert. Hei gëtt mat neie Kommunikatiounstechnologië geschafft fir Demarchen, wéi zum Beispill eng Declaration de perte ze maachen. Dat soll d'Police entlaaschten an de Service um Bierger vereinfachen

Nei Carrièren

Fir méi Police-Beamten ze rekrutéiere gëtt d'Carrière opgewäert. Nei ass d'Carrière B1 fir Leit mat engem Premièresofschloss.

Inspektere kréien d'Méiglechkeet iwwert déi sougenannte Voie expresse an d'Carrière B1 eranzekommen. Am ganze gi 413 Poste geschaaft. 330 vun dëse Poste wiere fir d'Voie expresse reservéiert, esou de Minister vun der Fonction publique Dan Kersch. 66 géingen iwwert de Changement de Carrière besat ginn. Da bleiwen der nach 17 fir de Recrutement externe. All Joer géingen iwwerdeems 10 nei Posten derbäi kommen. "Elo geet et dorëms dës Posten esou séier wéi méiglech ze besetzen", sou den Dan Kersch.

D'Aféiere vun der Carrière A2 um Niveau Bachelor ass eng weider Ännerung, déi duerch d'Police-Reform méiglech gëtt.

D'Regieurng huet och décdieéiert all déi Kandidaten an der Policeschoul unzehuelen, déi den Opnamexamen an d'Tester gepackt hunn. Vun 300 Kandidaten hunn der 157 dëst Joer den Exame gepackt. Am September sinn d'Sportstester an déi medezinesch Evaluatiounen. Parallel géif fir verschidden Aarbechten zivilt Personal rekrutéiert ginn.

D'Section de recherche et d'enquête criminelle gëtt an d'Police judiciaire integréiert. Nieft dem Sëtz an der Stad ginn et dräi Antennen zu Esch, Dikrech a Gréiwemaacher. Gefaart gëtt awer, datt d'Police Judiciaire just an "décken Affairen" enquêtéiert. D'Strategie vun der PJ géing duerch ee Comité d'accompagnement ausgeschafft ginn, seet dozou de Minister fir bannescht Sécherheet Etienne Schneider. De Procureur général de l'Etat géing zesumme mam Comité d'Orientatioun vun der PJ festleeën. "Si hunn d'Kompetenz fir iwwert d'Gesetz d'Prioritéiten ze bestëmmen."

Méi Pouvoire fir d'Police

D'Police kritt an Zukunft d'Recht ouni Grond d'Identitéitspabeiere vun enger Persoun ze froen. Allerdéngs wier dat nëmmen ausnahmsweis méiglech, seet den Etienne Schneider: Et misst vum Generaldirekter vun der Police autoriséiert sinn, "an och nëmmen dann, wann eng konkret Gefor besteet."

Wann et géing drëms goe sensibel Punkten am Land ze protegéieren, géing de Minister d'Autorisatioun ginn. "D'Decisioun vum Minister ass awer nëmmen zéng Deeg gülteg." Duerno kéint se zwar erweidert ginn, mee dat misst vum Regierungsrot erlaabt ginn, esou den Etienne Schneider. Dës Mesürë sollen d'Rechter vun de Bierger ze garantéieren. Dat selwecht gelt fir d'Fouille vun Autoen.

Den Etienne Schneider seet, datt weider nei Mëttel am Gesetzprojet virgesi sinn. Elo wieren och Fouillë vu Gebaier méiglech. Am Katastrophefall kéinte Requisitioune gemaach ginn. "An enger graver Situatioun kann d'Police och Geschäfter zoumaachen."

Reorganisatioun vun der Generalinspektioun

D'Inspection générale de la Police kritt méi Onofhängegkeet. Déi Polizisten déi decidéiere bei d'IGP ze goen, däerfen dono net méi zréck an d'Police. Dëst soll Interessekonflikter verhënneren.

D'Diszplinargesetz gëtt iwwerdeems geännert. Nëmmen nach de Generaldirekter kéint eng Affaire disciplinaire declenchéieren, erkläert d'Staatssekretärin Francine Closener. "Bis elo konnt all Chef hierarchique dat maachen." De Pouvoir de sanction géing beim Minister a beim Generaldirekter leien.

De Gesetzprojet steet. Elo ass et un de Gewerkschaften d'Avisen ze formuléieren. Do géing mat Affekoten zesummegeschafft ginn, seet de President vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier. An da géing et ëm d'Detailer goen. "Dat gëtt komplizéiert", fäert de Pascal Riquier. Am September sollen d'Diskussiounen ëm d'Konzept vun der Police judiciaire ufänken.