Xavier Bettel D'Relance vun der europäescher Iddi

D'Relance vun der europäescher Iddi: dat ass graff resüméiert den Inhalt vun den aktuellen Diskussiounen op europäeschem Niveau. Am Mëttelpunkt: d'Sécherheet, d'Investissementer an d'Jugend. No enger Entrevue zu Paräis hunn de franséische Staatspresident François Hollande an de Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel och nach emol e klore Kalenner verlaangt, fir d'Lancement vun de Verhandlungen iwwert de Brexit.

François Aulner / cwi

Accueil
De Xavier Bëttel mam François Hollande. Foto: Présidence de la République Française / J.Bonet

D'aktuell Ongewëssheet, déi duerch de Brexit-Referendum vum 23. Juni entstan ass, géing virun allem Groussbritannien selwer schueden, mee och der EU, huet de Xavier Bettel widderholl. Et wier dem Premier no och net an der Rei, wa London sech fir d'Zukunft dat erauspickt wat ëm gefält. "Virdru waren se bannent der EU a wollte lauter opt-outs. Elo si se dobaussen a wëlle lauter opt-ins", esou de Xavier Bettel. Groussbritannie wéilt nëmme vun de Virdeeler vun der EU profitéieren.

"An den Ënnerscheeder staark sinn"

D'Relance vun der europäescher Iddi, déi stäipt sech op d'Verdéiwung vun der Unioun op dräi Haaptachsen: d'Amplifikatioun vun den d'Investissementer a vum Juncker-Plang, d'Jugend an d'Mobilitéit an, wéi et schéngt virun allem, d'gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik.

Mengt de Premier dann, datt d'EU-Memberstaaten sech mat hire grousse Meenungsverschiddenheete bei kriddelege Froe kennen Eens ginn? "Dass mer eis Eens sinn, ech wëll keng Kultur vun 28, déi di selwescht ass", äntwert de Xavier Bettel. D'Stäerkt vun Europa léich och an den Ënnerscheeder, "Mir hu gemeinsam Feinden an déi musse mir och gemeinsam bekämpfen." Och d'Baussegrenze misste gemeinsam Regelen hunn.

Zu Bratislava de 16. September, a virdrun an duerno, gëtt preparéiert wéi d'EU d'nächst Joer soll fonctionnéieren. Et wier elo nach ze fréi fir iwwert Traités-Ännerungen ze schwätzen. "Mir musse kucken, ob dat wat mir hu fonctionnéiert oder net", seet de Xavier Bettel. Verschidde Saache géingen awer den Ament net fonctionnéieren. "Et gëtt Eurolänner, et gëtt Net-Eurolänner, et gëtt Schengen-Länner, et gëtt Net-Schengen-Länner." Et ass wichteg do ze verdéiwen, wou et gemeinsam besser géing goen.

Fir d'Bierger do sinn

Dem Xavier Bettel no, wier d'EU awer net just Finanz, mee och Soziales a Valeuren. "D'EU, dat ass net nëmme Sue maachen." D'EU wier fir d'Bierger do, net nëmme fir d'Betriber an d'Geschäfter. "Et ass d'Libertéit. Och d'Fräiheet déi ophält, do wou deem Aneren seng ufänkt"

Um 70. Anniversaire vum Traité vu Roum d'nächst Joer, wier et wichteg, datt d'europäesch Unioun gutt fonctionnéiert. Dofir misst een nei Methoden an d'Ae faassen, och wann dës dem Premier no zu dësem Zäitpunkt nach Hypothees sinn. "Dofir hunn ech nach déi Echangë mat enger Rei Kollegen déi nächst Deeg", sou de Xavier Bettel.

Relance vun Europa - Bäitrag vum François Aulner

Méi zum Thema

Pabeier Schëffercher mat europaëschem a britesche Fändel Dossier
Austrëtt vu Groussbritannien

Artikele ronderëm den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU.

Reding-Turmes
Brexit

D'Viviane Reding an de Claude Turmes begréissen d'Iddi vun engem Käreuropa ronderëm d'Grënnungsmemberen. Sécherheet, Wirtschaft a Soziales missten am Mëttelpunkt vum europäesche Projet stoen.

RER Brexit.JPG
RIICHT ERAUS

Lëtzebuerg kéint vum Brexit profitéieren - dat gouf an der Emissioun "Riicht eraus" däitlech. D'Onsécherheeten, déi mam Austrëtt zesummenhänken, kéinten awer negativ fir d'Staatsfinanze sinn.

Jean-Claude Juncker.jpg
Jean-Claude Juncker

No den Attentater zu Bréissel plaidéiert de Kommissiounspresident fir eng "Unioun vun der Sécherheet". Mat Aktionismus hätt dat näischt ze dinn. De Jean-Claude Juncker hofft op méi Solidaritéit bannent der EU.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen