Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi entsteet Radikaliséierung?

Jonk IS-Kämpfer

Wéi entsteet Radikaliséierung?

Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, d'Belsch a Lëtzebuerg: och aus Westeuropa reesen ëmmer rëm jonk Leit a Syrien an an den Irak fir sech der Terrormiliz Islamesche Staat unzeschléissen. D'Sich no Komerodschaft a sozialer Gemeinschaft spillt do eng Roll.

France Ewen / ckl

auto_stories

4 min

Radikaliséierung geschitt net nëmmen iwwer Internet

De Berodungservice PROventioun aus dem däitsche Bundesland Schleswig-Holstein huet zënter Mee dëst Joer schonn 18 Fäll vu Radikaliseierung vu Jonken oder Verdacht dorop betreit. Et géife vill Elteren sech beim Service mellen – eng positiv Entwécklung an den Ae vum Tobias Meilicke, dee bei PROvention am däitsche Kiel aktiv ass, engem Programm géint reliéisen Extremismus.

Et wiere virun allem Jonker, déi sech vum sougenannten Islamesche Staat ugeschwat fillen, seet den Tobias Meilicke. Déi jonk Leit géingen no Gebuergenheet, Unerkennung an engem Gemeinschaftsgefill sichen. Deelweis wiere si selwer diskriminéiert ginn a wéilten zu enger staarker Grupp gehéieren, en Zesummenhalt dee si an hirem Ëmfeld net hätten. Dowéinst wieren si ufälleg fir salafistesch Gruppen, well déi mat genee dësen Elementer lackelen.

Radikaliséierung iwwer Internet, mee net nëmmen

Iwwer Gruppe wéi den Islamesche Staat klammen déi Jonk dann an déi salafistesch Ideologie eran. "Dës Ideologie berout op eng bipolare Weltbild, eng Welt an där et just nach schwaarz a wäiss gëtt. Vun do aus radikaliséieren déi Jonk sech da souwäit, datt si bereet si fir dëst bipolart Weltbild ze kämpfen, dat heescht fir déi 'gutt' Moslemen a géint alles wat deem entgéint steet", erkläert den Tobias Meilicke.

Ouni Zweiwel ass den Internet eng vun den Haaptsourcen, iwwert déi den Islamesche Staat seng Propaganda verbreet a probéiert vill Leit ze erreechen. Mee d’Radikaliséierung, géing net alleng iwwert d'Netz geschéien, dovun ass den Tobias Meilicke iwwerzeegt. "Fir radikal ze ginn, muss een direkt ugeschwat ginn. Jugendlecher déi no Unerkennung sichen a net direkt ugeschwat ginn, duerch perséinleche Kontakt, radikaliséieren sech an de mannste Fäll", seet den Expert. Der Associatioun PROvention si just ganz wéineg Fäll bekannt vu Jonker déi doheem um Computer radikaliséiert goufen.

"Islamesch liewen, ouni jugéiert ze ginn"

Eng Rei vun de Jugendlechen déi sech radikaliséiert hunn wiere vun der "reliéiser Romantik vum IS" ugezunn. Déi Analys mécht den däitschen Islamwëssenschaftler Jörn Thielmann, vum Erlanger Zentrum für Recht und Islam in Europa. Si hätten d'Gefill eppes géint d’Ongerechtegkeet an der Welt kënnen a mussen ze maachen. Nieft jonke Männer fillen sech och ëmmer méi Frae vum islamesche Staat ugezunn. De Jörn Thielmann ass ëmmer rem dovun iwwerrascht. Gläichzäiteg stellt hie fest, datt och si kämpfe wëllen, oder einfach d'Gefill brauchen, islamesch liewen ze kënnen, ouni jugéiert ze ginn. "Dat heescht mat Kappduch oder och mat Niqab, also Gesiichtsschleier, dat heescht och een islamesche Mann ze hunn, an einfach als Muslima respektéiert ze sinn".

De Jörn Thielmann ënnersträicht, datt d’Positioun vum Islamesche Staat absolut näischt mam Islam a senge Valeuren ze dinn hätt. Bis elo kéint een zum Deel observéieren, datt et keng grouss reliéis Bildung bei de Jugendleche géing sinn, déi sech dem IS uschléissen. Bei der Propaganda vun der Terrormiliz géing en detailléiert theologescht Wëssen allerdéngs och net op éischter Platz stoen, och wann d'Religiositéit wichteg wier. "Doru gëtt a radikaliséierte Kreesser gemooss ob eppes richteg oder falsch ass", seet de Jörn Thielmann.

"Moslemen als Matbierger gesinn"

Wat also maache fir der Unzéiungskraaft vu radikale salafistesche Gruppen entgéint ze wierken? Fir den Islamwëssenschaftler misst een den Elementer mat deenen den IS lackelt, also ënner anerem Komerodschaft an enk sozial Netzwierker, eppes entgéint setzen. Dozou géingen ähnlech enk solidaresch, mee net radikal, Relatioune gehéieren, allerdéngs och realistesch Zukunftsvisiounen.

Fir den Tobias Meilicke vu PROvention fänkt d’Aarbecht awer op engem aneren Niveau un, nämlech matzen an der Gesellschaft. "Déi westlech Gesellschaft muss d'Moslemen als Matbierger gesinn. Islamophobie ass nach ëmmer en Thema an eise Gesellschaften, do muss een Ëmdenke geschéien", mengt den Tobias Meilicke. Moslemesche Jugendleche misst ee méi Angeboter maachen, an, wann néideg, Leit zur Säit stellen déi hinnen hir Froe beäntweren.