Radioen

On air

Thé Dansant  |  Joe Cocker - Space Captain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Sproochepolitesch Fuerderunge si symbolesch Fuerderungen"

Lëtzebuerger Sprooch

"D'Sproochepolitesch Fuerderunge si symbolesch Fuerderungen"

D'Fuerderunge vun der Petitioun ëm d'Lëtzebuerger Sprooch wieren onrealistesch, fënnt de Fernand Fehlen. D'Petitioun fuerdert d'Aféiere vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch a Nationalsprooch. Fir dat ëmzesetze wier d'Sprooch net developpéiert genuch, seet de Sproochesoziolog.

auto_stories

4 min

Fir de Fernand Fehlen ass d'Petitioun konfus.

D'Sproochepetitioun adresséiert dem Fernand Fehlen no ee Malaise an der Gesellschaft. "An der Sproochpraxis gëtt et ee groussen Decalage tëscht der Sproochpraxis an deem, wat an de Käpp vun de Leit ass." D'Gesellschaft a besonnesch d'Politik hätten et bis ewell net fäerdeg bruecht, dësen Decalage unzegoen. Dofir hätt d'Petitioun esou vill Succès, mengt de pensionéierte Soziolog. Bis ewell ass den Text iwwer 12.000 ënnerschriwwe ginn.

De Fernand Fehlen kritiséiert d'Petitioun: Si wier konfus a jidderee kéint seng Virstellungen an den Text projezéieren. Dat géing erklären, firwat besonnesch op de sozialen Netzwierker eng deels friemefeindlech Polemik ëm den Text entflaamt wier. "Ech hunn d'Revendicatioune vun der Petitioun bis elo net verstanen", esou de Fernand Fehlen.

Lëtzebuergesch net developpéiert genuch

D'Petitioun fuerdert ënnert Anerem eng Gesetzgebung op Lëtzebuergesch an d'Aféiere vum Lëtzebuergeschen am Enseignement. Och offiziell Communiquéë sollen op Lëtzebuergesch verschéckt ginn. Fir de Fernand Fehlen sinn dat keng realistesch, mee symbolesch Fuerderungen. Si wiere net realisabel, schonn eleng dowéinst, well d'Lëtzebuerger Sprooch dofir net entwéckelt genuch wier. D'Sprooch wier net voll ausgebaut. "An dat ass net, wéi op de Facebooksäiten diskutéiert gëtt, datt d'Orthografie muss kloer sinn an datt een an engem Wuert muss véier oder fënnef 'e' schreiwen."

Lëtzebuergesch wier eng jonk Sprooch, déi eréischt an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert entstane wier. D'Sprooch hätt kee Vokabulär, dee genee definéiert wier an et géif am Lëtzebuergesche keng Fachsprooch, also keng legislativ oder wëssenschaftlech Sprooch ginn. Dofir ass et dem Soziolog no zum Beispill guer net méiglech, Gesetzer op Lëtzebuergesch ze schreiwen. "Et geet net duer, datt d'Leit am Bistro Lëtzebuergesch kënnen oder datt si à peu près schreiwe kënnen." Fir datt een iwwerhapt doriwwer diskutéiere kéint, eng Legislatur op Lëtzebuerg anzeféieren, misst an d'Sprooch investéiert ginn. "Da kann ee vläicht a 40 bis 50 Joer eng Gesetzgebung op Lëtzebuergesch maachen."

De Fernand Fehlen setzt sech selwer zënter Jore fir den Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch an. Rezent huet hien zum Beispill an engem Forum-Artikel stellt hien d'These vun enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch als Zukunftsprojet op. Et misst ee sech awer froen, ob dat an der haiteger, globaliséierter Welt néideg wier. D'Fachsprooch, also zum Beispill d'Wëssenschafts-oder Legislatiounssprooch, misst net d'Nationalsprooch sinn, esou de fréieren Enseignant op der Uni Lëtzebuerg.

Paroli bidden

De Fernand Fehlen betount, den Debat ëm d'Lëtzebuerger Sprooch wier speziell: An enger Zäit, an där d'Nationalsproochen am gaange wiere sech opzeléisen, wier d'Lëtzebuergesch an enger historescher Period ukomm, an där d'Sprooch weider ausgebaut géif ginn. Dobäi wier et awer falsch ze mengen, datt et jeemools e gëllent Zäitalter vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn hätt. An dozou misst sech am politeschen Debat bekannt ginn, fuerdert de Fernand Fehlen. "Wann iergendwellech Populiste kommen, déi dat behaapten, da muss een deene Paroli bidden."

D'Politik kéint de Sproochendebat net ausklameren an de Soziolog ass sech sécher, datt d'Sproochen en Thema bei de nächste Wahle wäerte sinn. Dat géing de Succès vun der Petitioun beweisen. "Wann déi grouss Parteien et net fäerdeg bréngen, sech ze positionéieren, riskéieren si, datt eng aner Partei entsteet." Oder datt d'ADR méi Erfolleg mat hire sproochepoliteschen Aussoen hätt.

D'Lëtzebuerger Schoul, eng Sproochefaal?

Den aktuelle Sproochemodell gesäit et fir, datt d'Lëtzebuergesch bei de Kanner gestäerkt gëtt, si op Däitsch alphabetiséiert ginn an da Franséisch léieren. Dat wier net richteg, fënnt de Fernand Fehlen. D'Lëtzebuerger Schoul wier op Lëtzebuerger Kanner zougeschnidden a Net-Lëtzebuerger hätte keng Chance. "Iwwer d'Hallschent vun de Kanner am Primär si keng Lëtzebuergesch Mammesproochler. Fir si ass et eng Sproochefaal."

Kee Kand vu sechs Joer kéint dräi Sprooche gläichzäiteg léieren, ënnersträicht de Sproochesoziolog. Hie fuerdert, datt d'Lëtzebuerger Schoul restrukturéiert gëtt. Dat wier awer schwéier, well de politeschen Debat vun den Enseignantslobbye gedroe géif ginn. Dofir géif ganz séier gesot ginn, et wier een neoliberal, wann ee géif eng Sproochendiversifizéierung fuerderen. "D'Enseignantslobby ass eng grouss Lobby."

De Fernand Fehlen gouf op sozialen Netzwierker opgrond vu senge sproochepoliteschen Aussoe perséinlech viséiert a seng Kompetenze goufen a Fro gestallt. Seng wëssenschaftlech Aarbechte wieren unerkannt, seet dozou de pensionéierten Enseignant fir Soziologie a Soziolinguistik. "Facebook entscheet net iwwer meng wëssenschaftlech Qualifikatiounen."


De Lucien Welter, deen d'Petitioun 698 lancéiert huet, huet sech vun der friemefeindlecher Polemik distanzéiert, déi ëm den Text entstanen ass.

Am 100,7 Interview sot hien, datt hien d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg net wéilt a Fro stellen. Hie sot donieft, datt hie keng politesch Ambitiounen hätt.

Interview mam Lucien Welterplay_arrow

D'Petitioun gëtt matgedroe vun der Initiativ "Nee 2015 - Wee 2050", déi aus der Referendumsdebatt ervir gaangen ass. De Lucien Welter betount awer, d'Initiativ hätt him zwar uganks gehollef, mee hie géing net méi mat der Initiativ zesummeschaffen.

Communiqué vu "Nee 2015 - Wee 2050"