Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radikalismus am Bréisseler Quartier Molenbeek

Attentater vu Paräis

Radikalismus am Bréisseler Quartier Molenbeek

D'Enquête ëm d'Paräiser Attentater riicht de Bléck ënnert anerem op de Bréisseler Quartier Molenbeek. Zwee vun den Attentäter si vun do, d'Police huet eng Razzia an deem vu sozio-economesche Problemer gezeechente Wunnvéierel organiséiert. Allgemeng gëllt Molenbeek als eng europäesch Héichbuerg vum radikalen Islam, an déi d'Spuer vun enger Partie rezenten terroristeschen Attacke gefouert huet.

auto_stories

3 min

De Kanal, dee Molenbeek vum Zentrum vu Bréissel trennt

D’Attack am Mee d'lescht Joer op de jüdesche Musée vu Bréissel grad ewéi de verhënnerten Ugrëff op den Thalys-Zuch tëschent der belscher Haaptstad a Paräis am August: All Kéiers gouf et e Lien mat Molenbeek. Trotz allem dierft een net jiddereen an een Dëppe geheien, seet de Pierre Vercauteren, Politolog op der Université catholique de Louvain (ULC).

Molenbeek wier net deen eenzegen defavoriséierte Quartier vu Bréissel oder anere belsche Stied. Wat dee Quartier auszeechent beschreift de Vercauteren als eng "spezifesch Alchemie tëschent sozio-economeschen Elementer vu politescher Dimensioun, an dann och eng Dimensioun, déi mat Persounen ze dinn huet".

Offiziell Vertrieder vum Islam a méi fundamentalistesch Gruppen

An där Gemeng westlech vum Bréisseler Stadzentrum wunnt eng grouss moslemesch Communautéit. Medien hiewen den iwwerduerchschnëttlech héije Chômagetaux vun 30 Prozent ervir. Eng Rei Persounen hätte sech mat radikalen Islamisten a Frankräich a Verbindung gesat, deelweis och iwwer sozial Netzwierker, sou de Professer vun der UCL.

"Parallel zu offizielle Vertrieder vum Islam gëtt et zu Molenbeek inoffiziell Reunioune vu méi fundamentalistesche Gruppen. Doraus ergi sech 'bouillons de culture', déi isoléiert vun hirem Milieu liewen". Dem Pierre Vercauteren no wier et ëmsou méi schwéier, radikaliséiert Persounen ze detektéieren.

"Extremismus- a Radikalismuskriibs heele bräuch Zäit"

Fir den Alain Destexhe, liberalen Deputéierten am Bréisseler Regionalparlament, misst zu Molenbeek fir d'éischt emol d'Integratiounspolitik verbessert ginn. Ween an der Belsch wunnt misst sech un d’Wäerter vun der Demokratie halen, dorënner de Respekt vun deenen aneren, d'Fräiheet an d'Toleranz.

"Eng gewëssen Zuel vu Leit bekenne sech zu engem ganz anere politesche Projet, ee politesch-reliéise Projet, deen um Fanatismus, um Rejet vum anere baséiert", sou den Destexhe. Et wier schwiereg a géif vill Zäit an Usproch huele fir d'Belsch "vun deem Extremismus- a Radikalismus-Kriibs ze heelen, deen eng Rei Stied a Quartiere prägt".

Liberale Politiker mécht 20 Joer sozialistesch Gestioun verantwortlech

Molenbeek gëtt zënter 2012 vun enger liberaler Buergermeeschterin geleet. Bis dohi waren d'Sozialisten 20 Joer laang un der Muecht. Den Alain Destexhe, dee regelméisseg duerch polemesch Aussoen op sech opmierksam mécht, schwätzt vun engem schwierege politeschen Ierwe fir déi aktuell Majoritéit.

Während zwee Joerzéngten hätt ee Ghettoen entstoe gelooss, an deene sech Leit radikaliséiert hätten. D'Problemer hätten déi politesch Responsabel ignoréiert. Molenbeek an aner Quartieren hält de Politiker vum liberale Mouvement réformateur (MR) fir eng "cocotte-minute".

Molenbeek ähnlech wéi Clichy-sous-Bois

Nieft den Autoritéite vu Molenbeek wieren och d'Bréisseler Regioun an de belsche Federalstaat gefuerdert, seet de Politolog Pierre Vercauteren. Des weidere misst d'Cooperatioun tëschent EU-Memberstate wéi Frankräich an der Belsch, zum Beispill am Justizberäich, verstäerkt ginn.

D’Situatioun zu Molenbeek kéint een deelweis mat där a franséische Viruerter wéi Clichy-sous-Bois vergläichen. Quartieren, an deene sech radikal-islamesch Tendenzen entwéckelt hunn, sollten awer eenzel analyséiert ginn. D'Mesure misste geziilt op déi spezifesch sozio-economesch Problemer ausgeriicht ginn, erkläert de Vercauteren.

Läuschtert de Baitrag vum France Ewen: